Fir hir Ideologie ze verbreeden, brauchen Neonazien haut keen Hakekräiz méi ze sprayen – ë Sticker mam "richtege" Message mécht den Déngscht och.
"If the news is fake – Imagine how bad History is" an "Europa: The Last Battle", steet am Fettdrock um Autocollant. Dëst si Sloganen aus dem Repertoire vun der extrem-rietser Propaganda. Bekennerorganisatioun: White Lives Matter, mat engem Link op en entspriechenden Telegram-Kanal.
D'Autocollanten, déi zu Wolz op d'Luuchtepoteauxen gepecht goufen, sinn näischt anescht wéi e Versuch, Haass ze séien an d'Gesellschaft ze spalten. Si sinn net nëmmen eng Beleidegung fir d'Muslimen, déi zu Wolz wunnen, mee och en Ugrëff op déi fundamental Wäerter vun eiser Gesellschaft – Respekt, Villfalt a Solidaritéit.