Opgepasst! Lo kënnt de #Luc
Wéi de réimesche Gott Janus, schéngt och eise #Luc zwee Gesiichter ze hunn: fir d'éischt dem Donald Trump gratuléieren, an en duerno an enger Pressekonferenz zu Lëtzebuerg - wäit ewech vun den USA - beléieren.
D'Politik an d'Diplomatie schéngen déi Gebitter ze sinn, wou de Janus als Éiremember ernannt gouf. Anescht ass d'Haltung vun eisem #Luc net ze erklären: no vir Frëndschaft weisen, awer hannen d'Messere schäerfen.
Souguer dem Lëtzebuerger Wort ass et opgefall, an zitéiert de #Luc genësslech: "Werden vor Amerika nicht auf den Knien rutschen". Hien hätt dem Donald Trump fir seng Victoire am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung gratuléiert, gëtt hie vun der Press zitéiert. Gläichzäiteg huet hien den zukünftegen amerikanesche President gewarnt, eng Bezéiung op Aenhéicht ze féieren. Dat huet hien dem Donald Trump natierlech net gesot, mee just eise Journalisten heiheem.
Den Trump muss sech also waarm undoen - lo kënnt de #Luc.
Dat errënnert un d'Ausso vun eisem Ausseminister Xavier Bettel, deen an engem Interview op RTL, am Juli iwwert NATO-Sommet zu Washington gesot huet: "Mir weisen elo d'Muskelen".
Kommentar schreiben