· 

Patriotismus als Schoulfach gefuerdert

Mini-Lëtzebuerger vum Fléissband

Steet Lëtzebuerg virun enger pädagogescher Revolutioun? Wee gehofft hat, d’Schoulen kréichen endlech méi Personal an d’Klassenzëmmer wären endlech manner voll, huet sech geiert. Rieds geet vun enger Petitioun mat bis elo ganzer 62 Ënnerschrëften – also quasi d’Passagéierzuel vun engem Bus – déi fuerdert, datt d’Kanner an der Grondschoul eng Stonn d’Woch Patriotismus agetriichtert kréien.

Véier Kanner mat faarwege Spriechblosen, déi de Saz "Ech sinn elo offiziell zertifizéierte Mini‑Lëtzebuerger" bilden. Satirësch Illustratioun zu der Debatt iwwer Patriotismus als Schoulfach an der Grondschoul.
▲ D'Produktiounslinn vun de Mini‑Lëtzebuerger: zertifizéiert, faarweg, a mat staatlech approuvéiertem Heemechtsgefill.

Endlech! D'Kanner léieren dann dat, wat wierklech wichteg ass: Wéi een d'Heemecht gär huet, an dat an der pädagogesch korrekter Doséierung.

Dat fuerdert de Ruslan Oleg Hackenberg a  senger Petitioun.

D'Stonn fänkt natierlech mat engem Ritual un: Fändel erop, d'Nationalhymn sangen, d'Hand op d’Häerz – a lass! Duerno gëtt kontrolléiert, ob d'Kanner och richteg stolz ausgesinn. Net ze vill, net ze mann – just déi staatlech recommandéiert Quantitéit u Patriotismus.

An der zweeter Lektioun kréien d'Kanner da liewenswichteg Kenntnisser bäibruecht:

– Wéi halen ech de Fändel richteg, ouni datt en ëmfält? De Reebou-Fändel ass selbstverständlech tabu.

– Wéi sangen ech d'Nationalhymn, och wann ech den Text net kennen? Dat nennt een déi offiziell akzeptéiert Murmelversioun vun der Heemecht.

– Wéi hunn ech d'Land gär, och wann ech d'Einmaleins mol nach net richteg kann?

- Wéi schreiwen ech "Lëtzebuerger" richteg a wéi vermeiden ech "Letzeboier"?

An der drëtter Lektioun ass eng Prüfung: "Mol däi Liiblingssymbol vu Lëtzebuerg."

D’Kanner molen:

– eng Fritt,

– eng Mettwurscht,

– eng Bank,

– een huet de Roude Léiw rosa ugestrach.

Den Här Läärer oder d'Joffer schreiwen alles op, well dat kënnt op d'Zensur stoen.

A fir déi, déi sech froen, ob Lëtzebuerg mat esou engem Fach net e bëssen exotesch wierkt: Nee! Mir reien eis domat an déi exklusiv Gesellschaft vun deene Länner an, wou d'Kanner schonn an der Spillschoul léieren, wéi een sech zu der Heemecht bekennt: China, Russland, Tierkei, Südkorea, Japan, an natierlech d’USA mat hirem "Pledge of Allegiance" all moies um 8, engem alldeeglechen Eed op d'Natioun an de Fändel.

D’Petitioun seet natierlech, datt dat näischt mat Nationalismus ze dinn huet. A wou hier! Dat ass Patriotismus.

Den Ënnerscheed? Ganz einfach: Nationalismus ass schlecht, Patriotismus ass datselwecht – just anescht verpaakt.

Dat ginn interessant Diskussiounen um Elterenowend: "Äert Kand huet eng Datz kritt, well et de Fändel ëmgedréint gehalen huet."

Oder d’Bemierkung op der Zensur: "Äre Bouf huet nach ëmmer nëmmen 40 % Patriotismus. Mir recommandéieren en Intensiv-Cours oder Nohëllefsstonnen an der Disziplin Heemecht.“

A wann d’Kanner dat alles packen, kréien se hiren Certificat:

Mini-Lëtzebuerger – Niveau 1.

Niveau 2 ass d’Heemecht auswenneg kënnen.

Niveau 3 ass d’Steiererklärung.

D'Zukunft vum Land ass domat geséchert: vill Fändel, vill Heemecht, an eng Generatioun, déi léiert, wéi een d'Land gären huet, ouni ze froe, firwat. Eng Generatioun, déi alles huet, ausser d'Fäegkeet, selwer nozedenken. Mee dat ass jo och net am Léierplang virgesinn.


Kommentar schreiben

Kommentare: 0