Wann en Ardenner Rockveteran engem Minetter Studiozauberer begéint, da kann dat entweder an enger Kläpperei endegen oder an engem gemeinsamen Album. Zum Gléck hunn sech de Gollo (mam richtege Numm: Robert Steffen, gebuer 1952 zu Wolz) an de Roll Rossi (mam richtegen Numm: Roland Rossi, gebuer 1966 zu Déifferdeng) fir déi zweet Variant entscheet. Am Mäerz 2025 koum hir gemeinsam CD, "Eelef X Gollo", eraus: eelef Gollo-Lidder an enger komplett neier Interpretatioun, an zwee Rossi-Lidder.
RTL bréngt d'Wourecht mat senger Schlagzeil un d'Liicht: Et war eemol zu Déifferdeng, du si Schëss gefall, de Poopst ass vun eis gaangen, an d'Welt huet et trotzdeem falsch verstanen… 😉
Ee Frënd huet mer eng Foto gewisen vun enger laanger hëlzener Këscht, déi de héije Wee opgeriicht am ëffentleche Raum steet. Op der Këscht steet "City Tree", a ronderëm dee künstleche "Stadbam" ass esouguer eng Bänk, genau wéi bei engem richtege Bam. Bewonnere kann een dës innovativ Errungenschaft zu Déifferdeng.