· 

Äppel-Gate

Et war eemol… e Cocktail

Et war eemol viru laanger Zäit, du war Lëtzebuerg houfreg op seng Äppel. “Regional a saisonal“, huet de Landwirtschaftsministère gesot, “dat ass Identitéit, Vertrauen a Gesondheet.“ An d’Lëtzebuerger hunn dat gegleeft, esou wéi d’Kand am Mäerchen, dat d’Hex mam Apel fir eng léif Bomi gehalen huet.

Bis den 29. Januar 2026.

Illustratioun mat der Hex aus dem Schneewittchen, déi e rouden Apel an der Hand hält. Nieft hir steet eng gëft-gréng Spriechblos: “Hei, mäi Kand. D’Gëft ass schonn dran. Dat ass haut Standard.“ Uewen ass e Banner mat #regionalsaisonal. Eng Satir.
▲ D’Hex mam Apel: D’Mäerchen ass eriwwer – d’Chimie am Apel ass haut Standard.

Du koum de Mouvement écologique mat enger Studie vun PAN Europe an der Hand an huet gesot: "Kuckt emol eran." An do war d’Mäerchen eriwwer.

D’Étude, déi net dierf sinn

PAN Europe huet am Hierscht 2025 Äppel aus 13 europäesche Länner an engem professionelle Labo teste gelooss. D’Resultater sinn esou appetitlech wéi d'Zutatelëscht op engem Botzmittel.

Resultat:

  • 93% vun den Äppel mat Pestizidréckstänn
  • 5 bis 7 chemesch Accessoire pro Lëtzebuerger Apel
  • 112-fach Iwwerschreidung vun de Grenzwäerter fir Babyen a Kanner
  • Wäschen hëlleft näischt, well d’Gëft sëtzt am Apel, net op der Schuel

An d’PAN-Europe-Studie huet net just "eppes" fonnt, mee eng hallef Apdikt: 

  • Captan (Fungizid, quasi Standardausstattung) 
  • Fludioxonil (Schimmel-Bodyguard) 
  • Pirimicarb (Blatlais-Schreck) 
  • Chlorantraniliprole (Nervegëft fir Insekten) 
  • Acetamiprid (Neonicotinoid, Beien hassen et) 
  • Boscalid (Fungizid mat laangem Otem)

Eng Zesummesetzung, déi éischter un e Cocktailrezept erënnert wéi un eng Fruucht.

Déi ganz Étude kann een hei noliesen.

De Mouvement écologique huet gesot: "Gitt äre Kanner léiwer Bio."

An direkt ass d’Landwirtschaftslobby aus der Këscht gesprongen an an den Ugrëff iwwergaangen.

D’Politik: „Alles am grénge Beräich“

D’CSV-Landwirtschaftsministerin Martine Hansen — d‘Cousine vum EU-Landwirtschaftkommissär (zoufällegerweis och CSV) — huet sech den 30. Januar virun de Mikro gestallt an erkläert:

  • "Keng muttwëlleg Veronsécherung vun der Bevëlkerung."
  • "Alles ass sécher."
  • "Alles ass konform, näischt Illegales."
  • "Et besteet absolut kee Risiko."

D’Strategie war kloer: net de Problem léisen, mee d’Diskussioun erstécken, an d’Fakten esou dréinen, datt se net méi stéieren. Dat heescht am Kloertext: d’Étude a Fro stellen, net d’Pestiziden.

D’PAN-Europe-Studie ass op eemol zu enger Laascht fir eis sougenannten "héichwäerteg" #regionalsaisonal Produkter ginn, eng Laascht, déi een am léifsten sou séier wéi méiglech aus dem Bléckfeld verschwannen deet.

D’Uebstbaueren: "Diffamation!"

De Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin huet sech op Facebook gemellt a geflucht:

  • "Dat ass Diffamation!"
  • "Hei ginn Äppel mat Biere verglach!"
  • "Beim Mouvement écologique besteet e Mangel un Dialogbereetschaft!"

Déi klassesch, reflexarteg Lëtzebuerger Reaktioun: Wann d’Realitéit net passt, ass ëmmer de Buet, deen d’Noricht iwwerbréngt, dee Schëllegen. Dobei heescht et dach sou schéin: Don’t shoot the messenger.

Datt de Mouvement écologique déi Étude guer net selwer gemaach huet, mee just d’Resultater matgedeelt huet, war egal. An engem Land, wou d’Kritik un der Landwirtschaft bal als Landesverrot gëllt, ass d’Wourecht fir verschidde Kreesser oft de wierkleche Problem.

D’ASTA-Märchestonn

A wärend d’Landwirtschaftsministerin probéiert huet, d’Leit ze berouegen an d’Uebstbaueren "Diffamatioun!" gejaut hunn, erzielt eis e Lieser, datt hien un engem ASTA‑Cours deelgeholl huet — enger staatlecher Formatioun, déi erkläert, wéi Landwirtschaft hei am Land ze funktionéieren huet.

Do gouf him erkläert: "E gudden Apel muss op d’mannst 12 bis 15 mol gesprëtzt ginn."

Dunn ass op eemol d'Gesamtbild vum Puzzel entstanen: D’Étude weist d’Pestidizréckstänn, d’ASTA léiert d’Method, an d’Politik berouegt d’Vollek.

An d’Hex aus dem Schneewittchen steet do an ass frou, datt si endlech net méi déi Béis ass.

#regionalsaisonal: D’Marketing-Märchen

De Landwirtschaftsministère bedreift déi schéi Websäit #regionalsaisonal, wou ee liese kann:

  • "Regional Produkter schafe Vertrauen"
  • "Saisonal a regional Liewensmëttele si méi gesond"
  • "Regional Produkter sti fir Identitéit"
  • "Regional Liewensmëttele schounen d’Ëmwelt"

Eng schéi Geschicht fir déi, déi net ze vill wësse wëllen. Leider zielt eis d’PAN-Europe-Studie eng aner Versioun.

D’Äppel si wuel regional. D’Gëft ass saisonal. An d’Identitéit? Ass natierlech mat am Kuerf.

D’Hex mam Apel

An da gëtt d’Geschicht op eemol visuell. D’Hex aus dem Schneewittchen hält hire rouden Apel an der Hand a seet:

"Hei mäi Kand. D’Gëft war schonn dran. Ech hu guer näischt misse maachen."

D'WOXX schreift dofir vu "Schneewittchenäpfel". D’Hex ass, wéi scho gesot, net méi déi Béis an der Geschicht. Si ass just nach d'Maskottchen vun engem System, deen d’Gëft normaliséiert huet.

D’PAN‑Europe‑Studie liwwert d’Fakten. D’Politik d’Berouegungpëll. D’Uebstbaueren d’Empörung. An d’ASTA liwwert d’Reegel: 12 bis 15 Sprëtzen pro Saison.


Ee Gléck, datt mer geschwënn op "frësch a gesond" Mercosur-Äppel kënnen zréckgräifen.



Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0