· 

Geschützte Bauerenhaff zu Äischer

Entwürdegung vum Patrimoine

Zum Thema Denkmalschutz gëtt et esouvill ze soen, datt een eng ganz Sendung kéint domat fëllen. De Bericht vun RTL Lëtzebuerg war mol en Ufank. Merci der Journalistin Monique Kater (Télé) an dem Journalist Chris Meisch (Radio) fir hiren Interessi. Et bleift ze hoffen, datt hire Reportage eng méi breet Debatt ausléist.

D'Bild weist eng chronologesch Entwécklung vum denkmalgeschützte Bauerenhaff zu Äischer, an de lëtzebuergeschen Ardennen, als Bijou am Joer 2014 bis zu sengem Verfall am Joer 2025.
▲ Wéi den denkmalgeschützte Bauerenhaff vun Äischer (Enscherange) am Laf vun der Zäit ëmmer méi verfällt.

Wat de geschützte Bauerenhaff zu Äischer ubelaangt, kann ee feststellen, dass:

➤ de Kulturminister guer näischt gemaach huet, nodeems den Haff bis geschützt war;

➤ de Kulturminister zwee Mol deeselwechte Bréif als Äntwert geschéckt huet, wou drasteet "mir kucken", "mir werten", wéi en op de schlechten Zoustand vum Haff higewise gouf - awer ënnerholl gouf näischt.

➤ Enscherange keen Eenzelfall ass. Et ginn aner denkmalgeschützte Gebaier am Land an engem extrem schlechten Zoustand, datt se drop an drun sinn, an de Koup ze falen. Als Beispiller kënne Sprénkeng/Dippech, Diddeleng/Eligius Kapell, Hierber oder Béiwen genannt ginn.

➤ zu Lëtzebuerg de Quadratmeterpräis vu Neibauten méi zielt wéi den Denkmalschutz. Den Denkmalschutz existéiert oft just um Pabeier, a Wierklechkeet regéieren d'Promoteuren.

➤ d'Gemenge sech ganz oft desinteresséiert weisen. D'Buergermeeschteren*innen behaapten, si géifen um Patrimoine hänken a wären aktiv. Hir Aktivitéit weisen se awer virun allem beim Duerchschneiden vu Bännercher bei Neibauten.

➤ de Problem net nëmmen de Verfall vun engem Bauerenhaff, wéi zu Äischer am Kiischpelt ass, mee de Verfall vun der politescher Verantwortung.

An de soziale Medien gëtt de Bericht vun RTL kräfteg diskutéiert. 

Och op de Facebook-Säiten Luxembourg under Destruction an Lëtzebuerger Bauierwen erhalen / Architekturopstand & Baukultur hu ganz animéiert Diskussioune stattfonnt.

Erschreckend ass, wéi vill Leit an hire Kommentaren der Meenung sinn, e Proprietär kéint mat senger Immobilie maache, wat e wëllt, de Staat dierft sech do net amëschen. Wann en ee Bauwierk verfale léisst, ass dat fir muncheree ganz okay. Mamm Bagger drënner, a fort domat! Glécklecherweis ginn et och aner Kommentarer. D'Debatt an de soziale Medie weist, datt mer nach genuch Aarbecht virun eis hunn fir d'Ëffentlechkeet vum Wäert a vum Sënn vum Denkmalschutz ze iwwerzeegen.

Wat méi Leit der Meenung sinn, e Proprietät kéint mat sengem Eegentum maache, wat e wëllt, wat d'Politiker et méi einfach hunn, esou ze handelen, wéi s'et am Moment maachen: ofrappen a Schungkëschten amplaz setzen.

Een Thema, wat an de Kommentaren an de soziale Medien ëmmer nees erëmkënnt, ass de Logement. Datt mer eng Logementskris hunn, ass gewosst. Soss géifen net 140.000 Lëtzebuerger am Ausland wunnen. D'Logementskris gëtt awer net domat geléist, andeems all al Gebaier ofgerappt ginn - ënnert dem Pretext, mir bräichte Logement. Vill al a schützenswäert Haiser ginn dem Äerdbuedem gläichgemaach an duerch Residencen ersat, wou am Endeffekt oft just Bréifkëschtefirmen dra "wunnen". Wäiswampech ass voll dovun. Dat fréiert Bauerenduerf huet sech zu engem zweete Kierchbierg entwéckelt, mat zeg Residencen, an deene kee Mënsch wunnt. Datt déi sëllechen Appartementer zweckentfriemt goufen, gëtt ënnert dee berühmten Teppech gekiert - sou wéi villes hei zu Lëtzebuerg.

▲ Bréifkëschten zu Wäiswampech. Wunnraum gëtt zweckentfriemt.

Hei geet et bei de Bericht vun RTL: https://www.rtl.lu/news/national/a/2357429.html


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0