· 

Zwee Dialekter, eng Gittar

De Gollo & Roll Rossi am Gespréich

Eelef × Gollo - Wann en Éisleker an e Minetter zesumme sangen

Wann en Ardenner Rockveteran engem Minetter Studiozauberer begéint, da kann dat entweder an enger Kläpperei endegen oder an engem gemeinsamen Album. Zum Gléck hunn sech de Gollo (mam richtege Numm: Robert Steffen, gebuer 1952 zu Wolz) an de Roll Rossi (mam richtegen Numm: Roland Rossi, gebuer 1966 zu Déifferdeng) fir déi zweet Variant entscheet. Am Mäerz 2025 koum hir gemeinsam CD, "Eelef X Gollo", eraus: eelef Gollo-Lidder an enger komplett neier Interpretatioun, an zwee Rossi-Lidder, bei deenen de Gollo matséngt.

De Robert Gollo Steffen (lénks) an de Roll Rossi (riets). "Eelef X Gollo" - den neien Album vum Roll Rossi mat 11 Gollo-Lidder an 2 Rossi-Songs.
▲ De Robert Gollo Steffen (lénks) an de Roll Rossi (riets). "Eelef X Gollo" - den neien Album vum Roll Rossi mat 11 Gollo-Lidder an 2 Rossi-Songs.

D'Konzept: De Roll Rossi interpretéiert eelef al Gollo-Lidder nei - mat elektrescher Gittar, Studio-Polish an am onverkennbare Minetter Dialekt. Zousätzlech ginn et zwee fonkelnei Lidder, wou béid Museker de Mikro deelen. Dat Ganzt kléngt wéi e musikalesche Sommet tëscht Éislek a Minett, oder wéi eng kulturell Bréck mat Verstärker.

Well mir vu Luxembourg Jungle net fir langweileg Pressecommuniquéë bekannt sinn, hu mir decidéiert, déi zwee Kënschtler ze interviewen. "Interview" ass vläicht eng kleng Iwwerdreiwung. Mir hunn hinnen einfach e puer Froen geschéckt. Ma keng Angscht: Mir hunn den Interview esou preparéiert, wéi wann de Gollo an de Roll Rossi zesummen an eiser Redaktioun gewiescht wieren, mat Kaffi an engem frëndleche Sträit iwwer déi richteg Aussprooch.

D'Resultat ass ee Gespréich iwwer Dialekter, musikalesch Altersënnerscheeder, kreativ Fräiheet, an d'Fro, ob kënschtlech Intelligenz och scho Gollo-Lidder covert.


🎤 Froen un de Gollo an un de Roll

Luxembourg Jungle: War et Léift op den éischten Akkord oder éischter e musikalesche Blind-Date? Hutt dir direkt gemierkt, dass et klappt, oder hutt dir iech fir d'éischt mol mussen duerch e kreativen Dschungel kämpfen?

ROLL: Hei war et net: Ka komme wat wëllt mä "Éischtens kënnt et anescht 

wéi et zweetens komme soll". Et war net virgesinn, dass ech e Gollo-Album géif produzéieren. Am Fong geholl wollt ech en Album erausbrénge mat Coverversiounen, déi ech vu klengem aus u gutt fonnt hunn. An do war eben och Amerika läit just virun Ëlwen dobäi. Als éischt hunn ech de Gollo du mol gefrot, ob hee mat d'Accord wär, dass ech dëse Song géif coveren. Am Ufank hat ech just eng reng akustesch Versioun dovunner opgeholl an op eemol ass déi Iddi opkomm, fir e ganzen Album ze maachen.

GOLLO: Iergendwann viru scho vill méi laanger Zäit, well deen Album huet de Roll awer nawell eng Partie Méint beschäftegt, hat ech vun him eng Ufro kritt, ob hie kéint e Lidd vu mir coveren. An natierlech ass dat ëmmer eng flott Saach, wann aner Leit deng Lidder nospillen oder och ganz nei interpretéieren. Do war also guer kee Problem vu menger Säit hier.

Luxembourg Jungle: Goufen et Differenze beim Album, zum Beispill a puncto Dialekt, Arrangement oder wien d’Gittar esou  falsch gestëmmt huet? Gouf et vläicht eng Diskussioun, wéi vill Nostalgie nach däerf iwwregbleiwen?

De Roll Rossi (lénks) an de Gollo (riets) am Studio wärend der Opnam vun "Eelef × Gollo".
▲ De Roll Rossi (lénks) an de Gollo (riets) am Studio wärend der Opnam vun "Eelef × Gollo".

ROLL: Neen, de Gollo huet mech einfach meng Oarbecht maache gelooss an dobäi konnt ech menger Kreativitéit fräie Lof loossen. Ech fannen, dat ass an esou enger Produktioun enorm wichteg. Ech hu mech an seng Texter versat an se dunn esou interpretéiert, wei wann ech d’Story mat mengen Oen géif gesinn. A mat deene Biller am Kapp hunn ech dunn ugefaangen, um Lidd ze schaffen.

Down z.B ass hei e gutt Beispill. Ech hu jo och e Video vun dësem Lidd produzéiert, dee komplett surreal ass, awer genau dat erëmspigelt wei ech mär et am Kap virgestallt hunn. De Gollo hat mat Sécherheet eng komplett aner Virstellung, wei en de Song geschriwwen hat.

GOLLO: Absolutt keng Differenzen an och nix Nostalgie-Virschrëften. Ech sinn der Meenung, wann ee Museker eng Nei-Interpretatioun vun engem Lidd mécht, muss en et och op seng Manéier maache kënnen, soss ass et just wéi e Virdrag vun enger Coverband. Ech hat jo meng Lidder no menge Virstellunge geschriwwen, an de Roll huet se mat senge Virstellungen interpretéiert. An ech denken, sou wäit leien déi net auserneen. Den Down, deen de Roll och visuell a sengem Video duerstellt, ass do vill méi bildlech wéi ech dat Lidd am Kapp hat, mä super gelongen.

Luxembourg Jungle: Wéi hutt dir d’Lidder ausgewielt? Mat "ib-dib-dab und du bist ab", engem musikalesche Kompromëss oder huet sech einfach deen duerchgesat, deen am haartste gebierelt huet?

ROLL: Meng nächst Aufgab war, all dem Gollo seng Albumen duerchzelauschteren an déi Lidder erauszekropen, déi mär am beschte gefall hunn. Dat war net einfach, heen huet vill gutt Lidder an Texter!

All Kéiers wann ech dann e Lidd vun der Struktur fäerdeg hat, hunn ech dem Gollo et ze lauschtere ginn a war ëmmer ganz nervös ob säi Feedback. Et war mär enorm wichteg, dass him meng Versiounen och géife gefalen.

GOLLO: De Roll huet seng Auswiel ganz eleng getraff. Ech hunn him just nach déi Lidder ginn, déi hien net kannt huet. An ech war scho bësse paff iwwer déi Lidder, déi hie sech erausgewielt hat, well natierlech e puer vu menge bekannteste Lidder dobäi waren, mä och z.B. Konveniat, wat ech an den 1980er op eng Kompositioun vum Walter Liederschmitt geschriwwen hat a wat wuel ganz wéineg Leit kennen, well live hunn ech dat all déi Joeren net gespillt.

Luxembourg Jungle: Hutt dir beim Arrangéieren, Texten oder Mixen op KI zréckgegraff, oder war dat ganzt esou analog wéi dem Gollo seng éischt LP? Ass KI eng Gefor fir d’Musek oder just e weidere Synthesizer?

ROLL: Nee an der ganzer Produktioun ass net ob KI zougegraff ginn, weder an der Musek nach bei de Videoen.

Et si vill, ganz vill Stonne bei dësem Album dropgaangen. Nodeems ech alles opgeholl hat, souz ech ganz laang am Studio um Mëschpult fir de Mix an de Feinschlëff. Dono hu mär mat de Videoclips ugefaangen an och hei ass nees vill Zäit dra gefloss. Muss awer och soen, dass ech déi ganz Oarbecht genoss hunn a richteg Freed dobäi hat. Et war eng super Zäit!

Ass KI eng Gefor fir d'Musek, dat ass eng gutt Fro. Wann ech elo nach als Musiker, Produzent oder Tountechniker mäi Brout misst verdingen, géif ech mär scho Gedanke maachen.  Ech weess net, a wat fir eng Richtung et wäert goen... Mat der Thematik hunn ech mech ausernee gesat, andeems ech amgaange sinn, e Lidd doriwwer ze schreiwen. Dëse Song a Begleedung vun engem Video wäert am Dezember erauskommen. Looss dech iwwerraschen! 

GOLLO: De Roll huet alles selwer arrangéiert, opgeholl a gemixt. Hie wollt mech awer op puer Stécker och dobäi hunn. Dofir spillen a sangen ech op e puer Lidder mat. A well de Roll och nach 5 Videoe maache wollt, sinn ech och do bei 3 dobäi, woubäi ech et genoss hunn, dat mol matzemaachen, well bis elo hunn ech ausser e puer Live-Videoen op der Bün ni eppes opgeholl.

An natierlech hu mir eis do scho vill Stonne gesinn, mä mir sinn all déi Méint och ganz dacks zesummen spadséiere gaang an hunn eis do iwwert alles Méigleches ënnerhalen.

KI ass bei dem Album 11x Gollo net zum Asaz komm, mä ech perséinlech denken, dass KI sou zimlech alles a bal alle Beräicher op d’Kopp werfe wäert. Zum Gudde vläicht, awer warscheinlech geet et och mënschlech komplett derlaanscht, well et vill, ganz vill Aarbechtsplazen z.B. kaschte wäert. Wéi et an der Musek goe wäert, wou mat KI een an enger Minutt fir manner wéi een Euro e kompletten Arrangement mat Gesank a Band kréie kann, deen awer och null Anung vu Musek huet, dat weess ech net. Dat wäert och wuel kaum allze ville Leit eppes ausmaachen, wann et nëmme gefält. Firwat de Museker nach eppes do maache soll a vu wat e liewe soll, wäert déi wéinegst intresséieren.


🎤 Froen un de Gollo

Luxembourg Jungle: Du hues an de 1980er Joren als éischten op Lëtzebuergesch gerockt, zu enger Zäit wou d’Colette an de Fernand nach mat hire Lidder bei der Nationallotterie opgetruede sinn. Hues du deemools geduecht, dass deng Lidder mol vum Minett aus nei opgewiermt ginn?

GOLLOEch denken, dass et 1980 e grousse Schrack war, wéi ech fir d’éischt mat lëtzebuergeschen Texter op Rockmusek koum. Dobäi hate mir hei am Land do awer wéi ëmmer erëm e Retard vu puer Joeren op d’Ausland, also z.B. op Frankräich an Däitschland, wou dat schonn zimlech normal war. An dobäi hunn ech eréischt 3 Deeg, éi mir deemools an de Studio goungen, meng englesch Liddertexter op Lëtzebuergesch iwwersat. Déi Lidder goufen deemools an deenen zwou Sproochen opgeholl an du gouf entscheed, dass den Disk op Lëtzebuergesch erauskomme sollt.

Natierlech hunn ech ni all déi Joere geduecht, dass nei Versioune vu menge Lidder op engem Album erschénge géifen. Ech war awer immens frou, wéi viru Joeren den Daniel Balthasar eng Nei-Interpretatioun vu mengem Lidd E Bild vun engem Mann gemaach hat a wéi eng Rei Museker vun hei 2018 e ganzen akustesche Concert mat Lidder vu mir bruecht haten, deen een nach op dem CD Eng Rees am Krees fanne kann.

De Clip vum Lidd "Bréif un de Bierg" gouf um Stauséi opgeholl. D'Musek ass vum Roll Rossi (lenks), de Gollo (riets), deen d'Lidd interpretéiert, huet den Text vum Engleschen an d'Lëtzebuergescht iwwersat.
▲ De Clip vum Lidd "Bréif un de Bierg" gouf um Stauséi opgeholl. D'Musek ass vum Roll Rossi (lenks), de Gollo (riets), deen d'Lidd interpretéiert, huet den Text vum Engleschen an d'Lëtzebuergescht iwwersat.

Luxembourg Jungle: Wéi fillt et sech un, deng eege Lidder am Minetter Dialekt ze héieren? Aus "mir" gëtt "mär", aus "dir" "där" aus "Fra" "Fro" - mat engem nasalen "ɔ̃" - an aus „nik“ gëtt „net“. Ass dat fir dech eng kulturell Beräicherung oder éischter wéi eng kulturell Dissonanz?

GOLLOEch hat op mengen éischten Diske ganz vill Lidder am Weeltzer Dialekt gesongen, si spéider awer méi op dat "Héich-Lëtzebuergesch" komm. De Roll huet säin Dialekt bäibehalen an dat ass guer kee Problem fir mech, bis vläicht op enger Plaz, wou et doduerch net ganz reimt. Mä dat fannen d’Leit besser selwer eraus oder och net, well sou schlëmm ass dat och net.

Luxembourg Jungle: Beim Song Bréif un de Bierg hues du den Text op Lëtzebuergesch ëmgeschriwwen. Wéi vill Gollo ass nach dran, a wéi vill Rossi ass dobäi?

GOLLODe Roll hat mech op d’CD-Virstellung vun der Band Lapislazuli invitéiert, wou déi englesch Versioun vu Letter to the Mountain drop war, an natierlech hu si dat och live um Concert gespillt. A schonn deen Owend war mir d’Iddi komm, fir dat eventuell op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen an et vläicht op meng nächst CD ze setzen. Vum Roll hat ech och déi Woch drop déi instrumental Versioun geschéckt kritt, mä fir dat Wuert fir Wuert ze iwwersetze war net méiglech, well et einfach net ze sange war. Den éischte Versuch ass alles am Pabeierkuerf gelant an eréischt no puer Deeg ass mer bewosst ginn, dass ech aneschters un deen Text erugoe méisst. An dono war kee Problem méi an och de Romain Halsdorf, deen den engleschen Originaltext geschriwwen hat, (de Roll Rossi huet d’Musek dozou geschriwwen) huet mir konfirméiert, dass ech mech dach u säin Text gehalen hunn, wat ech natierlech als Kompliment ophuelen.

Luxembourg Jungle: Wéi war et fir dech, deng al Lidder nei interpretéiert ze héieren? War et wéi eng Rees an d’Vergaangenheet oder éischter wéi eng nei Versioun vun engem Film, deen ee gär hat – just mat anere Schauspiller?

GOLLONatierlech koumen eng ganz Rëtsch Erënnerungen, souwuel un déi Lidder, wéi se entstane sinn, mä och wéi mir se deemools als Band arrangéiert 

a gespillt hunn. Mä well et eng ganz aner Zäit elo ass, ass et éischter wéi eng nei Versioun. Et kléngt aneschters, villes nach méi rockesch. De Roll ass e ganz gudden Arrangeur an dobäi e super Gittarist. Hien huet sech dat ausgeléint, wat him a menge Lidder gutt gefalen huet. An do huet e sech natierlech och bei mengen deemolege Bandmusiker inspiréiert, well et muss ee wëssen, dass déi jo och dozou bäigedroen an doduerch déi Lidder gepräägt hunn. Also e puer Nouten hei an engem Solo, e puer Bassleef, mä wat erauskoum, ass natierlech eng nei Versioun.

Dem Gollo seng Gittarskëscht.
▲ Net schwéier ze erroden, weem seng Gittarskëscht dat ass.

Luxembourg JungleHues de bei der Rockversioun vun dengem Raggae Ka komme wat wëllt oder der Blues-Rock-Versioun vun der Ballade E Bild vun engem Mann net mol kuerz geduecht: "Wat mécht dee Jong do?“

GOLLONeen, dat hunn ech mer net a keng eenzeg Kéier geduecht, well ech hu scho gesinn, dass et aneschters kléngt, well de Roll dat sou wollt. Well hie jo bal där Generatioun no mir ugehéiert, huet hie ganz aner musikalesch Aflëss matkritt wéi ech. Hien ass jo 14 Joer méi jonk wéi ech, a sou koum et, dass op eemol ech och e musikaleschen Afloss op hie gouf a sénger Jugend. Wann ech nach vum Bob Marley bei menger Reggae-Versioun vu Ka komme war wëllt inspiréiert war, sou huet hien do eppes mat Disco-Afloss draus gemaach an dat ass elo flott, well et dach eng nei Iddi ass.

Och E Bild vun engem Mann, wat bei mir (a beim Daniel Balthasar) éischter e Chanson ass, héiert sech elo ganz rockesch un, kléngt also wierklech anescht. Ob Chanson oder Rock engem besser gefält, läit natierlech bei all eenzelnem. Mir gefalen déi zwou Versioune ganz gutt.


🎤 Froen un de Roll

Luxembourg JungleWat huet dech um Gollo senger Musek faszinéiert? D’Texter? D’Melodien? Oder d’Faszinatioun, dass seng Musek nach op Vinyl existéiert, wéi ee Relikt aus fréieren Zäiten?

ROLL: 1981 hunn ech déi éischt Akkorden ob der klassescher Gittar geschruppt inklusive bludde Fangeren. E gudde Kolleeg, mat deem ech Gittar gespillt hunn, hat mär deemools dem Gollo seng LP Ka komme wat wëllt virgespillt. Ech war begeeschtert vum Album, well et eng aner Zocht vu

lëtzebuerger Musik war, déi ee bis dato héieren hat. Gudde Rock an dann déi Texter, einfach grandios. Et ass net einfach e gudde lëtzebuergeschen Text ze schreiwen, ech weess vu wat ech do schwätzen. Schnell war d'LP dunn ob enger K7. Ah jo, fir déi di net wëssen wei dat geet... also do gëtt de Plackespiller mat engem Kabel un engem Kassetterekorder verbonnen. Um Kassetterekorder gëtt dann de Knäppchen "REC" gedréckt an um Plackespiller d'Nol ob d'Plack getässelt. Da muss ee soulaang wuarden bis d'Nol an der Mëtt vun der Plack ukomm ass éier een um Kassetterekorder ka "Stopp" drécken. Resultat: E huet een eng analog Kopie, inklusiv Rauschen, vun der LP. Fazit: Nix ze Mp3’en, streamen, KI oder wat der Däiwel et haut och nach gëtt!! By the way: Déi K7  hunn ech nach haut!

Amerika läit just virun Ëlwen war mäi Liblingslidd vun dësem Album. Wei oft hunn ech dat Lidd gelauschtert, an iergendwann, sot ech mär, wëll ech eng Coverversioun vun dësem Lidd maachen. Huet iwwert 40 Joer gedauert... 

De Roll Rossi wärend den Dréiaarbechte fir de Museksvideo vum bekannte Gollo-Song "Amerika läit just virun Ëlwen".
▲ De Roll Rossi wärend den Dréiaarbechte fir de Museksvideo vum bekannte Gollo-Song "Amerika läit just virun Ëlwen".

Luxembourg Jungle: Du hues d’Lidder am Minetter Dialekt gesongen. War dat eng bewosst Entscheedung wells du keen Éisleker léiere wolls oder wärs du vu Schimmt rout ugelaf wells de einfach net "mir“ soe kanns an dofir léiwer beim "mär" bliwwe bass?

ROLL: Et war eng bewosst Entscheedung, ech komme jo aus dem Minett, also 

sot ech mär: "Sang esou wei d'Maul der gewuess ass". Dat wollt ech genau esou hunn an hat och mam Gollo doriwwer geschwat, deen huet dat absolut OK fonnt. Ech hu bis elo jo ëmmer op Englesch gesongen – mat e puer Ausnamen. Hunn awer fonnt, dass et besser kléngt, wann een a senger Mammesprooch séngt. Also, wann ech dann am  Éisleker Dialekt hätt misse sangen, hätt ech och kéinten direkt beim Englesche bleiwen. LOL 

Luxembourg Jungle: Du hues aus engem Reggae e Rock gemaach an aus enger Ballad ee Blues-Rock. Wéi vill Rossi muss an engem Gollo-Lidd sinn, fir dass et fir dech funktionéiert?

ROLL: Hm... dat ass eng gutt Fro. Ech hu mäin eegene Stil, wat d'Musiksrichtung ugeet, an et war jo net d’Zil fir d'Lidder genau esou wei d'Original opzehuelen. Déi gëtt et jo schonns. Et soll sech no "Rossi" unhéieren. Ech spillen dat esou wéi ech et kann a wëll net wéi eng Kopie kléngen. Fannen et ëmmer nees spannend ze gesinn, wei verschidden aner Musiker eng Coverversioun interpretéieren. Ass quasi wei bei engem Remake vun engem Film.

Zeen aus dem Clip vum Song "Down", ee Video, deen integral um Computer entstaanen ass, an trotzdeem net als KI-generéierte Film betruecht gëtt, well ganz vill handwierklecht Geschéck a stonnelaang Aarbecht drastécht.
▲ Zeen aus dem Clip vum Song "Down", ee Video, deen integral um Computer entstaanen ass, an trotzdeem net als KI-generéierte Film betruecht gëtt, well ganz vill handwierklecht Geschéck a stonnelaang Aarbecht drastécht.

Luxembourg Jungle: Wéi war et fir dech, mat engem Museker ze schaffen, dee schonn op Vinyl war, wéi s du nach mam Walkman ronderëm gelaf bass?

ROLL: Fir mech einfach nëmme grandios! Du muss bedenken, ech hunn 1982 dem Gollo seng Musik super fonnt a wollt ëmmer och esou eppes maachen. Déi Zäit huet et awer mol geheescht, Gittar ze léieren, an ze üben an üben an üben an . . .  Dofir sinn ech haut ëmsou mei frou, en Album vum Gollo a mam Gollo  produzéiert an erausbruecht ze hunn.

Luxembourg Jungle: Hues de bei dësem Projet méi als Produzent oder als Interpret geduecht, oder hues de einfach gemaach, wat de Groove verlaangt huet, wéi bei enger Jam-Session?

ROLL: Fir éischt als Interpret, fir et mengem Stil unzepassen, an duerno als Produzent, fir dass et dono och ganz gutt kléngt. A wann ech d'Reaktiounen ronderëm esou héieren a liesen, mengen ech ganz, ass et mär och gelongen.

Luxembourg Jungle: Villmools merci fir dëst flott Gespréich, Gollo a Roll. Et war ee Genoss!


💿 CD bestellen:

D'CD kann iwwert folgend Site bestallt ginn: www.rollrossi.com

De Roll Rossi ass op Facebook an iwwer Messenger ze ereechen: https://www.facebook.com/roll.rossi

Et gëtt se an der Luxusversioun mat CD, Bichelchen, Postkaart, USB-Stick, Jeton fir de Caddy an – typesch Museker – engem Plektrum.

Oder an der normaler Versioun, ouni Gadgeten.

Den Album "Eelef × Gollo" enthält 13 Lidder, dovun eelef Gollo-Lidder an zwee nei Lidder vum Roll Rossi.
▲ Den Album "Eelef × Gollo" enthält 13 Lidder, dovun eelef nei arrangéiert Gollo-Lidder an zwee nei Lidder vum Roll Rossi.

🎤 Bewäertung vu Luxembourg Jungle

Nodeems mir d'CD gelauschtert an eis déi véier Museksvideoen ugekuckt hunn, ware mer beandrockt a positiv iwwerrascht.

De Gollo ass eng Rocklegend zu Lëtzebuerg. Am Éislek huet hie quasi Kultstatus. Ëmmerhin war hien deen éischten, dee sech getraut hat, Rockmusek op Lëtzebuergesch ze sangen. Eng Partie Lidder sinn zu Klassiker ginn, wéi zum Beispill Amerika läit just virun Ëlwen oder Ka komme wat wëllt, déi op senge LPen aus den 1980er Joren erauskoumen. Et war also spannend ze gesinn, wat de Roll Rossi méi wéi 40 Joer dono aus deene Songs gemaach huet.

Ma och de Roll Rossi ass keen Onbekannten an der lëtzebuergescher Musekszeen. Mat Gruppen wéi July 82, Woodstock, Lazy Bones oder Lapislazuli huet och hien sech zanter den 1980er Joren als Gittarist a Sänger bewisen. Vun 2000 un ass hien och als Produzent aktiv a leet säin eegenen Tounstudio, wou nieft ville lëtzebuergesche Kënschtler och international Museker opgeholl hunn.

D’Nei-Interpretatioun vun den 11 Gollo-Lidder ass absolut gelongen. Verschiddener bleiwen no beim Original, wéi Amerika läit just virun Ëlwen, anerer – wéi Ka komme wat wëllt – kréien eng komplett nei Faarf. Och wann een ëmmer nach dem Gollo seng Original-Melodien am Kapp huet, iwwerzeegen déi nei Versiounen. Um Album sinn och zwee nei Lidder vum Roll Rossi, dorënner Bréif un de Bierg, gesongen vum Gollo.

D’Arrangementer vum Roll si staark a musikalesch-technesch perfekt. Besonnesch flott ass, dass de Gollo enk an d’Produktioun mat agebonne gouf. Bei verschiddene Lidder sangen de Roll an de Gollo zesummen, wat dem Album eng extra Dimensioun gëtt.

 

Fazit: Et ginn Albumer, déi een eemol lauschtert an dann ewechleet. An da ginn et déi, déi een ëmmer nees erëm lauschtert. Eelef × Gollo gehéiert zu där zweeter Kategorie. Fir d'Frënn vum lëtzebuergesche Rock ass et en absolute Must. A fir déi, déi nach no engem originelle Chrëschtdagskaddo sichen, ass dës CD eng flott Iwwerraschung. 


E Virgeschmaach op Eelef X Gollo gët et am "Making of" an an de véier Museksvideoen hei ënnendrënner.

▲ Wéi ass den Album "Eelef X Gollo" entstanen? Dat gëtt een hei am "Making of" gewuer.

De Klassiker: Amerika läit just virun Ëlwen. De Museksvideo vum Roll senger Interpretatioun.

Fir de Video zum Lidd Véier Wochen ass déi ganz Ekipp an d'Ausland gereest.

Eleng – en neit Lidd geschriwwe vum Roll Rossi, interpretéiert zesumme mam Gollo.

De Clip vum Gollo-Song Down ass komplett um Computer entstanen. Keng KI, déi d'Biller automatesch generéiert huet, mee mat handwierklechem Geschéck a villen Aarbechtsstonnen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0