Artikel mit dem Tag "Denkmalschutz Lëtzebuerg"



Zoustand stabill… um Pabeier
Patrimoine · 09. Januar 2026
De Bauerenhaff vun Äischer, klasséiert als nationalt Kulturierwen, ass trotz offiziellem Schutzstatus zesummegefall. Den Deputéierten Marc Goergen huet eng parlamentaresch Fro un de Kulturminister gestallt, fir d’Responsabilitéiten ze klären. D’COPAC hat de Bau als "gutt Beispill vum ländleche Ierwen" klasséiert. D’Gemeng hat gewarnt, de Ministère gekuckt, ma d’Scheier hat keng Gedold méi. Elo gëtt d’Affär an der Chamber diskutéiert.

Wéi aus engem Hochscheunenhaff en Ohne-Scheunenhaff ginn ass
Gestëppels / piques · 31. Dezember 2025
Dës Kiischpelter Geschicht erzielt mat Humor a Satir, wéi aus engem stolzen Hochscheunenhaff lues a lues en "Ohne-Scheunenhaff" ginn ass. Et ass eng Erzielung iwwer Verfall, Verantwortung an déi kleng administrativ Absurditéiten, déi jidderee kennt: vill Pabeier, vill Verspriechen. D’Geschicht verbënnt lokal Kultur, ländleche Patrimoine an eng gutt Portioun Schildbürger-Humor. Eng fräi erfonnten Erzielung, déi awer erstaunlech vill mat der Realitéit ze dinn huet. E Schutz, deen näischt schützt.