· 

Elektresch +60%, Gas + 17%

Ween Decidéiert iwwert d'Energiepräisser zu Lëtzebuerg?

Eng Meldung an der Gratispress L’Essentiel suergt an de soziale Medien fir Diskussiounen. Wann d’Subventiounen fir d’Energie a sechs méint ewechfalen, klammen d’Präisser fir d’Konsumenten méi wéi däitlech.

Eigentlech ass d’Informatioun am Essentiel näischt Neits, well schonn am Februar huet de Statec op d’Präisshaussen fir Gas an Elektresch nom Auslafen vum Tripartite-Accord higewisen a kënnt a senger Inflatiounsprevisioun um 8. Februar 2024 zur Schlussfolgerung, dass d’Präisser fir Gas ëm bis zu 37%, fir d’Elektresch ëm bis zu 93% an déi vum Sprit ëm bis zu 2% klamme wäerten. Wuertwiertlech schreift de Statec: “qu’en 2025, le gaz, l’électricité et le Brent connaîtraient des hausses de respectivement 37%, 93% et 2%

▲ L'Essentiel, 16/05/2024
▲ L'Essentiel, 16/05/2024

D’Subventiounen fir d’Energie goufe vun de Sozialpartner an der Tripartite vum 3. Mäerz 2023 ausgehandelt an duerno schrëftlech am Accord vum 9. Mäerz 2023 festgehalen. Déi ausgehandelt Subventiounen bleiwe bis Enn dëst Joer a Kraaft. 

Wéi et nom 31. Dezember 2024 weidergeet, steet an de Stären. Den Energieminister Lex Delles hat allerdings ugekënnegt, ee Virschlag fir d’Verlängerung vun den Energiesubventiounen ze ënnerbreeden, wéi een konnt an engem Artikel an der Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land" vum 16/02/2024 liesen.

▲ Lëtzebuerger Land, 16/02/2024.
▲ Lëtzebuerger Land, 16/02/2024.

Aus dem Staatsbudget fir 2024 geet awer kloer ervir, dass déi ausgehandelt Subventiounen Enn 2024 auslafen an net verlängert ginn. Fir 2025 si grad emol nach 100€ un Energiesubventioune virgesinn.

▲ Extrait Staatsbudget 2024, Ausgaben Ministère de l'Économie
▲ Extrait Staatsbudget 2024, Ausgaben Ministère de l'Économie

Interessant ass an deem Kontext d’Wirtschaftsprognos fir d’Fréijoer 2024 vun der Europäescher Kommissioun, déi de 15. Mee 2024 püblizéiert gouf. Am Kapitel iwwer Lëtzebuerg stellt den EU-Wirtschaftkommissar Paolo Gentiloni mat grousser Freed fest, dass déi lëtzebuergesch Hëllefen am Energieberäich bis Enn des Jores schrëttweis ofgebaut ginn an nach just bis den 31. Dezember 2024 a Kraaft bleiwen. Dat géif Lëtzebuerg hëllefen, d’Gesamtkäschten erofzedrécken an de Wuesstum vum BIP unzekuerbelen. Ëmmerhin hätten d’Hëllefsmoossnamen am Energieberäich 2023 ronn 0,9% vum Lëtzebuerger BIP ausgemaach. De Verdacht läit also no, dass Lëtzebuerg seng Sozialpolitik esou ausriicht wéi et der Europäescher Kommissioun genehm ass. Et ass net ausgeschloss, dass et d'Bréisseler Kommissioun war, déi um Ursprong vum Auslafe vum sougenannte “Lëtzebuerger Modell” stoung, well si net begeeschtert ass iwwert d’Subventiounen vun den Energiepräisser. Liberalismus ass nun eben eng politesch Ausriichtung, bei där déi, déi vill hunn, nach méi kréien, wärend déi sozial Schwaach oft eidel ausginn.

Ëmsou méi batter stéisst et engem erop, dass d’ “Investitiounen” an d’Arméi an an d’Rüstung op 2,6 Milliarden Euro klamme wäerten. Sollt d’Chamber deem zoustëmmen, läit et op der Hand, dass fir Sozialpolitik manner Suen zur Verfügung stinn.

▲ Artikel LW, 10/05/2024
▲ Artikel LW, 10/05/2024

Kommentar schreiben

Kommentare: 0