· 

Exklusiv-Interview "Brasilie-Rees vun CSV, Piraten, LSAP, déi Gréng an ADR"

Parteien op Welttournée

No der Wahlversammlung vun CSV, LSAP, Piratepartei, déi Gréng an ADR a Brasilien, hu mir eis vu Luxembourg-Jungle mat de Vertrieder vun de Parteien Isabel Wiseler-Lima (CSV), Jean Asselborn (LSAP), Sven Clement (Piraten) a Fred Keup (ADR) ënnerhalen.

Luxembourg-Jungle: Isabel Wiseler-Lima, wat sinn Är Andréck a wat hutt der dohanne gemaach?

Isabelle Wiseler-Lima: Ech sinn iwwerrascht, wéi vill Leit dohanne Portugisesch schwätzen. Mir hunn déi al Kaartespiller verdeelt, déi mam Slogan «Politik ass kee Spill». Déi sinn zwar scho vergilbt, well se nach aus der Zäit vum Juncker stamen, mee wat solle mer hei domat ufänken? Och déi ofgelafe Gummibärercher hunn ech mat a Brasilien geholl an dohanne verdeelt. Ech hunn och der DP hir Gadgete vun de leschte Wahle matgeholl a verdeelt. Si brauchen déi jo net méi, an de Xavier wollt net matkommen. Hie wäert dëse Geste sécher ze schätze wëssen an hëlt eis no de Wahle vläicht mat an d’Regierung.

 

Luxembourg-Jungle: Fred Keup?

Fred Keup: Eise Vertrieder war iwwerrascht, dass a Brasilien och Lëtzebuergesch geschwat gëtt. Awer net genuch! Ech soe jo ëmmer: eis Sprooch gëtt net genuch gefërdert. Mäin Zil ass et, dass d’Brasilianer d’Heemecht sange léieren. Wann et muss sinn, kënnen si se och upassen: ‘Wou den Amazonas duerch d’Bëscher zitt, duerch d’Fielsen de Bagger brécht’ an esou weider. Mir hunn de Brasilianer Lëtzebuergesch Päss matgeholl, well wann se hei wëlle wielen, sollen se gefällegst déi Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen.

Luxembourg-Jungle: Op de Päss, déi den ADR a Brasilie verdeelt huet, ass de Lëtzebuerger Fändel d'ënnescht d'iewescht drop. Wéi kënnt dat?

Fred Keup: Dat ass en éiwege Problem bei eis. Scho bei de leschte Wahlen hate mir eis Wahlplakater falsch drécke gelooss. Et ass net einfach ze verhalen, ob bei rout-wäiss-blo rout uewen oder ënnen ass. Et ass alles eng Saach vun der Perspektiv.

 

Luxembourg-Jungle: Sven Clement, wéi hutt Dir dann als Organisateur vun där Rees den Optrëtt vun de Lëtzebuerger Politiker a Brasilien erlieft a wat hutt der de Leit gesot?

Sven Clement: D’Pirate sinn net den Organisateur. Eigentlech sollte mir eis jo klammheemlech eleng dovumaachen, ouni déi aner. Ech hat mäi Fluchticket jo schonn d’lescht Joer am Hierscht online bei ‘Nix-wie-weg.de’ kaaft, awer iergendwou war ee Leak, sou dass déi aner Wand dovu kritt hunn. D’Wahlversammlung war ganz ok. Wéi ech fäerdeg war mat Gadgete verdeelen, sinn ech op de Strand gaangen an hu mer dono een Jet-Ski gelount. Mat der leschter Indextranche op menger Deputéiertepai kann ech mer dat leeschten.

Luxembourg-Jungle: Dir sot, et géifen ongeféier zwanzeg Dausend  Lëtzebuerger a Brasilie wunnen. Laut STATEC wunnen der awer nëmmen zéng Dausend do. Ass den Opwand berechtegt?

Sven Clement: Mir Piraten hunn e bëssen déck opgedroen, Dir misst eis dach an der Tëschenzäit kennen. Stellt Iech vir wat dat réischt ee Gejäiz hei am Land gi wär, wann nëmmen d'Halschent vun de Leit a Brasilie wunne géif wéi mir behaapten.

 

Luxembourg-Jungle: Här Asselborn, wéi war dann d’Erfarung fir d’LSAP?

Jean Asselborn: Wësst Der, fir Brasilien ze verstoen, muss een e bësse méi wäit zréck goen. Als déngschteelsten Ausseminister vun der Welt, kann ech Iech ee Liddchen dovu sangen. Ech kann nëmmen dat widderhuelen, wat ech schonn am August 2019 gesot hunn, a woumat een d’Haltung vu Brasilien an engem Saz resüméiere kann: «Brasilien foutéiert sech a respektéiert d’Paräisser Ofkommes net.»

Luxembourg-Jungle: Dir mengt wuel d’Klimaofkommes vu Paräis?

Jean Asselborn: Jo, genau, wat soss!

 

Luxembourg-Jungle: Djuna Bernard, d’Paräisser Ofkommes vun 2015 huet dräi Haaptziler, an zwar: déi weltwäit Temperaturhausse ze bremsen; d’Emissiounen erofzesetzen an d’Finanzmëttele mat de Klimaschutzziler an Aklang ze bréngen. Mat Ärem Fluch a Brasilien hutt Dir onheemlech vill Knaschtemissioune verursaacht. Wat sot Der dozou?

Djuna Bernard: Et gëtt eben en Ënnerscheed tëscht Theorie a Praxis. Wichteg ass, dass virun allem mol Brasilien en Effort mecht. Schliesslech setze mir Gréng eis resolut fir d’Ëmwelt an, dat soll mol een aneren eis nomaachen. De Fliger wär och ouni mech a Brasilien geflunn, also, wou ass de Problem? Ausserdeem kompenséieren ech.

Luxembourg-Jungle: Wat heescht dat genau?

Djuna Bernard: Ma ech hu mer am Cactus-Hobby ee klenge Beemche kaaft, eng Tuja, déi planzen ech a mäi Virgäertchen. Esou gi meng Knaschtemissioune kompenséiert. Mir Gréng maachen dat ëmmer esou an ‘t huet bis elo nach kee sech dru gestéiert.

 

Luxembourg-Jungle: Villmools Merci fir dat interessant Gespréich. Dir sidd jo nach weiderhin ‘on Tour’. Déi nächst Etappe si Monaco – awer déi Kéier mam Xavier Bettel - , Sidney, St.Moritz an der Schwäiz, Luxembourg am amerikanesche Wisconsin, Dubai an den Arabeschen Emirater, Sao Miguel a Portugal, op den Azoren, fir dann ofzeschléisse mat Sibiu am rumänesche Siebenbürgen, wou jo och ganz vill Lëtzebuerger liewen. Mir wäerten drop zréckkommen. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Marie-Rose (Freitag, 07 April 2023 11:29)

    Nom Liesen an härzhaftem ��� vermëssen ech de ‘Feierkrop’ ganz e bësse manner!
    ��