· 

Keng Toleranz fir Intoleranz!

Um Beispill vu Woltz

D'Autocollanten, déi zu Wolz op d'Luuchtepoteauxen gepecht goufen, sinn näischt anescht wéi e Versuch, Haass ze séien an d'Gesellschaft ze spalten. Si sinn net nëmmen eng Beleidegung fir d'Muslimen, déi zu Wolz wunnen, mee och en Ugrëff op déi fundamental Wäerter vun eiser Gesellschaft – Respekt, Villfalt a Solidaritéit.

Jiddereen, deen der Meenung ass, datt sou Stickeren eng "besser Gesellschaft" schafen, stellt domat säin eegenen moraleschen an intellektuellen Échec ënner Beweis. Eng Gesellschaft gëtt net duerch Ausgrenzung besser, mä duerch Oppenheet a Respekt.D'Internetsäit, déi um Autocollant steet, seet genuch aus iwwert d'Gesinnungsgenossen, déi hannert där Aktioun zu Woltz stinn. Et handelt sech ëm een Online-Buttek, wou ee Kleeder an Accessoiren fir Skinheads, Nationalisten, "Blood and Honour" a Kampfartikelen ze kafe kritt.

Lëtzebuerg muss e Land vum Zesummenhalt bleiwen – net vun der Ausgrenzung. Sou feig Messagen hu keng Plaz an eisem Land!

▲ Den islamophobe Sticker, deen zu Woltz op Luuchtepoteauxe gepecht gouf.
▲ Den islamophobe Sticker, deen zu Woltz op Luuchtepoteauxe gepecht gouf.
▲ Den Autocolland op engem Luuchtepoteau zu Woltz. D'Facebook-Säit "Du bass ee Weeltzer wann..." huet den 18. Mee 2025 op dës rassistesch, dirkriminéierend Dot higewisen an se schaarf verurteelt.
▲ Den Autocolland op engem Luuchtepoteau zu Woltz. D'Facebook-Säit "Du bass ee Weeltzer wann..." huet den 18. Mee 2025 op dës rassistesch, dirkriminéierend Dot higewisen an se schaarf verurteelt.
▲ Screenshot Google - D'Internetsäit op den Autocollants gëtt nach ugewisen, mee wann een drop klickt stellt ee fest, datt se gespaart ass.
▲ Screenshot Google - D'Internetsäit op den Autocollants gëtt nach ugewisen, mee wann een drop klickt stellt ee fest, datt se gespaart ass.
▲ Titelen aus der Franséischer Press - De Bedreiwer vum Online-Shop gouf den 13. Mee 2025 wéinst dem Verkaf vun Nazi-Artikelen zu enger Prisongsstrof verurteelt.
▲ Titelen aus der Franséischer Press - De Bedreiwer vum Online-Shop gouf den 13. Mee 2025 wéinst dem Verkaf vun Nazi-Artikelen zu enger Prisongsstrof verurteelt.

𝐔𝐩𝐝𝐚𝐭𝐞: D'Gemeng Woltz huet d'Autocollanten ewechgeholl an eng Plainte bei der Police gemaach. Hei de Message vun der Weeltzer Gemeng vum 19. Mee 2025 op Facebook. D'Dénonciatioun vun der feiger Strofdot huet sech deemno gelount.

▲ Screenshot vum Message vun der Gemeng Woltz op Facebook, 19/05/2025
▲ Screenshot vum Message vun der Gemeng Woltz op Facebook, 19/05/2025

Kommentar schreiben

Kommentare: 0