· 

Klimakiller Luxair

De grousse Bluff mat de Kompensatiounen ass elo verbueden

Schock fir dem Lëtzebuerger seng Lieblingsbeschäftegung: mat der Luxair an d’Vakanz fléien – an dat souguer klimaneutral. Schliisslech gëtt jo kompenséiert. Moie Misch! Mat dëser Illusioun ass et elo Schluss. D’EU-Kommissioun an 21 Fluchgesellschaften, dorënner d’Luxair, hunn decidéiert, mat dëser Mogelpackung opzehalen.

Fotomontage mam Öko-Logo vun der Luxair "CO2 neutral" an engem Luxair-Fliger wou dropsteet "Sponsored by EU-Zertifikater". An der Mëtt de Luxair Generaldirekter Feidt, dee seet: "Mir léien lo net méi. De Logo ass fort. Mir fléien lo einfach."

D'Luxair flitt elo ouni Gewëssen, dofir awer mat Stil. "Mir léien net méi. Den Öko-Logo ass fort. Mir fléien einfach."

Mat dëser éierlecher Matdeelung seet d’Luxair dem ekologeschen Ablasshandel Äddi. Den CO₂-neutrale Sticker huet ausgedéngt – an domat och déi lescht ethesch Dekoratioun vun enger Klimastrategie, déi et ni gouf.

Loosse mer éierlech sinn: Jiddereen, dee gleeft, datt e Fluch op Teneriffa duerch d’Planze vun engem Bam a Bolivien kompenséiert gëtt, gleeft och, datt en Don un d’Pompjeeën d’Brandstëftung entschëllegt.

Vum Greenwashing zum Greywashing

D’Luxair an 20 aner Fluchgesellschafte goufen vum Consumer Protection Cooperation Network (CPC)  op hir irreführend Praktiken higewisen.

"Nohaltege Fluchbrennstoff" ass eben net einfach just parfüméierte Kérosène. An déi ominéis Kompensatiounen a südamerikanesch Opforstungsprojeten änneren näischt un der Tatsaach: Den Urwald verschwënnt méi séier, wéi d’Fluchgesellschaften Geld fir kleng, wintzeg Beem zur Verfügung stellen, déi eréisch a 50 oder 100 Joer no engem richtege Bësch ausgesinn.

D’EU-Kommissioun huet kleng bäiginn. Wahrscheinlech well d’Queen Ursula selwer mam Fliger op d’COP2030 a Brasilien ënnerwee war.

Am Mäerz 2022 hat d’Luxair EU-Knaschtzertifikater kaaft – déi nei europäesch Währung fir moralesch Erléisung. Bis 2050 sollt d’national Fluchgesellschaft klimaneutral sinn. D’CO₂-Emissioune sollten duerch e spezielle Kompensatiounsprogramm ausgeglach ginn - wann ee Kompensatiounen als Ersatz fir Verantwortung ugesäit.

Den Trick war folgenden: "Dir däerft fléien, well Dir bezuelt hutt." Dem europäesche Verbraucherschutzverband BEUC, zesumme mat der ULC, war dat zevill. Si hunn dës Praktiken als "Ablasshandel" bezeechent – e Begrëff, deen d'Wort, bis viru kuerzem nach am Besëtz vum Erzbistum, tel quel iwwerholl huet.

De Luther wier begeeschtert gewiescht.

Am Juni 2024 huet de BEUC eng offiziell Plainte gemaach an eng europawäit Campagne lancéiert: "Green (f)lying" – e Slogan, deen d’Wourecht besser trëfft wéi all Certificat.

D’Mäerche vum “nohaltege Kérosène“

De Begrëff "nohaltege Fluchbrennstoff", och als Bio-Kérosène bekannt, gëtt vun elo un nëmmen nach mat "ugemiessener Kloerstellung" benotzt. Wat dat heescht? Wahrscheinlech esou eppes wéi: "Mir verbrennen nach ëmmer Kérosène, just eben mat engem bessere Gewëssen."

D’Realitéit: De sougenannte Sustainable Aviation Fuel (SAF) mécht weltwäit net emol 0,1 % vum totale Verbrauch aus. An och wann en aus ranzegem Frittefett oder landwirtschaftlechem Offall hiergestallt gëtt – verbrannt gëtt en ëmmer.

Den CO₂ gëtt egal wéi an d’Loft geblosen. Den Etieketteschwindel ass fort, mee de Schued beift.

Luxair: Staatlech Airline mat nationaler Vergiesslechkeet

D’Luxair ass majoritär am Besëtz vum Staat. Dat heescht: Wann d’Luxair litt, litt ganz Lëtzebuerg mat.

Aktionären vun der Luxair, déi majoritär am Staatsbesëtz ass.
▲ Aktionären vun der Luxair, déi majoritär am Staatsbesëtz ass.

A wa Politiker hir CO₂-Bilanz mat Pseudo-Kompensatiounen schéirieden, ass dat net nëmmen en ekologescht Mäerchen, mee och ee politescht

Am Abrëll 2023 huet eng Delegatioun vun déi Gréng, LSAP, CSV, Piraten an ADR eng Wahlversammlung fir d’Lëtzebuerger a Brasilien organiséiert. 10.000 Kilometer Fluch – fir d’Demokratie, natierlech.

Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet sech am Wort esou gerechtfertegt:

"Hin- und Rückflug zwischen Brasilien und Luxemburg ‘kompensiert’. In dem Sinn bereue ich nicht, diese Reise gemacht zu haben."

De Journalist vu Reporter.Lu, Laurent Schmit, huet direkt gekontert:

Aller-Retour: bal 5,5 Tonnen CO₂.

Méi wéi 2 Joer Autofueren.

10 Mol méi wéi d’Emissiounen vun Ethiopien an engem ganze Joer.

Kompenséiert: 125 €.

▲ Post vum "Reporter"-Journalist Laurent Schmit vum 4. Abrët 2023 op X (Twitter).
▲ Post vum "Reporter"-Journalist Laurent Schmit vum 4. Abrët 2023 op X (Twitter).

Trump-Effekt: Klimaschutz ass out

Et gëtt gemunkelt, datt d'Luxair an déi aner Fluchgesellschaften sech net wëlle mat den USA, a virun allem mam Daddy Trump uleeën.

Den neie Kurs:

Manner Klima, méi CO₂.

Manner Bësch, méi Lobbyismus.

Manner Reebou, méi Turbinnen.

Wat kënnt als nächst?

D’Enn vum Luxair-Sponsoring vun der Pride Parade?

D’Ëmbenennung vum Boeing 737 a "Freedom Jet"?

Eng nei Ausgab vun der Inflight-Zeitung mam Titel "Woke-Free Skies"?

A wéi steet et ëm de sougenannte "grénge Stol"?

an D’Moral vun der Geschicht? Et gëtt keng.

D'Luxair huet et erausfonnt: Wann et onméiglech ass, CO₂-neutral ze fléien, da kann een op d’mannst moralesch enthemmt fléien.

Souwisou gehéiert d'Luxair am weltwäite Ranking zu de Fluchgesellschaften, déi am mannste Rücksicht op d'Klima huelen, wéi de Bericht 2024 vun Atmosfair 2024 weist. D'Luxair huet et sou just net an d'Top 10 gepackt - vun hannen.

Wéi soen d'Leit:

"Ist der Ruf erst ruiniert, fliegt’s sich herrlich ungeniert."


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0