· 

Toilettenalarm

Lëtzebuerg am Ausnamezoustand

Et brauch normalerweis scho vill, fir de Lëtzebuerger aus der Rou ze bréngen. Mee et gëtt eng Ausnam: Toiletten.

Wéi d'Regierung matgedeelt huet, Unisex-Toiletten an ëffentleche Gebaier anzeféieren, war d’Land am Ausnamezoustand. Op eemol war et net méi wichteg, datt d'Welt brennt, d'Deindustrialiséierung voll amgaang ass, d'Aarmut rasant klëmmt, d'Aarbechtslosegkeet eropgeet, d'Regierung eis all Woch seet, mir misste "resilient" ginn, oder datt "de Russ" schonn am Houwalder Rond-Point lauert. Nee. Déi richteg Gefor ass: E gemeinsame Raum mat enger Toilette dran.

Fotomontage mat zwee Ministeren. De Minister Meisch hält e Schëld wou dropsteet "PIPI-KAKA LAND" an "WC Unisex" an dräi Toilette-Piktogrammer. Eng Spriechblos: "Mir hunn och schonn nei Schëlder." Satirisch Duerstellung vun der Debatt ëm Unisex-Toiletten.
▲ D’Léisung fir alles: nei Toiletteschëlder. De Rescht… mir kucken.

Kaum haten d’Ministere Meisch a Backes d'Wuert "unisex" ausgeschwat, ass eng Panikwollek iwwer Lëtzebuerg gezunn, wéi wann se ugekënnegt hätten, de Bofferdéngsbéier géif et ab muer just nach an der alkoholfräier Versioun ginn.

An du koum se schonn: d'Petitioun n°3944. 3400 Ënnerschrëften an dräi Deeg. Dräi Deeg! Fir all anert Thema brauch een hei am Land eng Taskforce, eng Tripartite, e Flyer a véier Sproochen, an op d'mannst eng Manifestatioun wou fir Iessen an Drénken beschtens gesuergt ass – gratis natierlech.

Mee bei den Toiletten? Do hält de Spaass op! Do erwächt d'Land aus dem Koma, rifft no Demokratie – an dat mat engem Äifer, wéi een e bei richtege Problemer nach ni gesinn huet.

Den Text vun der Petitioun kléngt wéi en Alarmbericht vum Haut-Commissariat à la protection nationale: Privatsphär menacéiert! Sécherheet a Gefor! Psychosozial Spannungen! UN-Kannerrechter! Et feelt nach just eng Cellule de crise, déi a giele Warnwesten a Walkie-Talkien d’Situatioun op den Toiletten iwwerwaacht.

An dobäi geet et net ëm Cyberattacken, net ëm Energieofhängegkeet, net ëm de Sozialstaat, deen euroapwäit amgaang ass, ze implodéieren. Nee. Et geet drëm, ob e Meedchen an e Jong déiselwecht Dier kënnen opmaachen, fir zwou Minutten hir Rou ze hunn.

De Splack ënnert an iwwert der Toilettendier

Eréischt duerno, wéi d'Debatt schonn amgaang war ze brodelen, hunn d’Leit sech an de soziale Medien op eemol un déi hallef-oppen Kabinnen erënnert, déi et zanter 50 Joer hei am Land gëtt. De  Splack ënnert an iwwert der Toilettendier, déi elo an der Kritik steet, gouf deemools ganz bewosst esou gebaut. Et wollt een eng visuell Kontroll. Et wollt ee manner Vandalismus. Et wollt ee manner Drogekonsum. A virun allem wollt ee Sue spueren.

Dëse Splack an der Dier war ni en ideologesche Statement - et war einfach nëmmen eng bëlleg Léisung. An elo, Joerzéngte méi spéit, gëtt se behandelt wéi e Symbol vu westleche Wäerter, déi mordikus muss bäibehale ginn.

Dobäi wier d’Léisung esou simpel: Kabinnen, déi bis op de Buedem an op de Plaffong ginn. Eng Belëftung, déi net no Fëschbuttek richt, a Schlässer, déi op an zou ginn. Fäerdeg.

Déi berüümt "drëtt Toilett"

Ma Lëtzebuerg wier net Lëtzebuerg, wann een net eng typesch lëtzebuergesch Léisung parat hätt: déi berüümt "drëtt Toilette". E Kompromiss, deen zwar keen zefriddestellt, awer iergendwéi berouegt. Keen huet dono gefrot, mee lo ass se eben do – déi drëtt Toilette. Eng Léisung, déi esou lëtzebuergesch ass, datt se schonn erëm Sënn mécht.

An deem ganze Gebierels entdeckt d'Internetgemeinschaft d'Toilette dann och nach als spirituelle Refuge. De moderne Mënsch fënnt seng Rou net méi am Bësch, net am Park, net am Wellness – mee tëscht der Chasse an der Toilettebiischt. E Safe Space op annerhalwem Meterkaree Plättercher. Vläicht sollt d'Regierung direkt nach e Zen-Eck an d’Kabinne bauen, well anscheinend ass d'Toilette déi eenzeg Plaz, wou d’Land nach zur Rou kënnt an Energie optanke kann.

Kanner am Prisong? Keen Thema.

An iwwerdeems d’Gesellschaft sech iwwer e Splack an enger Toilettendier opreegt, gëtt et e Problem, deen zënter 20 Joer existéiert: D'Erzéiungsanstalt zu Dräibuer ass hoffnungslos iwwerfëllt. Kanner a Jugendlecher ginn dowéinst reegelméisseg an de Prisong fir Erwuessener agespaart. Amnesty International kritiséiert dat zanter Joren. Experte warnen. Déi Betraffe leiden. An d'Ëffentlechkeet? Seet näischt. Keng Petitioun. Keng 3.000 Ënnerschrëften. Net emol e rosene Lieserbréif.

Als Verfechter vun de Kannerrechter muss een ebe Prioritéiten setzen: Unisex-Toiletten – do ginn all rout Alarmluuchten un. Jugendlecher am Prisong – tjo, dat ass eben esou.

Dat ass de lëtzebuergesche Paradox: Mir verdeedegen d'Privatsphär op der Toilette mat juristescher Präzisioun – am Interêt vun de Kanner! – wärend mer gläichzäiteg akzeptéieren, datt Kanner a Jugendlecher a Prisongszelle sëtzen, déi fir Erwuessener geduecht sinn. Privatsphär, jo, op jidde Fall. Kannerrechter… jo, mee déi ginn dann an der nächster Legislaturperiod gekuckt.

D'Regierung wollt mat den Unisex-Toiletten modern optrieden, ass awer voll an d’Fettnäpfche getrëppelt. An d'Leit hunn endlech en Thema fonnt, dat se interesséiert an dat se verstinn. Toilette sinn einfach. Toilette si konkret. Toilette si sécher. Am Géigesaz zu Deindustrialiséierung, geopolitische Spannungen oder engem Sozialstaat, deen amgaang ass, d'Baach anzegoen.

Jidderengem säi Confortberäich

Et ass iergendwéi symptomatesch: Fir déi richteg Problemer feelt d’Kraaft an d'Wäitsiicht. Mee eng Toilette? Do erwächt d'Land, rifft no Demokratie a féiert sech op, wéi wann d’Zukunft vum Staat vun engem Splack an der Dier ofhänke géif.

Oder mir maachen et ganz einfach: Mir grënnen e Ministère fir Toilettenaffären. Mat engem eegene Staatssekretär, engem eegene Budget an enger Hotline fir national Toiletten-Urgencen.

An esou geet et virun: D'Krise stapele sech, mee d'Land diskutéiert weider iwwer Toiletten. Jidderee sicht sech säi Confortberäich.


Kommentar schreiben

Kommentare: 0