Artikel mit dem Tag "Frieden"



Elektresch +60%, Gas + 17%
Gestëppels · 16. Mai 2024
Eng Meldung an der Gratispress L’Essentiel suergt an de soziale Medien fir Diskussiounen. Wann d’Subventiounen fir d’Energie a sechs méint ewechfalen, klammen d’Präisser fir d’Konsumenten méi wéi däitlech.

De falsche Prophet...
Wahlen 2023 · 23. September 2023
Kaum ee Politiker polemiséiert am Moment méi wéi de #Luc. Ma fir de #Luc ze verstoen, muss een och seng Vergaangenheet kennen. E jonke Mënsch huet sech d'Méi gemaach, dem #Luc seng politesch Carrière opzeschaffen. De #Luc ass doriwwer guer net frou a jéimert. Liest, wat hien sengem Frënd Jean-Claude schreift.

Videostar
Wahlen 2023 · 06. August 2023
De #Luc huet ee Video iwwert sech dréine gelooss. Hien ass frou, well net emol Statisten sinn drop ze gesinn. An engem weidere Bréif un de Jean-Claude, deen der Redaktioun vu Luxembourg Jungle virläit, geet de #Luc an d'Detailer.

D'Land laacht iwwert déi Gréng
Wahlen 2023 · 12. Mai 2023
Un där Karikatur aus dem "Lëtzebuerger Land" vum 12.5.2023 ass vill Woures drun. Wann een, wéi d'Tanson, beabsichtegt, eis Strofgesetzgebung esou ofzeänneren, dass Kanner vun 13 Joer kënnen an de Prisong kommen, da léisst dat déif blécken. Déi Gréng sinn am Gaang, de Frieden riets ze iwwerhuelen.

ECH!
Wahlen 2023 · 30. April 2023
De Luc Frieden huet all seng Joben opginn fir kënne Spëtzekandidat vun der CSV ze ginn. Mir hunn eis mam prominenteste Chômeur vu Lëtzebuerg ënnerhalen.

De Spëtzekandidat vun der CSV
Wahlen 2023 · 27. März 2023
Lo ass et also offiziell. Dee Mann, deen an e puer Méint seng 60 Joer feiert, vun der CSV awer zanter zwee Méint ganz bewosst als dynameschen, temperamentvollen, jonken 59-jährengen servéiert gëtt, ass um Konvent vum 25. Mäerz 2023 zu Ettelbréck endlech als nationale Spëtzekandidat ugeholl ginn. Iwwregens: d’Wuert "Konvent" staamt aus dem Laténgeschen "conventus" a bedeit "eng Versammlung vu Pateren am Klouschter", wat also ganz gutt bei déi Chrëschtlech-Sozial passt.