Vum "Working Poor" zum Bio-Kapitalist
Dräi Joer no eisem éischten Interview mam Franz Fayot ("Kaviarsozialismus", 2023) hu mir de Sozialdemokrat erëm getraff. Den Ulass: e laangen Interview an der Wochenzeitung Woxx vum 26. Juni 2026 mam LSAP-Deputéierten, an deem de Fayot erkläert, firwat een haut net méi Sozialist ouni Ecosozialist ka sinn. De Fayot ass net méi Minister, mee elo, sou seet hien et selwer, "ee vun de mannst inaktiven Oppositiounsdeputéierten". Hien huet sech "radikaliséiert". Mir wollten erausfannen, wat dat genau heescht — an ob de Schampes nach ëmmer schmaacht.

Luxembourg Jungle: Här Fayot, Dir nennt Iech haut "Ecosozialist". Wat bedeit dat genau?
Franz Fayot: Ecosozialismus heescht, datt mer eng post-extraktiv, regenerativ Iwwerwannung vum performativen Akkumulatiounsparadigma ustriewen. Et geet net drëm, eppes ofzeschafen, mee fir et ze transforméieren, ze réenchantéieren, wann een sou wëllt. D'Iddi vum Betrib oder vum Maart gi mer net op. Mir mussen aus deem alen Turbokapitalismus eraus an an ee méi nohaltege Kapitalismus eran.
LJ: Also eng Aart Bio-Kapitalismus? Esou wéi Poulet aus der Massenzuucht, mee mat engem grénge Label drop?
Franz Fayot: Nee nee, et ass vill méi komplex…
LJ: Kann een et vergläiche mat Duschen ouni naass ze ginn?
Franz Fayot: (laacht) Ech géif et éischter "Dusche mat engem nohaltege Waasserressource-Management" nennen. Mee am Eescht: et geet net drëm, net naass ze ginn, et geet drëm, datt mer méi bewosst duschen. D'Wäerter änneren sech, och wann d'Dusch déiselwecht bleift.
LJ: Also bleift d'Dusch - de Kapitalismus - am Fong geholl genee déiselwecht?
Franz Fayot: D'Dusch ass net d'Problem. D'Problem ass, wéi mer mat der Dusch ëmginn. Ech kenne PME-Patronen, déi kee Ferrari fueren — dat sinn der, déi elo scho ganz nohalteg duschen.
LJ: Dir schwätzt vill vu “Rupture”, "post-croissance", "regenerativem Kapitalismus". Ass dat net einfach eng nei Etikett fir datselwecht Produkt?
Franz Fayot: Nee nee, et ass eng nei Approche. Mir wëllen de Kapitalismus transforméieren.
LJ: De Jean-Claude Juncker huet 2008 vun sech selwer behaapt, hie wier "dee leschte Kommunist". Dir, Här Fayot, wëllt elo de Kapitalismus "strikt reguléieren". Sidd Dir net e bëssen ze spéit un?
Franz Fayot: (laacht) Den Här Juncker war ëmmer e begnodegte Selbstironiker. Ech sinn et och, am Fong. Vläicht sollt een ee Wuert erfanne fir Leit wéi mech: "de leschte Kapitalist mat roudem Gewëssen."
LJ: Dat kléngt méi no un enger Diagnos wéi no enger politescher Visioun.
Franz Fayot: Diagnos, Visioun — d'Haaptsaach 't reimt sech.
LJ: D'LSAP gëllt haut als eng reng Majoritéitsbeschafferin ouni eegene Lénksprofil. Stéiert Iech dat net, wann Dir Iech selwer als "lénks Avant-garde" presentéiert?
Franz Fayot: Ech géif dat net "Majoritéitsbeschafferin" nennen, ech géif et "pragmatesch Regierungsverantwortung" nennen. Lénk Politik besteet net doran, ëmmer "neen" ze soen. Si besteet doran, am richtege Moment "jo, mee" ze soen.
LJ: Also ass et fir Iech keng Fro vu Prinzippien, mee vu Pragmatismus? Politesch lénks, mee just bis d’Koalitiounsverhandlungen ufänken?
Franz Fayot: Dat ass eng vereinfacht Analogie. Pragmatismus ass politesch gesinn dat Lénkst, wat et gëtt, well et de Leit hëlleft, an net just der Iddi. Ech hunn och schonn eng Kéier mat Aarbechter geschwat. Ech sinn also ganz no um Terrain.
LJ: D’Sozialistesch Aarbechterpartei huet 1914 mam Jean Schortgen deen éischten Aarbechter an d’Chamber bruecht. Hien huet sech ouni Kompromëss fir d'Aarbechter agesat. Haut schwätzt Dir haaptsächlech vu Kompetitivitéit. Ass et net e bëssen ironesch? Wéi geet dat zesummen?
Franz Fayot: D’Welt huet sech verännert. Haut hu mer aner Erausfuerderungen: Wuesstem, Kompetitivitéit, Fachkräftemangel. Do kann een net méi sou denken, wéi de Jean Schortgen dat 1914 gemaach huet.
LJ: Kënne mer och iwwer Är Vergaangenheet schwätzen? Als Kooperatiounsminister waart Dir bekannt fir Är Iwwernuechtungen an de luxuriéisten Hotellen an Entwécklungslänner, déi deierst Menüen, déi deierst Wäiner a Schampes — alles op Staatskäschten.
Franz Fayot: Dat ass Geschicht. Ech hu jo alles zréckbezuelt, wat ech net hätt sollen huelen.
LJ: Mee de Widdersproch bleift: Ecosozialismus an deiere Schampes, wärend Dir an deene selwechte Länner d'Aarmut bekämpfe sollt. Wéi geet dat zesummen?
Franz Fayot: Dat war eng aner Etapp a mengem Liewen. Ech war do nach net regenerativ. Ech hu mech ideologesch nei opgestallt.
LJ: Lescht Fro: Wann Dir haut nach eng Kéier op Missioun an d'Entwécklungslänner géift fueren — wéi vill Stären hätt Ären Hotel minimal?
Franz Fayot: (laacht, mee e bësse manner iwwerzeegt wéi virdrun) Dat... ass eng technesch Fro, déi mir hei net behandele kënnen.
[den Interview gouf op dëser Plaz vum Parteimanager ofgebrach, dee gefrot huet, ob mir “vläicht e bësse manner konkret” kéinte ginn.]
Den Interview vum Franz Fayot an der WOXX kann een iwwer dëse Link liesen:
https://www.woxx.lu/etre-de-gauche-en-2026-on-ne-peut-pas-etre-socialiste-sans-etre-ecosocialiste/
Och interessant:





Kommentar schreiben