Artikel mit dem Tag "Waffenindustrie"



Pensiounsfong
Gestëppels · 11. Juni 2025
Wärend d'Regierung dem Land erkläert, mir bräichten dréngend eng Pensiounsreform (also Verschlechterungen), well d'Reserven ofhuelen, fléissen Honnertemilliounen Euro aus der Rentereservekees an d'Waffenindustrie. Glécklecherweis gëtt ethisch investéiert, erkläert d'Sozialministesch Deprez. Et gëtt kee Geld a Phosphorbommen gestach. Uff! A Streebommen? Vläicht. Mee doriwwer schwätzt een net.

Autos zu Rüstung
Krich & Fridden · 07. März 2025
Den Dokter Hans Christoph Atzpodien, Generaldirekter vum "Bundesverband der Deutschen Sicherheits- und Verteidigungsindustrie", huet de 5. Mäerz 2025 de revolutionäre Programm "Autos zu Rüstung" virgestallt.

#Satir - Explosiv Gewënner
Gestëppels · 12. August 2024
An dëse glorräichen Zäiten, kënne mer frou sinn, datt d'Rüstungsindustrie boomt wéi ni virdrun. D'Waffenindustrie huet et effektiv fäerdeg bruecht, d'Welt e bëssen "méi sécher" ze maachen, andeems se dofir suergt, datt ëmmer genuch Waffen am Ëmlaf sinn fir de "Fridden" ze garantéieren.