· 

Fräi. Domm. A glécklech.

Bloalgen? Mir dach egal!

Ech sinn dragaangen. Well ech et kann. Well kee mir seet, wéini Waasser geféierlech ass. Also, ech soen et direkt: Ech hunn et gemaach. Ech sinn haut, de 14. Juni 2025, moies fréi um 6:42 Auer an de Stauséi gesprongen - trotz de Bloalgen. Well d'Waasser och meng Fräiheet ass. D'Regierung ka mir villes verbidden, awer net mäi Wonsch, mech selwer ze vergëften.

Ech war gutt virbereet: Mäi Waasserthermometer huet 17,2°C ugewisen - komplett ongënschteg fir Algen. Ausserdeem war ech ekipéiert: Schwammbrëll an eng kleng Fläsch "alternativ Medezin géint Waasserpanik" - et weess ee jo ni.

Duerno hunn ech d’Waasserqualitéit op meng bewäerte Method getest: en Téisäckelchen an en Energiesteen aus menger Medikamentskëscht. Et war alles am "grénge" Beräich. Um Wee fir an d'Waasser hunn ech dem Schëld, op deem "Baignade interdite" stoung, de Mëttelfanger gewisen. An dunn: eran an déi blo-gréng Britt. Wonnerbar! E bësse gréngelzeg, jo. Awer dat ass Chlorophyll, oder? Natur pur. Bioalgen.

Ech hunn näischt gespuert – ausser engem liichten Zéien am Bauch, awer dat kéint och vum Grillfest vu gëschter Owend gewiescht sinn. Mäin Immunsystem fillt sech super un. A wann ech awer e puer Gëftstoffer sollt erwëscht hunn - kee Problem. E Liter Krunnewaasser, zwou Paracetamol, an Netflix reegelen dat.

Ech sinn immun, well ech als Kand aus Pill mat Kauzekäpp gedronk hunn. An ech sinn net aus Zocker.

Hashtag #FreedomToFloat

Bloalgen, oder Cyanobakterien, si souwisou eng Erfindung vun der Pharmaindustrie, fir dass mer méiglecht vill Vitaminn-D-Tablette solle kafen. En Online-Expert war gëschter mat der Rutt um Sau fir d'Gëftlimit ze bestëmmen. Et war alles an der Rei.

Wann et iwwerhaapt Bloalgen am Stauséi sollte ginn, da goufen se vun der Regierung absichtlech ausgesat, fir d'Schwëmmer aus der schéiner Géigend ze verdreiwen an ewech ze halen. Awer drénke solle mir d'Waasser aus dem Stauséi ouni eis Gedanken ze maachen?! Leit, net mat mir! Ech loosse mech net veraarschen!

Nom Schwammen hat ech Kappwéi an de Schësser, awer dat war definitiv wéinst dem Vollmound. Oder wéinst der Hysterie an de Medien. An trotz mengem 39,2°C Féiwer, hunn ech et fäerdeg bruecht, de perfekte Selfie mat Sonnebrëll op Instagram ze posten – ënnert dem Hashtag #FreedomToFloat. Dir hutt nach näischt vun der Protestbeweegung #FreedomToFloat héieren? Dausende Leit hunn sech schonn ugeschloss. Eise Protest riicht sech géint d'Verbuetspolitik vun der Regierung. Wéi mer déi Gréng endlech lass waren, hu mer geduecht, et wier eriwwer mat der Verbuetspolitik. Mee d'Schwammverbuet am Stau beweist dach genee de Géigendeel. De Wand vun der Wourecht bléist der Regierung elo riicht an d'Gesiicht – direkt aus dem Stauséi, liicht gëfteg, awer hefteg.

just de bloen Himmel, deen sech am Waasser spigelt

Fir mech ass dës blo-gréngelzeg Couche am Waasser wéi Energie, direkt aus dem Biotop.

Ma si mer éierlech: Dat mat deene Bloalgen ass just en Trick, fir eis de Spaass am Summer ze verdierwen, an den Ëmsaz vun de Piscinnen an d'Luucht ze dreiwen. D'Experten si souwisou all kaaft – vun Nestlé, fir datt mer och geschwë fir d'Schwammen am Stau musse bezuelen!

Ech sinn iwwerzeegt: Den Hype mat de Bloalgen ass weider näischt wéi Panikmaacherei. Just well e puer Billioune gëfteg Mikroben am Waasser ronderëm schwammen, sollt een net an de Stauséi goen? Déi blo Faarf ass just de bloen Himmel, deen sech am Waasser spigelt.

Wann ech muer sollt mat Ausschlag, Féiwer a rouden Aen erwächen, weess ech op d'mannst: Ech war fräi. Fräi. Domm. A glécklech. A keng Regierung ka mir dat ewechhuelen. Nach net.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0