Eng Satir iwwer d’EU-Elite, déi sech mat Hotel‑Drama an Opluedpausen ofgëtt, wärend d’Bierger mat reelle Problemer ze kämpfen hunn. Eng Consultatioun beim "Parlamentsdokter", wou Bettwäsch a Batterien d’Demokratie an de Schied stellen.
Déi chrëschtlech-sozial EVP-Fraktioun am Europaparlament, zu där och déi CSV-Deputéierten gehéieren, huet en Antrag vun der rietsextremer ESN-Fraktioun iwwer Deportatiounszentren fir Flüchtlichen an Drëttlänner ënnerstëtzt - an domat ee geféierleche Präzedenzfall geschaaft.
Am klenge Groussherzogtum Lëtzebuerg, wou kaum méi Leit wunnen wéi an ee gréisseren Outletzenter an de Solde passen, suergt den ADR-Europadeputéierten Fernand Kartheiser fir Opmierksamkeet - an Opreegung. Am Europaparlament wëllt hie just nach Lëtzebuergesch schwätzen. Mee wien versteet hien eigentlech?