Lo gëtt mol endlech opgeraumt
Wärend Lëtzebuerg ënnert enger chronescher Wunnengsnout leid, schéngt sech en neie Phänomen ëmmer méi duerchzesetzen: eidel Immobilien. Verkomme Villaen, verloosse Sozialwunnengen, eidel Elterenhaiser – eidel steet am Trend. Jiddereen, deen dëse Summer net an engem eidele Gebai wunnt, huet den Trend verpasst.
Den Innen- a Policeminister Léon Gloden (CSV), bekannt fir seng Law-and-Order-Politik, huet Enn Juli 60 eidel Haiser vun de Forces de l'ordre iwwerpréife gelooss. Zil: Gewalt an Déifstall bekämpfen, a vläicht och d'Sich no illegal gelagerte Bounen. Et gëtt gemunkelt, datt d'Policeoperatioun vum leschte Mount a Wierklechkeet guer keng Policeaktioun war, mee den Trailer vun der neier Realityserie op RTL: "De Minister Gloden raumt op".
Minister Gloden: "Sqatter si schold um Logementsproblem"
Am optimale Kamerawénkel hunn 30 Beamten, dorënner och d'Hondsstaffel, eidel Immobilien duerchsicht. 27 geklauten Objete goufe beschlagnaamt, aacht Leit waren op der Lëscht fir deportéiert ze ginn, zwou Persoune koumen direkt an de Centre de Rétention, dem Prisong fir onerwënschte Migranten. Den Timing war perfekt: Nach dee selwechten Dag huet de Minister Gloden ugekënnegt, d’Zesummeféierung vu Flüchtlingsfamilljen ze erschwéieren. Fir d’Regierung gëllt: Am Léifste getrennt, a séier fort. "D’Famill ass d’Zell vun der Gesellschaft“, seet de Minister Gloden. "An dofir kréien se bei eis direkt eng Zell ... ouni Gesellschaft, wann se aus dem falsche Land kommen.“
Bei der Razzia koum de Minister net mat eidelen Hänn, mee mat RTL. Net als Zuschauer, mee als embedded Team. RTL huet souguer eng Fotosgalerie vun der Policeaktioun verëffentlecht.
De Minister Gloden sot Luxembourg Jungle géinteniwwer: "D'Wunnengsnout zu Lëtzebuerg ass ee reelle Problem, an d'Squatter sinn dru Schold. Dës Leit iwwernuechten illegal an dësen eidele Wunnengen. Si mussen erausgeheit ginn. Well wéi solle Proprietären hir Immobilien op de Marché bréngen, wann se vu Leit benotzt ginn?"
D'Martine Deprez iwwert hirt eidelt elterenhaus an hir Bounen
Wärend d'Police déi eidel Haiser duerchsicht, fir verdächteg Hausbesetzer (net ze verwiessele mat "Hausbesëtzer") ze verdreiwen, zitt sech d'Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez an en eidelt Haus zréck, an zwar an hiert Elterenhaus zu Harel. Dee selwechten Dag, wou d'Razzia-Opnamen op RTL publizéiert goufen, huet den Essentiel iwwer d'Vakanzepläng vun der Ministesch bericht. Ënnert dem Titel "Ministerin macht Urlaub mit Hund und Bohnen" gi mer gewuer, datt d'Martine Deprez dëst Joer net op d'belsch Küst fiert, mee léiwer am eidelen Haus vun hiren Eltere bleift. Do hätt si genuch Zäit fir sech ëm hiren Hond an hire Mann ze bekëmmeren a kéint an de Gaart Boune plécke goen. Ma dat interesséiert de Léon Gloden net déi Boun. Well hie weess genee, wou en an de Bounen drun ass.
Zoufall? Oder d'Flucht virun der Police-Razzia? Insider behaapten, de Policeminister hätt seng Parteikolleegin gewarnt: "Martine, wann s du net wëlls, dass däin Hond am Centre de Rétention lant, solls du dofir suergen, datt däin eidelt Elterenhaus bewunnt ass - an zwar séier." Oppositiounspolitiker fuerderen elo Gläichbehandlung: "Wann d’Police Squatter aus eidele Wunnengen erausgeheit an hinnen hir Saache confisquéiert, da soll d’Martine Deprez och hir Bounen erausréckelen."
Eidel Sozialwunnengen
An iwwerdeems d'Police an d'Ministesch iwwer eidel Haiser streiden, verwalt de staatleche Fonds du Logement hemmungslos iwwer 130 eidel Sozialwunnengen. Net well se onbrauchbar wären, mee well se "temporär net benotzt" sinn.
E Spriecher vum Fong huet Luxembourg Jungle erkläert: "Eis Appartementer si momentan eidel fir dass d'Police eppes ze kontrolléieren huet. Den Inneminister Gloden huet ugekënnegt, datt och dem Fong seng Immobilien iwwerpréift ginn, fir sécherzestellen, datt se net als Stopp fir Bounen oder kleng Hënn mëssbraucht ginn."
Déi nei Logementspolitik schéngt kloer:
- Jiddereen, deen an engem eidelen Haus wunnt a Minister ass, mécht Vakanz.
- Jiddereen, deen an engem eidelen Haus wunnt a kee Minister ass, mécht Problemer.
- Jiddereen, dee Mietwunnengen eidel stoe léisst a Staatsbeamten ass, mécht en Inventaire - net fir eng Léisung ze fannen, mee fir d'Statistik.
Et kéint een iwwerleeën, am Logementsministère e “Service des Logements vides“ anzeféieren fir endlech Uerdnung an d’Verwaltung vun eidele Wunnengen ze bréngen, besonnesch déi mat Squatter, klengen Hënn oder Bounen an eventuell Ministeren.
Bis dohinner bleift Lëtzebuerg e Land vun de Kontraster: Mat Sozialwunnengen, déi eidel stinn, Ministeren, déi eidel Wunnenge beleeën, an enger Regierung, déi d’Wunnengsnout bekämpft – mat Kamera, Asazkommando a Bounen. Hei gëtt näischt geléist, hei gëtt opgeraumt. An d’Léisung? Déi steet eidel, mee se kéint besat ginn.
Kommentar schreiben