· 

LSAP vs. CSV

Mir grillen se

Et war ee vun deenen Deeg, wou d'Land normalerweis nëmmen zwou Saache mécht: Grillen, oder sech doriwwer opreegen, datt d'Nopere grillen. Ma den CSV-Fraktiounschef huet nach eng drëtt Variant: hie léisst sech beim Grille filmen. A wärend dem Grillen reegt hien sech iwwer d'LSAP op. "Mir grillen se", seet hien, an hält seng Grillzaang martialesch an d'Kamera. Et war net ganz kloer, wien hie mat "se" gemengt huet. D'LSAP? D'Kritiker vun der CSV? D'Fakten? D'ILRES-Ëmfroen? Oder einfach d'Merguez, déi um Grill läit. Am Zweiwel gëllt: alles kann ee grillen, wa kee genee weess, wat gemengt ass.

Split-Bild: Taina Bofferding mat hirem Hond a Sprechblos iwwert den onbeléiften Premier, riets de Laurent Zeimet mat enger Grillzaang a Sprechblos "Mir grillen se" beim Grillen.
▲D'Taina Bofferding (LSAP) géint de Laurent Zeimet (CSV). Resultat: Ee martialesche Wénk mat der Grillzaang. "Keen Hond. Deen onbeléifste Premier ever." – "Mir grillen se."

Ausgangspunkt vun der Aktioun war eng Ausso vun der LSAP-Fraktiounsspriecherin Taina Bofferding, déi op der Bilan-Pressekonferenz vun de Sozien gesot hat "d'Onbeléiftheet vum Premier läit net dorun, datt hie kee Hond huet", an och Lëtzebuerg hätt deen "onbeléifste Premierminister ever".

Dem CSV-Fraktiounschef seng Äntwert ass op alle Fall symbolesch staark: "Mir grillen se." Et stellt sech nämlech net just d'Fro, wat de Zeimet mat "se" mengt, mee och: wat kënnt als nächst, wann de politischen Débat sech elo op Grillmetaphere reduzéiert?

Well wou et dämpt, ass bekanntlech Feier.

Äntwert d'LSAP demnächst mat: "Mir flambéieren se."

An d'CSV: "Mir marinéieren se."

D'LSAP: "Mir spiessen se op."

CSV: "Mir dréinen de Spiess ëm."

D'LSAP: "Mir loossen se an hirem eegene Saaft brutschelen."

D'CSV: "Mir klappen se weech."

D'politescht Kachbuch schéngt op eemol méi Iddien ze hunn wéi de politesche Programm.

Wat wuel den CSV-President a Premierminister Luc Frieden zu deem ganzen Theater seet? Wa mer bei der Regierung géifen nofroen, wier d'Äntwert wuel: "Kee Kommentar." Keng Distanzéierung, keng Bestätegung. Vläicht, well et näischt ze soen gëtt. Vläicht, well een als Parteipresident net all Aussoen vun der eegener Fraktioun kommentéiere muss. Oder vläicht, well einfach näischt soen och eng Aart Äntwert ass: Qui tacet, consentire videtur. (Wee näischt seet, schéngt zouzestëmmen.)

Fir e Premier, dee sech gär sachlech a staatsmännesch gëtt, ass dat eng ongewéinlech Zréckhalung, wa säi Fraktiounschef ëffentlech mat der Grillzaang op d'Oppositioun lassgeet.

An iergendwann, wann d'Land genuch Videoe gesinn huet, kënnt vläicht den entscheedende politesche Message: "Lo ginn se gläich zerwéiert."

Bis dohinner bleift d'Grillzaang den neien Zepter vun der chrëschtlech-sozialer Monarchie. A mir, d'Bierger, kucken deem Spektakel no a froen eis, ob d'Politik sech net lues a lues selwer grillt, bei mëttlerer Hëtzt, ouni Deckel, mat vill Damp, a mat engem Flapp Moschter.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0