Nodeem mir eis Satir an eisen 30-Sekonne-Clip iwwer d'Rekrutéierungscampagne "PRETT" vun der Lëtzebuerger Arméi publizéiert hunn, krute mir ee Message vu Meta geschéckt.
Den 18. August 2025 hu mir op eiser Facebook-Säit Luxembourg Jungle e satirëscht Bild gepost, mat enger kloer deklaréierter Quellenangab an engem ironesche Kommentar: "D’Pilgerfahrt der Willigen: Wee freet sech am meeschten, wann d’Treffen eriwwer ass?" E klore satirische Kommentar, wéi eis Lieserinnen a Lieser e säit Jore kennen. Ma META gesäit dat anescht.