· 

Meta hält eis fir e Schonghändler

Wa ∞ Meta d'Ironie net erkennt

Nodeem mir eis Satir an eisen 30-Sekonne-Clip iwwer d'Rekrutéierungscampagne "PRETT" vun der Lëtzebuerger Arméi publizéiert hunn, krute mir ee Message vu Meta geschéckt. 

Satirescht Bild "Wa Meta d'Ironie net erkennt": Screenshot vun engem Meta-Message, laut deem eise Reel iwwer d'Arméi-Campagne "PRETT" a Wierklechkeet eng Reklamm fir Schong wier. "Nee, Här Zuckerberg, mir verkafe keng Schong mee Satir".
▲ Meta AI hält Luxembourg Jungle fir ee Schongverkeefer a fuerdert eis op, dëst och deementspriechend korrekt unzeginn.

Wann eng Kënschtlech Intelligenz net tëscht Satir a Schong-Reklamm ënnerscheede kann, freet een sech wéi "intelligent" si tatsächlech ass. Ironie, Humor a kritescht Denken schéngen nach net bei der KI vu Meta ukomm ze sinn.

Awer kee Stress, Här Zuckerberg: mir si jo PRETT, Iech dat ze erklären.

Hei ass de Clip, dee mir gepost hunn.▼

An hei ass d'Zeen aus dem Clip, déi Meta dozou verleet, unzehuelen, Luxembourg Jungle wäer ee Schonghändler. Souzesoen als "Beweis" huet Meta eis déi betraffe Foto vun den ofgenotzten Arméisstiwwelen souguer extra matgeschéckt. ▼

▲ Wéinst dëser Foto mat Militärstiwwelen ass Meta fest dovun iwwerzeegt, Luxembourg Jungle wier a Wierklechkeet ee Schonghändler. 🤣
▲ Wéinst dëser Foto mat Militärstiwwelen ass Meta fest dovun iwwerzeegt, Luxembourg Jungle wier a Wierklechkeet ee Schonghändler. 🤣

Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0