är pensiouN. eis munitioun.
Wärend d'Regierung dem Land erkläert, mir bräichten dréngend eng Pensiounsreform (also Verschlechterungen), well d'Reserven ofhuelen, fléissen Honnertemilliounen Euro aus der Rentereservekees an d'Waffenindustrie. Glécklecherweis gëtt ethisch investéiert, erkläert d'Sozialministesch Deprez. Et gëtt kee Geld a Phosphorbommen gestach. Uff! A Streebommen? Vläicht. Mee doriwwer schwätzt een net.
Op alle Fall freet sech Rheinmetall iwwer eis Rentebeiträg - als Finanzsprëtz fir déi nächst Granatenexplosioun. Wann d'Pensiounen eis net retten, da vläicht den nächste Leopard 2.
Tjo, am mir waren ëmmer sou naïv an duechten, de Pensiounsfong wär do fir eis Zukunft ze spueren, net fir d'Täsche vun de Waffefabrikanten ze fëllen.
RTL huet doriwwer bericht: https://www.rtl.lu/news/national/a/2311971.html
Kommentar schreiben