Souguer beim Transport vu Wandturbinne ginn d’kulinaresch Spezialitéiten net vergiess
Wärend d’Regierung d’Bevëlkerung opfuerdert, méi resilient ze gi fir géint den „Ennemi“ virzegoen, feiert Manternach d’Arrivée vun engem 68 Meter laange Rotorblat mat Crémant, Mettwurscht an Hamburgeren.
Fir Iessen an Drénken ass zu Lëtzebuerg ëmmer gesuergt, souguer beim Transport vun enger Wandturbinn. Nozeliesen am Wort vun haut.
Soler S.A. liwwert net nëmmen Energie, mä och Eventmanagement: Infrastruktur als Volleksfest, Technologie als Grillparty. Déi nei national Triad: Klima, Crémant, Currywurscht.
D'Wort präziséiert extra: "Der Energieproduzent Soler S. A. hat an diesem Mittag ein kleines Fest mit Grillwurst, Hamburgern und Getränken organisiert."
Wat kënnt als nächst?
– En Transformator mat Träipen?
– E Stroummast mat Kachkéis?
– Oder eng feierlech Aweiung vun der nächster Stroumleitung mat Fanfare a Bofferdings Béier?
Lëtzebuerg, wou souguer Wandenergie ouni Wurscht net funktionéiert.




Kommentar schreiben
FP1964 (Donnerstag, 23 Oktober 2025 12:18)
d'Gras ze legaliséieren war déi aller schlechst Idee déi Gambia haat���