Mosaikbau ouni Steng
Iwwert de Lëtzebuerger Journalismus kann een sech ëmmer nees wonneren. Beim Tageblatt huet ee sech viru kuerzem d’Fro gestallt: Firwat net e Leitartikel iwwert eng Partei schreiwen, déi Lëtzebuerg fir Moskau ausspionéiert? Den eenzege Problem: et gi keng Beweiser.
Mécht näischt: Mir schreiwen den Artikel awer.

An esou gouf de 29. Mee 2026 en Editorial-Meeschterwierk gebuer, dat an d'Annalen vum Lëtzebuerger Journalismus ageet. Den Titel?
"Forscht die ADR Luxemburg für Moskau aus? Beweise gibt es nicht, Fragen aber schon."
Beweiser gëtt et keng, mee Froen, jo.
Den opmierksame Lieser freet sech natierlech direkt: Ass en Titel, deen am Ufank scho seng eege Thees ënnergrueft, als Stäerkt oder als Schwächt unzegesinn? Wann e Schrëftsteller e Krimi mam Titel "Den Täter war et, oder awer och vläicht net" erausbréngt, dann huet e warscheinlech e Problem, seng Erzielung glaubhaft eriwwerzebréngen.
Ma loosst eis konkret ginn: Wéi bal all zweete Politiker an Europa, hat och d’ADR d'lescht Joer eppes vu suspekten Drohneflich an der Géigend vum Findel, vun Energieinfrastrukturen a vu Regierungsgebaier héieren, an hat am Oktober 2025 dozou eng parlamentaresch Fro gestallt. Skandal! Oder wéi d'Tageblatt et gesäit: verdächteg. Well wee freet soss no Drohnen, wann net een, deen de Russen d'Informatioune weiderleede wëllt?
Da wier do nach de sougenannte Mosaikprinzip. Dat ass, wéi wann ee vill kleng onschëlleg Froen zesummesetzt an doraus e bedrolecht Gesamtbild bastelt. D'Tageblatt beschëllegt d'ADR indirekt, nom Mosaikprinzip ze spionéieren, fir dann am Saz drop ganz am Eescht ze erklären: "In Luxemburg ist bislang kein solches systematisches Muster erkennbar."
Exzellent. Da si mir eis jo eens. Schreiwt dat gär zweemol, fir sécher ze goen.
An da kënnt de Moment, wou een sech freet: Weess beim Tageblatt déi eng Hand, wat déi aner mécht – oder schreift? Den 28. Mee 2026, also genee een Dag virum grousse Spionage-Leitartikel, bericht nämlech déiselwecht Zeitung, datt den Ausseminister Xavier Bettel de fréiere Premierminister Jean-Claude Juncker als ideale Kandidat fir EU-Verhandlunge mat Russland gesäit. De Bettel erkläert, de Juncker hätt "Verbindungen sowohl zu Russland als auch zur Ukraine".
Verbindunge mat Russland! Aus dem Mond vum Ausseminister! Gelueft am Tageblatt! Een Dag virum Leitartikel, dee Russland-Verbindungen als suspekt ofstempelt!
Lo freet sech de Lieser natierlech: Wier dat net den ideale Moment gewiescht fir d'Redaktioun, sech kuerz ze froen: "Sinn eis zwee Artikelen net iergendwéi widderspréchlech?" Ma, anscheinend net.
Loosst eis d'Mosaikprinzip, dat mir grad vum Tageblatt erkläert kruten, kuerz upassen:
De Juncker ass Lëtzebuerger.✅
De Juncker hat Verbindunge mat Russland.✅
De Juncker war fréier Regierungschef a kennt all intern Strukturen.✅
D’Tageblatt nennt dës Verbindungen e "Virdeel".✅
Fuerscht de Juncker Lëtzebuerg fir Moskau aus? Beweiser gëtt et keng. Froen awer schonn.
Ob dem Kartheiser seng Rees op Moskau, seng Kontakter mat russeschen Deputéierten oder seng Invitatiounen un aner EU-Parlamentarier ubruecht oder problematesch sinn, dat iwwerloosse mer de Lieser*innen. Mir liewen zum Gléck an engem fräie Land, wou jiddereen d'Recht huet, dohin ze reese, wou e wëllt. A wa kee méi den Dialog mat där anerer Säit sicht, freet een sech: Wéi soll da jeemools eng diplomatesch Léisung am Ukrainkrich fonnt ginn?
De Kissinger war och net "pro-Moskau", wéi hien a Russland gereest war.
Mee zréck bei de Journalismus. Et ass och opfälleg, datt d'Tageblatt am Leitartikel vum 29. Mee den Kyiv Independent als Quell benotzt, wärend a sengem Artikel vum 7. Mee Politico zitéiert gëtt – fir déi nämlecht Story iwwert dem Kartheiser seng Rees op Moskau. Klengen Ënnerscheed, mee interessant fir d'Mosaikbild.
Well am Endeffekt ass de Mosaikprinzip jo eng schéi Saach: Huel vill kleng Stécker, setz se mat genuch Phantasie zesummen, ignoréier wat deng eege Kolleegen den Dag virdru geschriwwen hunn, an op eemol gesäis de e Bild.
E Bild, fir dat et kee Beweis gëtt. Mee eent, dat gutt op der Titelsäit ausgesäit.
D'Konscht läit doran, d'Stécker richteg erauszesichen.
D'Tageblatt weess dat.
Post-scriptum: Dës satiresch Analys kritiséiert ausschliisslech d'journalistescht Handwierk. Beweiser fir iergendeppes gëtt et net. Froen awer schonn.
Och interessant:




Kommentar schreiben