Um Beispill vu Woltz
D'Autocollanten, déi zu Wolz op d'Luuchtepoteauxen gepecht goufen, sinn näischt anescht wéi e Versuch, Haass ze séien an d'Gesellschaft ze spalten. Si sinn net nëmmen eng Beleidegung fir d'Muslimen, déi zu Wolz wunnen, mee och en Ugrëff op déi fundamental Wäerter vun eiser Gesellschaft – Respekt, Villfalt a Solidaritéit.
Jiddereen, deen der Meenung ass, datt sou Stickeren eng "besser Gesellschaft" schafen, stellt domat säin eegenen moraleschen an intellektuellen Échec ënner Beweis. Eng Gesellschaft gëtt net duerch Ausgrenzung besser, mä duerch Oppenheet a Respekt.D'Internetsäit, déi um Autocollant steet, seet genuch aus iwwert d'Gesinnungsgenossen, déi hannert där Aktioun zu Woltz stinn. Et handelt sech ëm een Online-Buttek, wou ee Kleeder an Accessoiren fir Skinheads, Nationalisten, "Blood and Honour" a Kampfartikelen ze kafe kritt.
Lëtzebuerg muss e Land vum Zesummenhalt bleiwen – net vun der Ausgrenzung. Sou feig Messagen hu keng Plaz an eisem Land!



𝐔𝐩𝐝𝐚𝐭𝐞 1: D'Gemeng Woltz huet d'Autocollanten ewechgeholl an eng Plainte bei der Police gemaach. Hei de Message vun der Weeltzer Gemeng vum 19. Mee 2025 op Facebook. D'Dénonciatioun vun der feiger Strofdot huet sech deemno gelount.
UPDATE 2: D'Medien berichten iwwer de Stickerskandal zu Wolz
Nodeems d'Gemeng Woltz eng Plainte wéinst den xenophoben an islamophoben Stickeren gemaach huet, gouf et eng nei Entwécklung: De Journalist Nicolas Martin vum L'Essentiel huet de Fall an engem ausféierlechen Artikel behandelt. D'Berichterstattung am Essentiel, souwuel op Franséisch wéi och op Däitsch, ënnersträicht d'ëffentlech Empörung iwwer dës Zort vu Strofdoten an ënnersträicht, datt sou Delikter net onkommentéiert bleiwen däerfen.
Hei sinn d'Linken fir den Artikel: 🟢 Franséisch Versioun 🟢 Däitsch Versioun.
Mir vu Luxembourg Jungle soen all deene Merci, déi fir Respekt an e friddlecht Zesummeliewe antrieden. Et ass méi wéi jee wichteg, um Qui vive ze bleiwen an dës Doten konsequent a vehement unzeprangeren an ze veruerteelen. 🔥✊
Kommentar schreiben