Artikel mit dem Tag "Musek"



Réckbléck 2025
Gestëppels / piques · 21. Dezember 2025
2025 war erëm ee Joer voller Situatiounen, déi een éischter an enger Satir erwaart hätt wéi an der Realitéit. Vun internationale Komik‑Momenter bis zu absurden Zeenen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng Auswiel vun de beschte Fotomontagen an de schäerfsten Ënnertitele fir iech zesummegestallt — och wann d’Joer esou vill Material geliwwert huet, datt mir nach vill méi hätte kënne maachen. Hei ass also dat Bescht (an dat Schlëmmst) vun 2025. An 2026? Dat gëtt sécher net manner interessant.

Zwee Dialekter, eng Gittar
Ars & Cultura · 13. November 2025
Wann en Ardenner Rockveteran engem Minetter Studiozauberer begéint, da kann dat entweder an enger Kläpperei endegen oder an engem gemeinsamen Album. Zum Gléck hunn sech de Gollo (mam richtege Numm: Robert Steffen, gebuer 1952 zu Wolz) an de Roll Rossi (mam richtegen Numm: Roland Rossi, gebuer 1966 zu Déifferdeng) fir déi zweet Variant entscheet. Am Mäerz 2025 koum hir gemeinsam CD, "Eelef X Gollo", eraus: eelef Gollo-Lidder an enger komplett neier Interpretatioun, an zwee Rossi-Lidder.

"Failing in Love"
Ars & Cultura · 29. September 2025
Hie war fréier de Fluch vun de Schüler, déi "subjonctif" mat "subversiv" verwiesselt hunn. Haut ass hien de romanteschste Rebell an der KI-Musekszeen: de Jeannot Scheer, pensionéierte Franséischproff aus dem LTMA, Poet mat Häerz, an elo - dank Suno-AI - Sänger ouni Stëmm. Säin Album "Failing in Love" ass eng Rees duerch romantesch Katastrophen, alldeeglech "Prüfungen" a poetesch Lidder, déi vun enger kënschtlecher Intelligenz a Musek ëmgesat goufen.

90 Sekonnen virun 12
Peace Now · 27. Januar 2023
Während d'Atomkrichsauer (op Englesch: doomsday clock) an de leschte Wochen an Deeg op 90 Sekonnen virun 12 geréckelt ass, ginn et leider ëmmer méi Politiker, déi der Meenung sinn, Fridden kéint ee just mat nach méi Waffen schafen. Ee Paradox! Sou wéi wann een e Feier kéint löschen andeems een Ueleg drop schëtt! A wat ass, wann d'Krichsgéigner, déi hautdesdaags - zu Onrecht - als "Putinversteher", "Putinfan", Faschisten, Friddensapostelen, Toperten a sou weider diffaméiert ginn,...