Wéi d'Afen de Krich entdeckt hunn
Et fänkt ëmmer esou un. Eng Gemeinschaft lieft zanter éiweg friddlech zesummen. Si deelen sech een Territoire, iessen zesummen, beschützen een deen aneren, bekëmmeren sech ëm déi Jonk. Bis op eemol alles ännert.
Éischt Polariséierung. D'Gemeinschaft spalt sech. Ee vun deenen zwee Lageren ass nervös. Déi eng meiden déi aner, distanzéieren sech. Patrulle ginn agesat. Grenze gi gezunn. Aus der Grenz gëtt eng Frontlinn. An dann — wéi ëmmer — kënnt d'Gewalt an d'Spill. Systematësch. Organiséiert. Ëmmer méi brutal. Mord und Totschlag. Souguer Kanner sinn net méi sécher.
Am Ufank vum Gestreits steet een ganz uewen: een dee keng Reegelen anhält, well se him egal sinn, een, deen seng Alliéierten a seng Feinden terroriséiert, een, dee mat senger Brutalitéit alles destabiliséiert wat bis dohi stabil war. En Alpha-Männchen, dee mat primitiven Instinkter operéiert, amplaz mat Verstand, Intelligenz a Wäitsiicht.
Iech kënnt dat bekannt vir? Kloer. Et leeft jo grad iwwerall nom selwechte Muster.
Ma lo kënnt de Clou: Mir schwätzen net vu Mënschen. Mir schwätze vu Schimpansen. Konkret vun den Ngogo-Schimpansen am Kibale-Nationalpark an Uganda — mat ronn 200 Déieren déi gréisst bekannt Grupp vu wëll liewende Schimpansen op der Welt. Amerikanesch Wëssenschaftler hunn de Krich vun dësem Schimpansevollek iwwer Joerzéngten dokumentéiert an hir Étude viru kuerzem an der Fachzäitschrëft Science publizéiert. Och d'Press huet doriwwer bericht.
Ob d'Fuerschung iwwert dës Schimpansen awer weidergefouert gëtt, ass komplett ongewëss — den Trump huet déi finanziell Ënnerstëtzung fir d'National Science Foundation schonn drastesch erofgesat a wëllt hire Budget nach ëm méi wéi d'Halschent kierzen. Den Alpha-Männchen mécht anscheinend alles, fir datt keen iwwert hie fuerscht.
Déi positiv Erkenntnis vun dëser wëssenschaftlecher Étude? Bis an d'1990er Joeren hunn dës 200 Schimpansen friddlech zesummegelieft. Joerzéngte laang. Ouni Krich, ouni Grenzen, ouni Alpha-Gedeessems.
Déi schlecht Noriicht? Iergendwann hunn d'Schimpansen ugefaang, sech wéi Mënschen ze behuelen.
A mir behaapten, d'Mënschheet hätt sech weiderentwéckelt. Moie Misch!
Wéi heescht et esou schéin am Volleksmond: "Een Af mécht der honnert." Hei ass et awer just ëmgedréint: Ee Mënsch mécht honnert Afen.




Kommentar schreiben