Wéi een eng Vertrauenskris mat Food Trucks a Béier léist
Léif Lëtzebuerger Europabierger! Haut ass Europadag. An d'EU huet eng Fro un Iech:
"Wollten Sie schon immer einen ganzen Tag lang Europa erleben?"
Dat ass déi offiziell Kommunikatioun vum Europaparlament.
Net: "Wollt Dir schonn ëmmer Fridden a Stabilitéit?"
Och net: "Wollt Dir schonn ëmmer eng bezuelbar Wunneng?"
Net emol: "Wollt Dir schonn ëmmer, datt eppes géint déi héich Inflatioun ënnerholl gëtt?"
"Einen ganzen Tag lang Europa erleben", schreift d'Europaparlament. Wéi en All-inclusive-Weekend um Kierchberg.
A wou soll dat stattfannen? Net irgendwou. Mee – mir zitéieren – "im Zentrum unserer europäischen Demokratie."
Et gëtt just ee klenge Problem: am brandneien Democracy Perception Index 2026 vun der Alliance of Democracies Foundation – an dee gëtt net vun iergendwelche Verschwörungstheoretiker erausginn – lannt d'EU op Plaz 31 vu 68 ausgewäerten Entitéiten. Mat engem Score vu grad emol +10 Punkten.
Plaz 31!
Just virun de Philippinen (Plaz 32) an Egypten (Plaz 33). Hannert Brasilien, Indonesien an Argentinien.
Dat ass net "den Zentrum vun eiser europäescher Demokratie." Dat ass d'Mëttelfeld vun der Weltwahrnehmung.
Mee kommt, loosse mer eis den Europadag net vermasselen. D'Food-Trucks waarden.
De Programm – oder: Wat d'EU fir Iech geplangt huet
Aktivitéite ginn et "en masse". An der Stad lackelt d'Europaparlament mat:
"Aktivitäten für Kinder, Vorträge, Treffen mit Mitgliedern des Europäischen Parlaments, Quizspiele, Infostände, Führungen im EP-Turm — und Imbisswagen sorgen für Ihr leibliches Wohl."
CityShopping Lëtzebuerg – jo, och d'Butteker sinn elo Europabotschafter – versprécht iwwerdeems genau datselwecht: Aktivitéiten, Deputéierter, Quizzen, Führungen, food trucks... an "bien plus encore."
An zu Wooltz? Do geet et nach eng Nummer méi grouss. D'Gemeng Wooltz invitéiert op ee "Grousst Volleksfest" am Schlass, mat kulturellen Héichpunkten, enger Rees duerch d'EU-Memberstaaten, an – hei kënnt et – der Méiglechkeet, "d'Braue vu lokalem Béier" ze entdecken.
Béierbrauen als Europawäert.
Mir sichen nach ëmmer am Schuman-Plang nom Passage iwwert de Fermentéierungprozess vum Geescht, mee mir bleiwen optimistesch.
Fir Iessen an Drénken ass op jidde Fall an iwwerall beschtens gesuergt. Doriwwer brauch ee sech keng Suergen ze maachen. Dat war nach ëmmer esou. Dat wäert nach ëmmer esou sinn. Amen.
D'Realitéit – oder: Wat de Lëtzebuerger wierklech denkt
Iwwerdeems leet den Eurobarometer d'Kaarten op den Dësch. An déi gesinn net wierklech no feieren aus.
55% vun de Lëtzebuerger vertrauen den EU-Institutiounen. Dat klengt no Majoritéit, bis ee mierkt, datt bal d'Hallschecht hinnen NET vertraut. Hei. Zu Lëtzebuerg. Dem europäesche Musterschüler, matzen am Häerz vun Europa.
Ma loosst eis weiderscrollen.
63% vun de Lëtzebuerger gleewen, datt sech d'ekonomesch Situatioun an der EU an de nächste Méint verschlechtere wäert. Just 32% sinn optimistesch.
Déi 32% – dat si wahrscheinlech déi, déi nach ëmmer gleewen, d’EU géif hinnen eng Wunneng bauen, wann se just genuch Quizzen matmaachen.

An op d'Fro, wat d'EU am dréngendsten maache soll, fir den Alldag vun de Leit ze verbesseren, äntweren d'Lëtzebuerger ganz kloer:
- Fridden a Stabilitéit: 56%
- Kampf géint Kriminalitéit: 30%
- Méi bëllege Wunnraum: 26%
- Migratioun besser reegelen: 25%
Fridden. Sécherheet. Wunnraum. Existenziell Grondbesoinen.
Kee Mënsch huet gesot: "Ech hätt gär e Quiz iwwert d‘EU-Institutiounen, mat enger Portioun Gromperekichelcher derbäi." Kee Mënsch huet gesot: "Wat mir wierklech feelt, ass eng Féierung am EP-Tuerm." An och keen huet gesot: "Mäi gréisste Wonsch ass et, d'Konscht vum Béierbraue kennenzeléieren – am Zentrum vun eiser europäischer Demokratie."
D'Diagnos – oder: Wee lauschtert eigentlech weem no?
D'Leit maachen sech Gedanken iwwert de Konflikt am Noen Osten (24%), ëm d'international Instabilitéit (23%), ëm d'Inflatioun (21%), ëm d'Ukrain (16%). An d'EU-Kommunikatiounsmaschinerie produzéiert Quizspiller, Infostänn, Food Trucks – a Pressecommuniquéen iwwert Pressecommuniquéen.
Et ass wéi wann ee bei den Dokter geet a sech beklot: "Här Dokter, et geet mer net gutt, ech kann net schlofen, an ech maache mer Suergen ëm meng Zukunft." An den Dokter äntwert: "Wollt Dir net schonn ëmmer ee ganzen Dag laang erliewen wéi et ass, wann ee gesond ass? Mir hunn ee Quiz, Féierungen duerch mäi Büro – a Food Trucks. Déi suergen dofir datt et Iech gutt geet."
An wann s de da freets: "Mee Här Dokter, wat ass mat menger Diagnos?" – seet en: "Wësst Der, mir sinn am Zentrum vun der europäischer Medezin. Plaz 31 weltwäit. Dat ass d‘zolidd Mëttelfeld."
D'Moral vun der Geschicht
Loosse mer éierlech sinn: d'Iddi vun engem gemeinsamen Europa ass schéin. Si verdéngt et, gefeiert ze ginn. De Fridden an Europa ass keen Zoufall – en ass d'Resultat vu politeschem Courage nom zweete Weltkrich.
Mee tëscht der Iddi an der Wierklechkeet ginn et hefteg Rëss. An déi kënnen net mat Food Trucks, Quizspiller a Béierbrauen gefléckt ginn.
D'Leit wëlle Fridden – d'EU organiséiert ee Quiz. D'Leit wëlle Stabilitéit – d'EU offréiert Féierungen an engem Tuerm. D'Leit wëlle bezuelbar Wunnengen – d'EU servéiert kulinarisch Spezialitéiten. D'Welt hält d'EU fir eng mëttelméisseg Demokratie – d'EU nennt sech „Zentrum vun der europäischer Demokratie."
An d'Gemeng Wooltz léist all Europafro mat engem einfachen, iwwerzeegende Lëtzebuerger Argument:
"Entdecken Sie die Vielfalt Europas – und das Brauen regionaler Biere."
Vläicht hu si jo Recht.
Vläicht ass déi adäquat Äntwert op déi sëllege Problemer a geopolitesch Onrouen... ee gudden Humpen Éisleker Béier.
An engem Becher mat EU-Fändel.
Am Schlass zu Wooltz.
Prost, Europa!





Kommentar schreiben