D'Reegelen, déi jidderee verdeedegt, mee keen definéiere kann
Et war erëm d'Zäit, wou d'Welt sech zu München getraff huet, fir kollektiv ze erklären, datt mer a grousser Gefor sinn. Lëtzebuerg war mat gläich zwee Ministeren op der Münchner Sécherheetskonferenz vertrueden, wou normalerweis iwwer Krich, Sécherheet an déi berühmt-berüchtegt "reegelbaséiert Uerdnung" geschwat gëtt. D'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an den Ausseminister Xavier Bettel hu Lëtzebuerg vertrueden.
Am Virfeld vun der Konferenz huet de Xavier Bettel mat engem philosophesche Statement op sech opmierksam gemaach:
"In einer instabileren Welt bedeutet die Verteidigung der regelbasierten internationalen Ordnung auch, unsere eigene Handlungsfähigkeit und Sicherheit zu stärken. Dialog und Diplomatie (…) sind wichtiger denn je."
An d'Arméiministesch Yuriko Backes leet nach eng Schëpp no:
"Wir erleben geopolitische Umwälzungen, und die regelbasierte internationale Ordnung wird infrage gestellt."
Ma, wat ass dann dës reegelbaséiert Uerdnung, déi mir do sou resolut verdeedegen?
Wat huet et mat där mysteriéiser Uerdnung op sech?
Jidderee schwätzt dovun. Déi reegelbaséiert Uerdnung ass een onsichtbart Reegelwierk, dat anscheinend jidderee kennt, awer nach kee gesinn huet. Si gouf net beschloss, net ënnerschriwwen an och net verëffentlecht. Si ass einfach do. Wéi en Naturgesetz, just ouni Natur an ouni Gesetz. Si ass esou offiziell, datt se ganz ouni Pabeierkrom auskënnt.
D’Reegele gëllen ëmmer, ausser wann se net gëllen. An si gëlle fir s’alleguer, ausser fir déi, déi s’erfonnt hunn. Dat mécht se sou universell.
Munchereen traut sech vläicht ze froen: Ween huet déi reegelbaséiert Uerdnung dann iwwerhaapt erfonnt?
Offiziell: d’international Gemeinschaft.
Inoffiziell: e puer westlech Staaten, déi sech selwer "international Gemeinschaft" nennen, wann se ënnert sech sinn.
Ob e Land dës Reegele verletzt, erkennt een dorun, datt et deene widersprécht, déi behaapten, datt et dës Reegele ginn. E Land, dat d’Reegelen anhält, widersprécht net.
Reegelen, déi kee kennt, mee jidderee respektéiere muss
Als klengt Land vergöttert Lëtzebuerg déi reegelbaséierter Uerdnung. Reegele si sécher. Reegele si stabil. Eng reegelbaséiert Uerdnung verhënnert, datt ee vun senge Verbündeten iwwert den Dësch gezunn, ausgenotzt oder souguer iwwerfall gëtt.
Grouss Länner hunn déi reegelbaséiert Uerdnung och gär, well si déi sinn, déi d'Reegele festleeën. Oder ofschafen. Oder nei interpretéieren. Oder behaapten, datt se ni existéiert hunn. Je no Kontext. An dat maan se mat enger Begeeschterung, déi ee nëmme bewonnere kann.
MSC: d'Joreskonferenz vun de Reegelen
Besonnesch d'Participanten vun der Münchner Sécherheetskonferenz sinn äifreg Verfechter vun dësen onsichtbare Reegelen, well se do all Joer op en Neits proklamméiere kënnen, datt déi reegelbaséiert Uerdnung a Gefor ass. Dat ass wichteg, well ouni Gefor géif et keng Konferenz, an ouni Konferenz géif et keng Ministeren, déi besuergt an d’Kamera kucken.
Dëst Joer waren d'Aen op den US Ausseminister Marco Rubio geriicht. Jiddereen huet drop gewaart, datt hien endlech erkläert, wat fir eng Reegelen et ginn. Ma, de Marco Rubio ass den Europäer zwar iwwert de Kapp gefuer an huet mat Säz wéi "We will always be a child of Europe" Applaus a souguer Standing Ovation kritt, huet awer dono just ganz dréchen erkläert, wat fir eng Reegelen elo net méi gëllen. Eng Zort diplomatesch Bestandsopnam. Zum Schluss huet hien nach "Yesterday is over" an de Raum gehäit, woufir en op en Neits vill Applaus krut, obwuel keen esou richteg wousst, ob dat eng Annonce, eng Drohung oder eng philosophesch Erkenntnis war.
Gëtt et d’Reegelen iwwerhaapt nach?
Dofir bleift d'Fro aktuell: Gëtt et déi reegelbaséiert Uerdnung nach? D'Äntwert ass meeschtens: Jo.
Mee wat geschitt, wann een no de Reegele freet?
Da gëtt een drop higewisen, datt et sech net ëm Regelen handelt, mee ëm Wäerter. Wann een no de Wäerter freet, geet et op eemol ëm Prinzipien. Wann een no de Prinzipie freet, geet et ëm eis Liewensweis an eis Kultur. A wann een no der Liewensweis freet, kritt een ze héieren, et géing ëm d'Zukunft vun der Zivilisatioun. An do gëtt d'Gespréich normalerweis ofgebrach, well méi héich geet et net.




Kommentar schreiben