· 

Veni, vidi, vici

De Budgetsmarschbefeel

D’Dagesuerdnung vum NATO-Sommet zu Den Haag hätt op ee Béierdeckel gepasst. Just een eenzege Punkt stoung um Ordre du jour, an zwar d’Erhéijung vum Bäitrag vun 2% op 5% vum PIB. De Sommet huet dofir och nëmmen zwou an eng hallef Stonne gedauert.

NATO-Sommet 2025: den US-President trëtt op wéi ee Kinnek an ass ëmginn vu sengen Untertanen. Hien handelt no den antike réimesche Sloganen: "veni, vidi vici" an "si vis pacem, para bellum".
▲ "Veni, vidi,vici" (Er kam, sah, und siegte), Julius Cäsar; "Si vis pacem, para bellum" (Wann de Fridde wëlls, bereet de Krich vir), Publius Flavius Vegetius Renatus, réimesche Militärschreiwer aus dem 4. Jh.

Fir den US-President Donald Trump nëmmen net ze iergeren, hunn d’NATO-Staaten déi 5% duerchgewénkt. Keen huet sech getraut, och nëmmen ee Pippcheswuert ze soen, geschweigs dann dergéint ze goen.

"Mir wollten just, datt hien net nees bockeg gëtt an d'Dier klaakt.", huet de lëtzebuergeschen Ausseminister Xavier Bettel de 25. Juni um Mikro vun RTL gesot. Et hat een den Androck, e géif vun engem schlecht erzunnene Kand op engem Kannergebuertsdag schwätzen, awer net vum Kommandant vun der mächtegster Arméi op der Welt.

Fir sécher ze stellen, datt den US-President och wierklech bis zum Schluss bleift, an net, wéi um G7-Treffen a Kanda, aus Roserei einfach senger Wee geet, gouf de Programm, deen ursprünglech fir zwee ganzer Deeg ugesat war... op zwou an eng hallef Stonne gekierzt. De 24. Juni goung et um 11h30 lass, an um 14h30 war schonn Ofschloss-Pressekonferenz vum NATO-Generalsekretär Mark Rutte. Ganz nom Goût vum “Deal Maker” Trump: kurz und bündig.

A fir dass déi 150 Minutten harmonesch iwwert d’Bühn konnte goen, goufen sech déi aner 31 NATO-Memberstaaten scho virum Sommet eens, déi vum Donald Trump gefuerdert Bäitragserhéijung op 5% vum PIB bedingungslos ze akzeptéieren.

Rutte: "Europa wäert en héije Präis bezuelen – sou wéi et soll sinn."

De Mark Rutte, NATO-Generalsekretär um Pabeier, awer a Wierklechkeet Stréimann vum US-President, huet sengem Boss déi gutt Noriicht voller Freed a Veréierung a säin Handy getippt:

"Donald, Europa huet gefollegt. De Portmonni ass op, d'Geld fléisst. Dëst ass Däi Moment."

E Screenshot vun dëser Schläimspuer huet et bis an déi digital Bijouskëscht vum Keeser gepackt: Truth Social.

Screenshot vum NATO-Generalsekretär Mark Rutte senger devoter SMS un den US-President Donald Trump.
▲ Screenshot vum NATO-Generalsekretär Mark Rutte senger devoter SMS, kuerz virum Sommet, un den US-President Donald Trump, deen dës a sengem soziale Netzwierk Truth Social verëffentlecht huet.

“Europa wäert en héije Präis bezuelen” - sou schwätzt een iwwert seng Feinden, awer net iwwert seng Alliéierten. Et sinn dëst méi wéi erstaunlech Wierder vun engem Politiker, dee selwer laangzäit hollännesche Regierungschef war. 

And the winner is... d'US-Rüstungsindustrie

Am Joer 2023 huet d'US-Waffenindustrie mat bal 1.000 Milliarden Dollar geboomt – dat entsprécht dem BIP vu véier mëttelgrousse NATO-Länner oder, praktesch ausgedréckt: ongeféier 238 Millioune Panzergranaten zum Eenheetspräis. Et läit op der Hand, datt vun der Bäitragserhéijung vun 2% op 5% vum PIB virun allem d’amerikanesch Rüstungsindustrie wäert profitéieren, well:

✔︎ d'USA de féierende Liwwerant vun High-Tech-Waffesystemer sinn,

✔︎  vill NATO-Standarden op US-Technologie baséieren,

✔︎  an europäesch Länner dacks keng eege Produktiounskapazitéiten hunn.

Wat Europa also méi bezilt, wat et méi an de Keese vun der US-Waffenindustrie rabbelt. “America first” eben.

Lëtzebuerg bezillt aktuell 1,3% vum bne an d'nato an

D'Erhéijung vun de Rüstungsausgaben op 5% vum PIB bedeit fir déi europäesch Länner eng massiv Ëmverdeelung vum Budget.

An dëser Tabell ginn d’Bäitreeg opgezielt, déi déi eenzel NATO-Memberstaaten abezuelen:

Fir Lëtzebuerg gëtt d’Situatioun ëmmer méi quokeleg. Well obwuel de fréiere grénge Krichsminister Bausche Fränz 2023 um NATO-Sommet zu Wilnius eng Extrawurscht fir Lëtzebuerg ausgehandelt huet, laut där déi 2% net um PIB mee um BNE, dem Bruttonationalakommes (dem fréiere Bruttosozialprodukt) berechent ginn, huet Lëtzebuerg Krämpes, iwwerhaapt mol op déi 2% ze kommen. Aktuell bezillt Lëtzebuerg nëmmen 1,29% vu sengem BNE an d’NATO an - dat sinn 780 Milliounen Euro. Fir dem US-Präsident ee Gefalen ze maachen, huet de neie Luc a senger Ried zur Lag vun der Natioun, den 13. Mee 2025, matgedeelt, datt Lëtzebuerg nach dëst Joer wéilt op déi 2% kommen.

Am Kloertext: déi 780 Milliounen Militärausgaben vu bis ewell ginn op 1,2 Milliarden ugehuewen – wuelverstanen fir op déi 2% ze kommen. An déi haalef Milliard, déi feelt? Kee Problem – d'Vollek kann ee Staatsemprunt finanzéieren. Ironie? Nee. Realpolitik mat Humor.

An der Chamber huet de neie Luc betount, datt hie net géif un de Sozialsystem kraze goen an och keng Steiererhéijunge virgeséich, mee datt d’Regierung géif ee Staatsemprunt lancéieren, un deem sech d’Privatleit bedeelege kënnen.

4 Milliarden fir d'Oprëschtung am Joer 2035

Obwuel de neie Luc Mëtt Mee scho wosst, datt et mat den 2% vum BNE als NATO-Bäitrag net duergeet, well d’5%-Fuerderung vum Donald Trump säit senger Amtsaféierung vum 20. Januar 2025 offiziell bekannt war, huet hien dem Land d’Seechen vun den 2% verklickert. Vläicht huet hien insgeheim gehofft, den Donald Trump géif sech et awer nach anescht iwwerleeën – mee do huet hien dann d’Rechnung ouni de Wiert gemaach!

Eng einfach Regel-de-tri beweist: Wann 2% vum BNE 1,2 Milliarde ausmaachen, da leie mer bei 5% bei 3 Milliarden. Pro Joer! Et feelen also weider 1,8 Milliarden Euro fir op déi 5% ze kommen.

Ma och dat ass nëmmen déi hallef Wourecht. Déi 3 Milliarden sinn nëmme kuerzweileg gülteg, well et sech beim BNE (an och beim BIP) ëm ee beweegleche Wäert handelt, deen sech un de Wirtschaftswuestum uleent. Déi 3 Milliarden sinn an zéng Joer, 2035, also dem Stéchdatum, wou déi beschlosse 5%-Reegelung a Kraaft trëtt, natiirlech keng 3 Milliarde méi wäert, mee vill méi. Bei engem geschate Wirtschaftswuestum vun 3,5% pro Joer, geet och de BNE (an de BIP) ëm 3,5% pro Joer erop. Am Kloertext heescht dat, datt aus deenen 3 Milliarden am Joer 2035 4,23 Milliarde ginn.

An anere Wierder: 2035 feelen 3 Milliarden Euro fir d’NATO-Ziel vu 5% Bäitrag ze erfëllen.

kënnt et zu ëmverdeelungen am staatsbudget?

Gréisser Ëmschichtungen am Staatsbudget schéngen deemno onvermeidbar ze sinn. Et wär net  verwonnerlech, wann de neie Luc dem Land geschwënn erkläere géif, d'Leit missten de Rimm méi enk zéien, well mer jo Waffe kafe mussen. Schliesslech steet “de Russ” virun der Dier. Dee gräift hoffentlech net, wéi geplangt, 2029 un, mee réischt 2035, also an zéng Joer, wa Lëtzebuerg an déi aner NATO-Länner opgerëscht sinn.

“Méi Cash an der Täsch” war zwar ee gudde Walslogan vun der CSV – dee war awer nom NATO-Sommet séier nees an den Tirang geluecht a vläicht virun de nächste Walen nees erausgezunn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0