Wéi d'Geschicht zu Biermereng dokumentéiert an duerno begruewe gëtt
Net wäit ewech vun der bronzener Maus Ketti, déi mat erhuewenem Zeigefanger zum Nodenken ureegt, gruewen Archäologen am Bulli. Si stoussen op eng réimesch Villa mat engem Buedhaus, Heizungssystem an engem Kallekuewen. An op 126 Merowingergriewer mat Waffen, Bijouen an hëlzene Särg. D'Entdeckung ass "spektakulär", seet den INRA (Institut national de recherches archéologiques).
Ma zu Biermereng gëtt net nëmme gegruewen, neen. Et gëtt och direkt nees begruewen, zougeschott. Dat nennt sech "präventiv Archäologie" – d’Wëssenschaft vum Verhënneren. D’Konscht, d’Geschicht ze retten, fir se net retten ze mussen. Net d’Geschicht gëtt gerett, mee de Baustopp. D'Archéologie préventive: mir gruewen op, mir fotograféieren, mir triéieren an dokumentéieren – an da schëppen mer nees zou. D'Geschicht gëtt begruewen, well se stéiert. Schliesslech sollen op där Plaz 13 Haiser entstoen.
Natierlech ass déi réimesch Villa net Deel vum "Lëtzebuerger Patrimoine". Si gouf virun 1867 gebaut – dat heescht virum Traité vu London, ier et de Grand-Duché iwwerhaapt gouf, also virun der Zäitrechnung vun der Bautekommissioun. Alles wat méi al ass wéi d'Natioun ass am beschte Fall dekorative Buedem. D'Merowinger mat hire Griewer a Waffen? Eng Krichsdreiwer-Elitt, déi een haut als "net integréierbar" qualifizéiere géif. Hir Skeletter, Schwäerter, Lanzen an Dolchen sinn net kompatibel mat deem, wat haut "Op der Uet" geplangt ass.
Mat der Archélologie préventive ass et e bësse wéi mam Regierungskonzept vun der "Natur auf Zeit": Et gëtt geschützt, awer net ze laang, just sou laang bis de Bagger kënnt.
Beim INRA weist ee sech "beweegt", ma d'Gesetz iwwert "Präventivarchäologie" gëtt virbildlech ëmgesat.
D'Maus Ketti sëtzt roueg niewendrun. Si huet vill gesinn: Kanner, Geschichten, Monumenter. Awer sou vill Geschicht beieneen, dat geet iwwert hiren Horizont eraus. Zum Gléck ass si aus Bronze. Si schwätzt net. Si stéiert net. Si passt perfekt an d’Planung.
Zu Lëtzebuerg hu mir souwisou genuch Kulturierwen. Mir kënnen eis daat leeschten, eppes zouzeschëppen.
A Frankräich géife se d'Villa an e Musée ëmwandelen. An Däitschland géif eng UNESCO-Ufro agereecht ginn. An der Belsch en EU-Projet mat zweesproocheger Beschëlderung. Zu Lëtzebuerg maache mer Plaz fir Wunnengen. Fir Wuesstem. An d'Maus Ketti, déi roueg zoukuckt, wéi d'Geschicht zougeschott gëtt.
D'kulturellt Ierwen ass wichteg, soulaang et net am Wee steet. D’Geschicht ass wäertvoll – soulaang se net méi deier ass wéi de Quadratmeter.
Kommentar schreiben