· 

Dat haart Liewe vun der EU-Elite

Wann d'Welt brennt, mee den Hotel an d'Batterie Problemer maachen

Ass d'europäesch Demokratie wierklech a gudden Hänn? Dës Woch krute mer direkt zwee Virfäll an eiser Press gemellt, wou een sech eeschthaft Froe stelle muss, wéi et mat Europa weidergoe soll, wann sech net direkt eppes ännert.

Satiresch Fotomontage: D'Queen Ursula an de Marc Angel beim Dokter. Si bekloe sech iwwer dreckeg Këssen an eidel Batterien. Den Dokter verschreift: Manner Drama, méi Realitéit. Symbolbild fir eng EU, déi un der eegener Lächerlechkeet leid.
▲ D’EU beim Dokter: Eng Unioun, déi un dreckeger Bettwäsch an engem eidelen Akku verzweiwelt.

Éischt Katastrof: En Europarlamentarier — Nationalitéit bekannt, Numm diskret geheim gehalen, Hotel nach méi geheim — huet zu Stroossbuerg an engem Zëmmer iwwernuecht, dat den héije Standarden, deenen e gewinnt ass, net entsprach huet. Den dramateschen Héichpunkt: E Besuch beim Parlamentsdokter. D'Mënschheet ziddert.

De Lëtzebuerger LSAP-Europadeputéierten Marc Angel, e Mann mat Sënn fir Verantwortung, huet d'Affär ëffentlech gemaach. Net fir ze jéimeren, nee! — mee fir ze plädéieren, wéi d'Wort schreift. Fir e Prozedure-Regime. Fir e Protokoll. Fir eng Charte vun den zoumuttbaren Hotel-Standarden, déi dem Niveau vu gewielte Volleksvertrieder entsprécht. Endlech. Et ass héich Zäit ginn. 

Politico, dat renomméiert Blat vum Axel-Springer-Verlag, deen och d'Bild-Zeitung erausbréngt, huet dës Story mat der néideger Seriositéit behandelt, déi se verdéngt. An d'Wort, ëmmer op der Sich no de grousse Froe vun eiser Zäit, huet se dankend iwwerholl a weiderverbreet. Service public, eben.

Mee wa mer éierlech sinn: dat ass natierlech kee Luxusproblem. Et ass en institutionelle Problem vun historeschem Ausmooss. Wann en EU-Parlamentarier no engem dreckegen Hotelzimmer krank gëtt, da gëtt domat d'Obstëmmungsfäegkeet vun engem EU-Staat a Fro gestallt. Da kënnen Direktiven net gestëmmt ginn. Da geréit d'Balance vun der Muecht duercherneen. Oder esou ähnlech.

Breaking: EU-Kommissär huet 27 Minutten Zäit fir nozedenken – Experten alarméiert.

Mee dat war jo nach net alles. Skandal Nummer zwee: Zwee Deeg virdrun hat Politico — an d'Wort trei hannendrun — eng weider europäesch Tragedie opgedeckt. D'EU-Kommissären, also déi Hären a Dammen, déi d'Energietransitioun vu Bréissel aus managen, mussen op hirem Wee vu Bréissel op Stroossbuerg op der Aire de Capellen Halt maachen. Well hiren Elektroauto kee Jus méi huet. 20 bis 30 Minutten. Eng Otempaus fir sech d'Been e bëssen ze vertrëppelen. Skandal!

Politico nennt dat "Verdross". "Dat funktionéiert net", seet e Mataarbechter, deen anonym bleiwe wëllt, iwwert de Virschlag, e bësse méi lues ze fueren fir Stroum ze spueren. E Mensch mat Prinzippien.

D'Queen Ursula bleift vu béiden Defie verschount: Hire gepanzerten Déngschtwon ass net elektresch. Si kann non-stop duerchfueren, a kann ouni dreckegt Bettgezei an ouni Parlamentsdoc iwwerliewen. An zur Nout kann si nach ëmmer op de Privatjet zréckgräifen, wéi si et d'lescht Joer fir hiren Deplacement vu Bréissel op Lëtzebuerg gemaach huet.

Zwou Storyen, een Thema: D'EU-Polit-Elite leeft Gefor, d'Pedallen ze verléieren — wann dat iwwerhaapt jeemools sollt de Fall dewiescht sinn. D'Populatioun kämpft mat Kafkraaftverloscht, mat Wunnengsnout, mat der Aarmut a mam Erhale vum Sozialstaat. D'Europäer zu Stroossbuerg kämpfe... mat Bettproblemer an ze laange Pausen fir den Elektro-Dénschtwon opzelueden.

A Politico an d'Wort berichten doriwwer. Mat ganz eeschter Minn, wéi wann dat déi wichtegt Froe wären, déi d'EU-Bierger am Moment beschäftegen. Wäit ewech vun de Problemer vun normale Leit, mee grad esou wäit, datt een se bal net méi erkennt.

Iergendwou tëschent Capellen a Stroossbuerg, tëschent engem dreckege Läinduch an engem eidelen Akku, läit d'Essenz vun der europäescher Politik am Joer 2026. 

Europa geet net un der Demokratie zougronn, mee un engem dreckege Këssen an engem eidelen Akku. 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0