· 

Zensur duerch Algorithmus

Wa Meta-KI d'Satir net erkennt

Den 18. August 2025 hu mir op eiser Facebook-Säit Luxembourg Jungle e satirëscht Bild gepost, mat enger kloer deklaréierter Quellenangab an engem ironesche Kommentar: "D’Pilgerfahrt der Willigen: Wee freet sech am meeschten, wann d’Treffen eriwwer ass?" E satirische Kommentar, wéi eis Lieserinnen a Lieser e säit Jore kennen. Ma META gesäit dat anescht.

Ma Meta huet dat anescht gesinn. Laut enger automatiséierter Analys duerch e sougenannte "Faktenchecker“ handelt et sech bei eiser Fauxto ëm ee "Fake“. D'KI huet huet dat, laut Meta, anscheinend un de Féiss an de Been vun de Persounen um Bild erkannt.

Eis Erklärung, datt et sech ëm Satir géif handelen, gouf ignoréiert. D'Bild gouf gelöscht. Eis Reklamatioun gouf bannent Sekonne refüséiert. Zusätzlich gouf d'Visibilitéit vun eiser Säit erofgestuft an se gëtt net méi recommandéiert, huet META matgedeelt.

Wat bleift? En Algorithmus an eng KI, déi d'Satir net erkennen. Eng Plattform, déi keng Ironie toleréiert. An eng Decisioun, die weist, wéi wéineg Raum digital Systemer fir Tëschentéin loossen.

Mir bleiwen dobei: Satir ass kee Fake. Si ass ee Spigel.

Ma heiansdo gefällt deem engen oder deem aneren dat Spigelbild eben net. Satir ass gesond Kritik. An déi ass méi wéi jee néideg.

Wéi laang dauert et, bis Meta och dës Foto als Fake deklaréiert?

▲ D' "Koalition der Willigen" beim Gang op Canossa.
▲ D' "Koalition der Willigen" beim Gang op Canossa.

Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0