Artikel mit dem Tag "Kannerrechter Lëtzebuerg"



Toilettenalarm
Gestëppels / piques · 08. Februar 2026
Wéi d’Regierung matgedeelt huet, Unisex-Toiletten an ëffentleche Gebaier anzeféieren, war d’Land am Ausnamezoustand. Op eemol war et net méi wichteg, datt d’Welt brennt, d’Deindustrialiséierung voll amgaang ass, d’Aarmut rasant klëmmt, d’Aarbechtslosegkeet eropgeet, d’Regierung eis all Woch seet, mir misste "resilient" ginn, oder datt "de Russ" schonn am Houwalder Rond-Point lauert. Nee. Déi richteg Gefor ass: E gemeinsame Raum mat enger Toilette dran.