· 

Äddi a Merci

Wéi d’Zentralbank d’Réi an d’Monarchie veréiwegt, ier se verschwannen

Am Joer 2025 huet d’Banque centrale du Luxembourg zwou Mënzen erausginn, déi méi gemeinsam hunn, wéi et op den éischte Bléck schéngt. De Grand-Duc Henri krut seng 250 €-Goldmënz fir säi 25. Trounjubiläum. Kuerz drop huet hien ofgedankt. D’Rei krut hir 5 €-Sammelmënz, kuerz ier et offiziell zum Staatsfeind Nummer 1 erkläert gouf.

D'Bild weist op der lénkser Säit eng Mënz vun der Banque centrale du Luxembourg op där ee Réi an ee Réikitz gravéiert ass. Op der rietser Säit ass d'Titelbild vun der Satir op Luxembourg Jungle mam Mot d'ordre "All zweet Réi muss ofgeschoss ginn!!"
▲ Äddi a Merci. Ier d'Aktioun Réivernichtung lassgoung, gouf d'Réi nach séier op enger Mënz vun der Zentralbank veréiwegt.

D’Lëtzebuerger Zentralbank huet bei der Presentatioun vun der Mënz mam Réi geschriwwen:

"d'Réi ass eng wichtig Déierenart an eisen europäesche Bëscher.“

Et géif een et "u sengem laangen Hals" erkennen, géif sech "de Bëscher, Ebenen a Felder upassen“, an et wier "nach ëmmer heefeg vertrueden."

A weider: "Fir dëst natiirlecht Gläichgewiicht ze erhalen, ass eng streng Bewirtschaftung néideg.

Streng Bewirtschaftung. Dat ass net just e Forstbegrëff, dat ass de mot d’ordre vun der "Operatioun Réivernichtung“. Op der Konferenz am Abrëll 2025 zu Lëntgen gouf et kloer formuléiert: "All zweet Réi muss ofgeschoss ginn!!“ – mat zwee Ausrufezeichen, wéi et sech fir eng richteg PowerPoint-Presentatioun gehéiert.

D’Zentralbank veréiwegt also, wat d’Politik ofschaaft. D’Rei kritt eng Mënz, a gëtt duerno eliminéiert. De Grand-Duc Henri gëtt op enger Mënz veréiwegt, ier e kuerz drop ofgedankt. Béid verschwannen. D’Mënz bleift.

D'Bild weist eng Mënz vun der Banque centrale du Luxembourg vum Grand-Duc Henri, déi kuerz viru senger Ofdankung am Oktober 2025 erauskomm ass. Am Hannergrond gesäit een de Palais grand-ducal.
▲ Mënz vun der Zentralbank mam Grand-Duc Henri kuerz viru senger Ofdankung am Oktober 2025.

Zu Lëtzebuerg gëtt een net einfach ofgesat oder ofgeschoss. Et gëtt ee veréiwegt, da verschwënnt een. An deem Sënn ass d’Zentralbank net just eng monetär Institutioun, si ass de kulturelle Kurator vum Ausstierwen.

D'Mënz mam Réi ass e Sammelstéck fir déi, déi d’Natur léiwer am Portmonni hunn, well am Bësch gëtt et geschwë keng méi. Si ass eng kleng, ronn Gedenktafel fir dat, wat am Bësch eliminéiert gëtt, ee numismatesche Noruff, am Stil vun: "Äddi a Merci".


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0