Eng Partei, déi vun der Aarbechterbewegung an d’Management-Etage geplënnert ass
D’Lëtzebuerger sozialistesch Arbechterpartei, déi de Premierminister gären drop hiweist, datt hien sech zum CEO vu Lëtzebuerg ernannt hätt, kéint sech selwer ee klengen Internal Audit gënnen.
RTL huet gemellt, datt de "Parteimanager" vun der LSAP gekënnegt huet. Jo, richteg gelies: Parteimanager. Eng Partei mat engem Manager — dat ass wéi eng Duerfépicerie mat engem Verwaltungsrot.
De Kapitalismus gëtt also net méi mat Idealismus an Iwwerzeegung bekämpft, mee mat engem Top‑Management, engem Middle‑Management an engem Lower‑Management, mat deem wuel déi normal Memberen gemengt sinn, déi schéi brav hire Beitrag an d’Betribskeess abezuelen.
Dat nennt een Innovatioun! Endlech eng Partei, déi sech traut, d’Logik vun der fräier Maartwirtschaft konsequent ëmzesetzen, fir se duerno ze kritiséieren.
Mat engem Management ass et natierlech vill méi einfach:
Decisiounen huelen? → de Management.
Kontroll? → de Management.
Planifikatioun? → de Management.
Schold am Fall vun engem Échec? → och de Management.
Déi gewielte Mandatäre kënnen sech endlech op dat konzentréieren, wat wierklech zielt: d’Zukunft vum Sozialismus op Flipcharts molen, wéi et sech fir eng modern Aktiegesellschaft gehéiert.
Geduecht gëtt bei der LSAP just nach vu Quartal zu Quartal, oder besser: vun Ëmfro zu Ëmfro. Sinn d’Zuele schlecht, gëtt restrukturéiert. Sinn se ganz schlecht, gëtt eng Taskforce gegrënnt. An wann näischt méi hëlleft, gëtt de Markennumm poléiert, bis e glänzt wéi e Wahlverspriechen an enger Héichglanzbroschür, déi keen interesséiert.
D'LSAP ass also net méi eng Partei, mee eng S.A. – Sozialistesch Aktiegesellschaft.
Mat engem Verwaltungsrot, engem Audit‑Komitee an engem Risk‑Management, dee sech virun allem ëm d'Gefor vun engem schlechten Ilres‑Resultat këmmert. D'Risike vun der Aarbechterklass sinn dobäi Out of Scope.
D’Reunioune sinn och keng politesch Versammlunge méi, mee Quarterly Business Reviews.
Do gëtt net méi iwwer sozial Gerechtegkeet diskutéiert, mee iwwer:
- Brand Awareness,
- Stakeholder Engagement,
- Key Performance Indicators,
- an déi wichtegst Fro: "Wéi kënne mer eis Memberen als Customer Journey verstoen?"
D'Partei huet och hiren eegene Mission Statement: "Mir setzen op eng holistesch, zukunftsorientéiert Approche, fir déi sozial Kohäsioun duerch innovativ, synergetesch a resilient Léisungen ze stäerken."
An anere Wierder: Mir wëssen net genee, wat mer maachen, mee et kléngt no vill.
An natierlech gëtt et och eng Vision 2030: "D'LSAP positionéiert sech als dynamesch, agile a purpose‑driven Organisatioun, déi d’Wäerter vun der Aarbechterbewegung an engem kompetitiven, globaliséierten Ëmfeld nei definéiert."
Dat heescht am Fong: Mir probéieren, net nach méi Stëmmen ze verléieren.
D'Memberen, déi fréier mat Iwwerzeegung an d’Partei agetruede sinn, ginn haut als Engagement Units gefouert.
Si kréien eemol d'Joer eng Employee Satisfaction Survey, wou se kënnen uginn, ob se:
- "e staarke Purpose spieren",
- "d'Leadership Approche als inspiréierend empfannen",
- oder "den Transformatiounsprozess als effizent genuch ugesinn".
D'Resultater ginn duerno an engem Dashboard visualiséiert, dat keen esou richteg versteet, mee dat professionell ausgesäit — an dat ass schliisslech dat wat zielt.
An esou steet d'LSAP haut do: eng Partei, déi de Kapitalismus an den CEO vu Lëtzebuerg kritiséiert, mee selwer d'Struktur vun engem Konzern iwwerholl huet.
Mat engem Management, deen d'Partei féiert wéi eng Wuer, an engem Markennumm, deen all Quartal nei poléiert gëtt, fir datt en an der nächster Ilres‑Ëmfro net nach méi de Lack verléiert.
Och interessant:





Kommentar schreiben