Artikel mit dem Tag "Stauséi"



Fräi. Domm. A glécklech.
Gestëppels · 14. Juni 2025
Ech sinn dragaangen. Well ech et kann. Well kee mir seet, wéini Waasser geféierlech ass. Also, ech soen et direkt: Ech hunn et gemaach. Ech sinn haut, de 14. Juni 2025, moies fréi um 6:42 Auer an de Stauséi gesprongen - trotz de Bloalgen. Well d'Waasser och meng Fräiheet ass. D'Regierung ka mir villes verbidden, awer net mäi Wonsch, mech selwer ze vergëften.

#Satir | Meeschter vun der Doudangscht
Gestëppels · 25. August 2024
Eist schéint Éislek, d'Géigend vun der Erhuelung an der Rou, wou souguer illegal Rave-Partyen mat exemplarescher Lässegkeet akzeptéiert ginn. Dëse Weekend haten d'Awunner vu Béiwen déi grouss Freed, zesumme mat 300 dynamesche Raver, eng gratis elektronesch Symphonie ze genéissen. A wat seet eis Police Grand-Ducale dozou? Déi huet et genoss!