De Bauerenhaff vun Äischer, klasséiert als nationalt Kulturierwen, ass trotz offiziellem Schutzstatus zesummegefall. Den Deputéierten Marc Goergen huet eng parlamentaresch Fro un de Kulturminister gestallt, fir d’Responsabilitéiten ze klären. D’COPAC hat de Bau als "gutt Beispill vum ländleche Ierwen" klasséiert. D’Gemeng hat gewarnt, de Ministère gekuckt, ma d’Scheier hat keng Gedold méi. Elo gëtt d’Affär an der Chamber diskutéiert.
Zënter dem 3. Juli 2024 steet deen 250 Joer ale Bauerenhaff zu Äischer (Enscherange) an der Gemeng Kiischpelt ënner Denkmalschutz. Mä amplaz a neiem Glanz ze erstalen, mutéiert en ëmmer méi zu enger zerbriechlecher Ruin.