An engem Kommentar, deen un Absurditéit kaum ze iwwerbidden ass, bezeechent d' "Wort" d'Friddensbewegung als “naiv” an erkläert se als déi gréisste Gefor fir eis Sécherheet. Anscheinend ass et hautdesdaags geféierlech, fir Diplomatie a Fridden ze plädéieren - eng Erkenntnis, op déi wuel nëmmen en intelligente Kapp aus der "Wort"-Redaktioun komme konnt.
Am Krich stierft bekanntlech d'Wourecht mat als éischt. Déi liberal, ukrainesch Deputéiert Lesia Vasylenko wollt extra schlau sinn wéi si d'Foto vum 8 Joer jonken Mark op Twitter gepost huet, dee scheinbar grad ee russeschen Rakéitenugrëff iwwerlieft soll hunn.