E satireschen Text iwwer d'Regierungsargumentatioun zu de Spritpräisser: Fir d'Reserven ze schützen, soll de Sprit deier bleiwen – och wann d'Lëtzebuerger mëttlerweil a Frankräich tanke ginn. Eng humorvoll Analyse vun enger Logik, déi ouni weideren an d'Kategorie "Realsatir" passt.
Vun eisem Korrespondent Ben Sinn.
Et war erëm d'Zäit, wou d'Welt sech zu München getraff huet, fir kollektiv ze erklären, datt mir a grousser Gefor sinn. Lëtzebuerg war mat gläich zwee Ministeren op der Münchner Sécherheetskonferenz vertrueden, wou normalerweis iwwer Krich, Sécherheet an déi "reegelbaséiert Uerdnung" geschwat gëtt. D’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an den Ausseminister Xavier Bettel ware fir Lëtzebuerg zu München.