Rout Kaart fir Ethik a Moral, gréng Luucht fir d’Ignoranz
Et gi Momenter am Lëtzebuerger Fussball, déi Geschicht schreiwen – net wéinst de brillante Aktiounen um Terrain, mee well d'Drama ausserhalb vum Terrain méi grouss ass wéi dat um "hellege Wues". De Fall Gerson Rotzrigues ass genau sou e Moment: e virbestrooften Nationalspiller, eng Fussballsfederatioun, déi d'Aen zoumaacht, en Nationaltrainer, fir deen d'Goler méi ziele wéi d'Moral – an e Protest vu Fraen, deen net nëmmen ignoréiert, mee och nach gewaltsam ënnerdréckt gouf.
Wärend hallef Lëtzebuerg iwwer d'Nominatioun vum Gerson "Rotzrigues" skandaliséiert war, ass den Trainer Luc "Holzwee" stur bliwwen: Fussball ass keen Ethik-Seminar, mee de Kinnekssport – a jiddereen, dee Kritik ausübt, gehéiert op d'Ersatzbänk.
D'Pressefräiheet gouf sou flexibel interpretéiert wéi d'Spillregelen: Kritesch Journalisten? Ausgelueden. Fraen, déi protestéieren? Gebrache Fangeren amplaz en oppent Ouer. Den drëtten Dag nom Match huet d'FLF et dunn endlech fir néideg fonnt, sech ze entschëllegen, ma dës Entschëllegung war näischt anescht wéi wann e Spiller an der 90. Spillminutt ausgewiesselt gëtt – reng Symbolik ouni dass sech wierklech eppes ännert. D'Haaptsaach ass, d'Debatt gëtt nees séier vergiess.
Luxembourg Jungle huet sech déi wichteg Fro gestallt: Wéi rechtfertegt ee wéi de Luc Holzwee dat alles? En Exklusiv-Interview mat deem Mann, deem seng Entscheedunge méi Froen opwerfen wéi e vermasselten Eelefmeter.
Luxembourg Jungle: Häer Holzwee, wat sot Dier zu der Gewalt géint d’Fraen, déi un der Protestaktioun am Stadion deelgeholl hunn an zu der Gewalt géint Fraen am Allgemengen?
Luc Holzwee: Oh, lo gëtt nees alles vill ze dramatisch duergestallt. Wësst Der, Fussball ass nun mol ee Kontaktsport – dat gëllt och baussent dem Terrain!
Luxembourg Jungle: Awer d’Security-Leit hunn d'Frae gewaltsam dru gehënnert, hier Plakater ze weisen. Zwou Frae goufe souguer verletzt an eng huet missten wéinst engem gebrachene Fanger an d’Spidol!
Luc Holzwee: Sou wéi Dir et sot, kléngt et natierlich negativ. Awer ween op e Footballsmatch kënnt, dee weess, datt net all Auseranersetzung och tatsächlech no de Reegele vum “Fair Play” ofleeft. An iwwerhaapt: d’Fraen hätten einfach sollen doheem bleiwen! Loosse mer éierlech sinn - de Stadion ass keng Plaz fir Fraeposchen, Pastellfaarwen a sensibel Diskussiounen! Fréier war d'Welt nach an der Rei: d'Männer hu Fussball gespillt, d'Fraen hunn sech ëm déi wichteg Saachen am Liewen gekëmmert - wéi zum Beispill d'Gedrénks an der Halbzäit zervéiert. Firwat solle mer dës albewäerten Opdeelung vun de Rollen opginn? Ech mengen, wie këmmert sech dann ëm d'Kanner, wann d'Fraen op eemol ufänken, Protestplakater opzehänken?
Luxembourg Jungle: D’Protestplakater hate Slogane wéi "Dir schützt Täter, mir schützen eis", "FLF: Kompliz amplaz Konsequenz", "Schumm dech FLF", “FLF & Rotzrigues – Där gidd mär wéi en 11 Meter“, “FLF um Hol(t)zwee“, “FLF complice de violence“. Anscheinend huet ee vun äre Leit d’Plakat mam Sproch “Fir FLF: Rout Kaart“ mëssverstanen a “Fick FLF” gelies, wat d’Situation nach weider ugeheizt huet.
Luc Holzwee: Gutt, eis Jongen si Meeschter am Dribbelen – Buschtawen dogéint sinn net grad hir Spezialitéit. Liesen ass e bëssen ewéi en Eelefmeter: et kann ee probéieren, awer et klappt net ëmmer. A wann et dernieft geet, mécht een einfach weider, wéi wann näischt geschitt wier – genau wéi um Terrain!
Luxembourg Jungle: Wat sot Dir zu der Kritik vu verschiddene Politiker, déi der Meenung sinn, d’FLF hätt hir Virbildfunktioun mat Féiss getrëppelt?
Luc Holzwee: Mir kënnen dach net fir alles verantwortlech sinn. Mir sinn eng Fussballsfederatioun, keng Ethikkommissioun! Mir këmmeren eis ëm de Ball - wat baussent dem Terrain geschitt, geet eis näischt un. Ausser wann e Spiller am Prisong sëtzt a mir e mussen fir déi nächst Saison fräikréien.
Luxembourg Jungle: Firwat hutt Dir de Gerson Rotzrigues fir de Lännermatch géint Slowenien nominéiert, obwuel hie virun annerhallwem Mount am Appelprozess zu 18 Méint Prisong mat Sursis wéinst häuslecher Gewalt veruerteelt gouf? Wier et net besser gewiescht, wéi de Sportsminister Georges Mischo virgeschloen huet, de Spiller einfach eng Zäitchen ewechzeloossen - an da wier Gras iwwer déi Affär gewues? A wat haalt Dir vum Post vum Gerson Rotzrigues: "Only God can judge me"?
Luc Holzwee: Mir hunn eis et net einfach gemaach mat eiser Entscheedung. Mir hunn all relevant Krittäre gekuckt: Schéisstechnik, Fitness, Talent fir d'Ëffentlechkeet ze ignoréieren - an de Gerson huet sech an allen Disziplinnen exzellent geschloen! Déi ganz Affär ëm de Gerson Rotzrigues ass iwwerdriwwen - hien huet seng Strof kritt. Wann hie souwisou net am Prisong sëtzt, firwat soll hien da net fir eis lafen? Do gesäit een den Ënnerscheed tëscht de Politiker a Fussballstrainer: Déi eng spillen op Zäit, déi aner brauche Resultater a bleiwen um Ball. Mir kënnen eis et net leeschten, eis beschte Spiller op d’Ersatzbänk ze setzen, just well e puer Leit dobaussen sensibel sinn!
A wat säi Post ugeet, “Nëmme Gott kann iwwert mech urteelen” –do hu mir jo ee gutt Beispill. Wann den Häergott decidéiert, hie fir de Match ze nominéieren, dann ass et net u mir, mech do anzemëschen.
Luxembourg Jungle: Herr Holzwee, firwat hutt Dir de Journalist Julien Mollereau vum Quotidien vun Ärer Pressekonferenz ausgeschloss? Dat geet dach géint d’Pressefräiheet.
Luc Holzwee: Ech hunn eng Decisioun fir mech perséinlech geholl, dat huet elo absolut näischt domadder ze dinn, datt ech iergendengem Pressefräiheet oder wat och ëmmer geholl hunn. D'Pressefräiheet gëtt souwisou komplett iwwerbewäert! Wann ech decidéieren, datt e Journalist net an de Raum gehéiert, dann gehéiert en net an de Raum - basta! Ech sinn Nationaltrainer, keen Expert fir Mënscherechter. Ech hunn einfach decidéiert, datt ech mech net mat onbequeme Froen ronderemschloe wëll. Dat ass mäi Recht - genee wéi et mäi Recht ass, Spiller ze nominéieren, déi sech am Privatliewen e bësse méi ... soe mer, dynamesch verhalen.
An éierlech gesot - ech sinn dach hei de Leidtragenden. Als éischt ginn ech gefrot, firwat ech e verurteelte Spiller nominéieren, da ginn ech fir meng Auswiel kritiséiert, an elo soll ech mech mat Journalisten beschäftegen, déi Froen stellen, déi mech stéieren? Wou bleift d'Fairness fir mech? Ech muss mech op dat Weesentlecht konzentréieren - dat heescht, Spiller opzestellen, déi gutt Fussball spillen, och wann se méi Urteeler gesammelt hu wéi mir Punkten an der Qualifikatioun.
An iwwerhaapt - Fussball ass kee politeschen Debattéierclub! Pressefräiheet, Demokratie, moralesch Prinzipien – all dës komplizéiert Begrëffer hunn näischt um Footballsterrain verluer. Mir spille no eisen eegene Reegelen. Weem dat net passt, huet näischt bei eis verluer.
Luxembourg Jungle: Awer ass et net paradox, datt e verurteilte Spiller nominéiert gëtt, während e kritesche Journalist ausgeschloss gëtt?
Luc Holzwee: Vergläicht wannechgelift net Äppel mat Fussballsschong! De Gerson Rotzrigues kann op d'mannst Goaler schéissen - wat kann de Julien Mollereau? Ausserdeem muss ee Prioritéite setzen: E gudde Stiermer ass schwéier ze ersetzen, e kritesche Journalist... déi si wéi Onkraut, wat ëmmer nees nowiist! An ech sinn Nationaltrainer, kee Gäertner.
Awer eent versécheren ech Iech: Wa mir jeemools eng Equipe vun investigativen Reporteren zesummestellen, wäert ech natierlech déi bescht Kritiker nominéieren - soulaang se mir verspriechen, keng Froen ze stellen.
Luxembourg Jungle: Här Holzwee, d'FLF huet sech elo offiziell bei de Fraen, déi protestéiert hunn an aggresséiert goufen, entschëllegt. Heescht dat, datt Dir Är Positioun nei iwwerdenkt a kritesch Stëmmen an Zukunft zouloosst?
Luc Holzwee: Natierlech hu mir eis entschëllegt - well dat sech esou gehéiert. Dir kënnt eis Entschëllegung mat der Nospillzäit bei engem Match vergläichen - se ännert näischt um Resultat. Dir mengt dach net am Eescht, datt mir elo fräiwëlleg Protestplakater am Stadion erlaben?
An éierlech gesot: Déi wichtegst Reegel am Fussball ass, de Ball einfach weider ze spillen, egal wat virdru geschitt ass. A genau dat maache mir elo - weiderspillen an hoffen, datt d'Leit sech berouegen an sech iwwer eppes anescht opreegen.
Kommentar schreiben