· 

Eise Jang beim ZDF

An ëmmer nees dee lästege Konjunktiv

Obwuel eise Jang sech eigentlech aus dem Rampenlicht zréckzéie wollt, huet et him nees an de Fangere gekribbelt. An engem Interview huet hien sech op Vermutungen a Spekulatioune gestäipt – schliisslech geet et ëm dichteg Wierder, an nach méi ëm grouss Wäerter.

Fotomontage: De Jean Asselborn op der lénkser Säit mam Sproch "Der Konjunktiv äußert sich". Op der rietser Säit d'Ursula von der Leyen, déi mat der Lupp no Beweiser géint Ungarn sicht.
▲ Eise Jang stäipt sech op Vermutungen a Spekulatiounen, wärend d'Queen Ursula nach no Beweiser sicht.

E klengt investigativt Medium aus Osteuropa, dat ënner anerem vun der Europäescher Unioun finanzéiert gëtt, werft der ungarescher Regierung vir, Informatiounen aus EU-Réuniounen brühwaarm un d'Russe weiderginn ze hunn.

Beweiser? Bis elo keng. Net emol eng Fotokopie. 

Ma de vermeintleche Skandal passt wonnerbar an den Zäitplang:

  • E kënnt no engem Veto (19. Mäerz 2026)
  • E kënnt virun enger Parlamentswahl (12. Abrëll 2026)

Obwuel d'EU-Kommissioun drop higewisen huet, datt d'Reproche géint déi ungaresch Regierung "net corroboréiert", dat heescht am Kloertext: net verifizéiert sinn, fuerdert eise Jang elo scho Konsequenzen a Sanktiounen.

Zäit also, déi déck Kanounen erauszehuelen.

D'Wort schreift de 24. Mäerz: "Neue Beweise legen die Weitergabe von vertraulichen EU‑Informationen an Russland nahe."

Dat kléngt wéi eng kriminalistesch Sensatioun, bis een den Artikel liest a feststellt, datt déi "Beweiser" haaptsächlech aus Spekulatiounen a Konjunktiv-Verben bestinn: "mutmaßliche Weitergabe", "mögliche Weitergabe", "unter Berufung auf einen früheren Geheimdienstmitarbeiter" (Wéini? Wou ? Dat gëtt net verroden), "soll während Pausen telefoniert haben", "falls sich die Vorwürfe bestätigten".

Och am Tageblatt dominéiert de Konjunktiv, och Conditionnel genannt: "soll", "hätten", "mutmaßliche Unterstützung", "soll vorgeschlagen haben", "scheint", "es ist die Rede, dass…".

Souguer d'Washington Post, déi d’Geschicht verbreet huet, schreift selwer, datt se keng Beweiser gesinn huet. D’Berichterstattung ass dofir voll mat Formuléierungen wéi:

"Western officials say…", "one European security official said…", "according to officials familiar with the matter…", "who spoke on condition of anonymity…", "could be", "might be", "is believed to", "has been accused", "one source claims".

De Konjunktiv als Fluchtwee

De Konjunktiv dominéiert d'Spill — et ass déi eenzeg Verbform, déi et fäerdeg bréngt, eng ganz Welt an Otem ze halen, ouni eppes ze soen.

Am Alldag benotze mer de Konjunktiv, wa mer wëlle Wënsch, Méiglechkeeten an Dreem ausdrécken, also ëmmer dann, wa mer net sécher sinn, wa mer eis net wëlle festleeën, oder net wëlle verklot ginn.

An der Press gëtt en agesat, wann een eng Story erzielt, mee näischt an der Hand huet.

De Konjunktiv ass wéi ee verbalen Airbag, deen ëmmer opgeet, wann eng Ausso riskéiert, an eng Mauer vu Fakten ze knallen.

Hien ass wéi ee Noper, deen ëmmer alles weess – just ni aus éischter Hand an ni dat Wichtegst.

Beweiser? Jo, déi kéinten et ginn.

Quellen? Et sollen der existéieren.

Zeien? Et hätt een héieren, datt een eppes héieren hätt.

Erënnere mer eis un d'Dronen‑Episod: Iwwerall an Europa goufen Drone "gesinn", "gemellt", "vermut".

D'Zeitungen hunn deemools Sätz gebaut, déi esou geklongen hunn: "Et kéint sech ëm russesch Dronen handelen", "D‘Flugobjekter sollen e militäreschen Ursprong hunn", "Experten vermuten, datt…".

Op eemol : Rou. Näischt méi.

D'Dronen hu sech opgeléist wéi Zocker am Kaffi.

D'Geschicht iwwer déi ungaresch Spionagevirwërf ass genee sou voll mat Konjunktiv, datt een sech freet, ob net de Konjunktiv selwer d’Informatioune geliwwert huet.

Um Enn bleift just eng Fro: Wann d'Beweiser nach ënnerwee sinn – firwat ass de Skandal da schonn do.

De Konjunktiv war séier. Ze séier.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0