· 

Zoustand stabill… um Pabeier

Wéi en denkmalgeschützte Bauerenhaff et bis an d’Chamber gepackt huet,  nodeems en zesummegefall war

Den Bauerenhaff vun Enscherange, klasséiert als nationalt Kulturierwen, ass trotz offiziellem Schutzstatus zesummegefall. Den Deputéierten Marc Goergen huet eng parlamentaresch Fro un de Kulturminister gestallt, fir d’Responsabilitéiten ze klären. D’COPAC hat de Bau als "gutt Beispill vum ländleche Ierwen" klasséiert. D’Gemeng hat gewarnt, de Ministère gekuckt, ma d’Scheier hat keng Gedold méi. Elo gëtt d’Affär an der Chamber diskutéiert.

Illustratioun vum Bauerenhaff vun Enscherange als Patient: zwee Baxteren, ee mat "Kommunalem Schutz", een anere m "Nationale Schutz" sinn un d’Gebai ugeschloss. Virdrun de Kulturminister Eric Thill an eng Spriechblos "Zoustand stabill… um Pabeier."
▲ De Kulturminister muss sech erklären.

De Bauerenhaff vun Enscherange huet et endlech gepackt: nodeems d’Scheier agefall ass, ass d‘Affär elo och an der Chamber ukomm.

Den Deputéierten Marc Goergen huet eng parlamentaresch Fro gestallt, fir ze klären, firwat e denkmalgeschütztent Gebai fir d’éischt zesummefale muss, fir dass en Opmierksamkeet. Konkret wëllt den Deputéierte vum Kulturminister wëssen, wéi et ka sinn, datt e Gebai, dat offiziell ënner Schutz steet, ouni Schutz do steet.

D’COPAC (Commission pour le patrimoine culturel) hat proposéiert, de Bau, als “gutt Beispill vum ländleche Ierwen“ ze klasséieren, wat am Juli 2024 geschitt ass.

Den Daach an d’Mauere vun der Scheier haten dat net verstanen.

D’Gemeng hat gewarnt. 

De Ministère hat gekuckt. 

D’Scheier hat keng Gedold.

An elo ginn an der Chamber Froen gestallt, déi d’Scheier net méi beäntwere kann. Mee si ass jo geschützt. Um Pabeier.

👉 D’Parlamentaresch Fro am Originaltext fannt dir hei.

👉 D’Scheier fannt dir… net méi.


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0