Hu Geiere méi Sënn fir Kultur wéi mir?
Eng Lieserin vu Luxembourg Jungle huet dës Fro opgeworf, nodeems si am Online-Magazin Slate en Artikel iwwert Relikter aus vergaangenen Zäiten, déi an den Näschter vu Baartgeieren am Süde vu Spuenie fonnt goufen. Och wann dës Fro wuel éischter als Provokatioun gemengt ass, kann een der Lieserin nëmme Recht ginn.
A Spuenien hu FuerscherInnen aussergewéintlech archeologesch Relikter, wéi mëttelalterlech Sandalen, Textilien a souguer Waffen, an de Näschter vu Baartgeieren fonnt. Och wann d'Geieren, déi hier Näschter iwwer Generatiounen notzen an ausbauen, dës Fundstëcker net aus engem kulturhistoreschen Interessi, mä éischter aus rengem Pragmatismus zesummegedroen hunn, hu se dach méi Verantwortung gewisen, wéi eis PolitikerInnen. Déi loossen zwar "präventiv" no archeologeschen Relikter sichen, mä nëmmen fir se dann, nodeems d'Pressefoto gemaach ass, nees zouzeschëppen. Fräi no der Devise: Hols der Geier!
Den Artikel an der Publikatioun Slate vum 5. Oktober 2025 geet am Detail op dës erstaunlech Découverte an: Viru 675 Joer huet iergendeen eng Sandal aus Planzefaseren verluer. E Baartgeier huet se an d’Grott, a säin Nascht bruecht. Do blouf s‘erhalen – konservéiert duerch dat killt, dréchent Mikroklima. Haut ass d'Sandal en archäologesche Schatz. An si ass net eleng: Iwwer 200 Artefakte goufen an zwielef Näschter fonnt.
Leider gehéiert Lëtzebuerg net zum Ausbreedungsgebitt vum Baartgeier, deem sai Status weltwait als "quasi menacé" gëllt. Di eenzeg Geieren, déi mir hei hun - an net ze knapps - daat sinn d'Profitgeieren. Si schengen och beim Ëmgang mat deem, wat ënnert eise Féiss läit, d'Heft an der Hand ze hunn.
Wéi de neien Direkter vum INRA (Institut national des recherches archéologiques) am Mäerz um Radio 100,7 erkläert huet, gëtt no de préventiven Ausgruewungen quasi systematesch – jo bal scho reflexarteg – “dokumentéiert zerstéiert“, an de Wee fir d’Bauprojeten ass dann zum Gléck fräi.
Vläicht brauche mer manner Archäologen, a méi Geieren – déi konservéieren, ouni et ze wëssen.
Och interessant:





Kommentar schreiben