· 

Breaking: De Premier huet eisen Artikel gelies

Den neie Luc ännert elo ALLES

Luxembourg Jungle huet via Insider Informatiounen iwwer dem neie Luc seng Ried zur Lag vun der Natioun kritt. Hei ee kuerzen Ausbléck, wat op d'Land duerkënnt.

Fotomontage: De Premier Minister sëtzt viru sengem Computer a kuckt op d’Säit "Luxembourg Jungle" mat der Glosse "Kriselogik zu Lëtzebuerg". Eng Spriechblos seet: "Dat gëtt eng Ried mat vill ‘Mir kucken’."
▲ De Premier virun senger Ried zur Lag vun der Natioun. "Mir kucken" werd dominéieren

Et ass esou wäit: De Premier Luc wäert haut Mëtteg an der Chamber seng Ried iwwer d’Lag vun der Natioun halen. A mir kënnen iech soen: Hien huet eisen Tripartite‑Artikel gelies an sech d'Recommandatiounen zu Häerz geholl.

Wéi mir aus Insider-Kreesser gewuer goufen, wäert hien haut – ganz sécher – folgend Punkten annoncéieren:

  • De STATEC gëtt reforméiert: Amplaz "transitoire" an "incertain" ze soen, mussen se ab elo kloer Sätz benotzen: "Mir hunn d'Situatioun net am Grëff."
  • D’Grafike vum Wirtschaftsministère gi vun elo un nëmme mat kompletten Donnéeën publizéiert. Wann et keng Donnéeë gëtt, gëtt och keng Grafik gemaach. (Dëst wäert d’PowerPoint‑Industrie schwéier treffen.)
  • D’NATO‑Pipeline gëtt offiziell ëmbenannt an: "Pipeline fir de Kérosène vun äre Vakanzeflich" – ausser d’NATO brauch e wierklech.
  • D’Regierung erkennt un, datt russesche Gas net ophält russesch ze sinn, just well en duerch d’Belsch schwëmmt.
  • D’Tripartite kritt en neien Objet: Net méi "Konsequenzen offiederen", mee "Ursaachen eliminéieren". (Dëst wäert fir Onrou am Regierungsrot suergen.)
  • D’Prioritéite ginn nei gesat:

- 300 € Mindestloun: ✅ "Natierlech."

- Logement: ✅ "Selbstverständlech."

- D’Indextranche: ✅ "Kënnt direkt."

- 4,5 Milliarden € fir d'NATO: ❌ "Keng Suen do."

- Weider Milliounen fir d'Ukrain: ❌ "Mir kucken."

- D'Suen, déi fir Waffen an d'Arméi virgesi waren, ginn integral an d'Educatioun, de Logement an an d'sozial Ofsécherung gestach. 

  • D’Regierung erkennt offiziell un, datt d’Land gläichzäiteg am Krisemodus an am Vakanzemodus ass – an dofir gëtt d’Ried zur Lag vun der Natioun vun elo un all Joer op Malle gehalen.
  • D'Luxair kritt Ministère‑Status, well si méi fir d’national Moral mécht wéi all Ministère an Tripartite zanter 1974.

Zum Schluss wäert de Premier soen:

"Ech hunn d’Satir gelies. Ech hunn alles verstanen. Ech maachen et elo richteg."

Ma d'Land gleeft et eréischt, wann d'Indextranche net méi "transitoire" ass an den neie Luc net nees an d'Muster vum ale Luc zréckfällt.


Kommentar schreiben

Kommentare: 0