· 

Nei Reklammenaktioun vun der Arméi

PRETT – fir eng Missioun, déi keen interesséiert

Zanter dem 29. Mee 2026 fuere Bussen duerch d'Land, op deenen eng Reklamm fir d'Arméi pecht. En Zaldot. E Kampfgewier. An d'Fro, déi eis all beschäftegt: "PRETT fir iwwer dech erauszewuessen?"

Ech hu laang iwwer dëse Saz nogeduecht. Méi laang wéi virgesinn, ech ginn et zou.

Fotomontage vun engem Bus mat enger Arméi‑Reklamm. Uewen de Slogan "PRETT – mee d'Jugend ass PRETT fir Fridden, net fir d'Front". Nieft dem Zaldot eng Spriechblos: "Ech sichen nach 598 Kollegen". Satiresch Kritik un der Recrutementskampagne.
▲ Reklamm um Bus: PRETT fir d’Propaganda.

Den Zaldot op der Foto knéit do, Gewier ugeluecht, den "Ennemi“ am Viséier. Mee säi Gesiicht? Vermummt. Verschwonnen. Keng Aen, déi dech ukucken. Kee Mond, deen dech iwwerzeegt. Just e Kampfhelm, eng Mask, an d'Wuert "PRETT" a fette, giele Buschtawen. Et ass déi perfekt Rekrutementsaffiche fir… kee Mënsch unzeschwätzen.

D'Campagne suggeréiert "Komm!" – mee weist kee Gesiicht, deem een nogoe soll. Normal, datt keng Rekrute sech mellen. D'Arméi sicht Mënschen, mee si weist alles, wat net no Mënschlechkeet ausgesäit.

"Iwwer dech erauswuessen": Wéi ee Slogan d'Arméi soll retten

Am Sport wiisst een iwwer sech eraus, wann een eng Leeschtung bréngt, déi keen erwaart hat.

Am Beruff wuesse mer iwwer eis eraus, wann een eng Verantwortung iwwerhëlt, déi ee sech virdrun net zougetraut hätt.

A bei der Arméi?

Do heescht "iwwer sech erauswuessen" eppes anescht. Do bedeit et: Du wiiss iwwer dech eraus, well s du net méi du bass.

Konkret:

Du wiiss iwwer dech eraus, well s du funktionéiere muss, ier s du iwwerhaapt erwächt bass. Um véier Auer moies, am Reen an am Bulli, mat engem Rucksak, dee méi schwéier ass wéi deng Laun an deem Moment.

Du wiiss iwwer dech eraus, well s du méi Pompelen maache muss wéi däi Kierper demokratesch gewielt huet. Deng Muskelen hu NEE gestëmmt. D'Arméi huet de Veto ageluecht.

Du wiiss iwwer dech eraus, well s du Befeeler ausféiers, déi logesch gesi kee Sënn erginn, mee militäresch obligatoresch sinn.

An um Enn – an do gëtt et philosophesch – wiiss du iwwer dech eraus, well s du bereet bass, op aner Mënschen ze schéissen. Net aus Roserei. Net aus Haass. Mee well de Staat et verlaangt, well et fir d'NATO normal ass, a well s du an der Tëschenzäit eng Versioun vu dir gi bass, déi s du bal net méi erëmerkenns.

D’Arméi mécht aus de Rekruten eng aner Perséinlechkeet. Dat ass net metaphoresch. Dat ass d'Produkt.

Du gees eran als du. Du kënns eraus als "PRETT".

Prett fir wat?

D’Arméi wiisst iwwer sech eraus – mat engem Loun, deen endlech um Minimum ukomm ass

De Basissold gouf am Mäerz 2026 ëm 530 € de Mount erhéicht, fir endlech mam onqualifizéierte Mindestloun gläichzezéien.

"Iwwer sech erauswuessen" heescht hei also: erofkommen op d'Basis.

52 nei Rekrute goufen am Januar 2026 vereedegt. 52. Bei engem Zil vun 650. Dat sinn ongeféier 8 Prozent.

Dat ass net eng Arméi. Dat ass eng Klassefriess an enger Pizzeria.

"PRETT" ass do vläicht dee falsche Slogan.

"NACH LAANG NET PRETT" wier méi éierlech gewiescht, mee ech verstinn, datt dat op engem Bus net esou gutt ausgesäit.

D’Groussregioun als Talentpool

Fir d'Lach ze fëllen, huet d'Chamber am Januar 2026 e Gesetz gestëmmt, dat et och Net‑Lëtzebuerger an Net‑Résidenten erlaabt, sech als Zaldot ze mellen.

Mir wuessen also net nëmmen iwwer eis selwer eraus – mir wuessen iwwer eis Grenzen eraus. Am wierkleche Sënn vum Wuert.

Lëtzebuerg geet an d'Groussregioun fëschen, wéi mer dat scho fir Infirmièren, Chauffeuren, Caissièren a Serveuren a sou weider maachen.

Den Zaldot vun der Zukunft kënnt warscheinlech vun Diddenuewen, Arel oder Tréier.

PRETT – mee net fir d'Front.

#prett – PRETT fir näischt

Wann een op Social Media op den Hashtag #prett klickt, kritt een net d'Arméi.

Net Rekruten. Net Uniformen.

Mee Fotoe vu Veräinsfeieren, Sportsevenementer a Leit, déi hire Weekend genéissen.

D'Algorithmen hunn d'Arméi net erkannt. D'Jugend och net.

D'Kasär ass jo och keng Start‑up.

D’Campagne ass prett. Just d’Leit net.

E User op Facebook huet geschriwwen: "Dës Campagne ass u Geschmackslosegkeet net ze iwwertreffen."

Ech géif et e bëssen anescht formuléieren:

Si ass PRETT. PRETT fir ze weisen, datt d'Jugend léiwer lieft wéi stierft.

Wann d'Jugend wierklech prett wier, fir ze kämpfen an ze stierwen, da géif se sech mellen. Mee si mellt sech net. An dat ass déi éierlechst Garantie, datt d'Land nach ëmmer léiwer Fridden huet wéi Helden.

De Bus fiert weider.

Den Zaldot ouni Gesiicht huet den "Ennemi" am Viséier.

An d'Rekruten?

Déi bleiwen doheem – PRETT, mee fir eppes anescht.

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Jan Nottrot (Mittwoch, 17 Juni 2026 07:56)

    Ass Krichshetz erlaubt?