Wéi ee Clip vu Luxembourg Jungle zu engem Fall fir d’Zensur gouf
Wéi bei bal all Artikel, hate mir och beim Text iwwert d'CO₂-Emissioune vun der Luxair e klenge Clip gemaach: 36 Sekonnen, mat engem Boeing, enger CO₂-Wollek, engem duerchgestrachene Klimalogo, an engem CEO am Kostüm, deen éierlech seet: "Mir léien net méi. De Logo ass fort. Mir fléien einfach. Fléie war nach ni sou éierlech." E bëssen handwierklecht Geschéck, e bësse Satir, e bëssen CO₂.
En Text fir nozedenken, oder fir ze schmunzelen. Mee dunn… Zensur.
YouTube huet eis matgedeelt, dass eise Clip a Russland a Wäissrussland gespaart gouf. De Grond: "Eng oder méi Reklamatiounen."
Fir d'éischt ware mer entsat, hun eis e Kaffi gemaach, hunn awer duerno d’Ironie genoss. Hei de Link op eisen Artikel mam Titel "Klimakiller Luxair- De grousse Bluff mat de Kompensatiounen ass elo verbueden". De verdächtege Video ass zu Lëtzebuerg net zenséiert. Ënnen op der Säit ass en nach eng Kéier an dësem Beitrag ze gesinn.
D’Fro vum Dag: Wien huet de Clip gekuckt?
Fir géint e Video ze reklaméieren, muss een e fir d'éischt gekuckt hunn. Fir e Satire-Clip iwwer d'Luxair ze zenséieren, muss een d'Luxair kennen. Fir sech un enger CO₂-Wollek ze stéieren, muss een eng Wollek erkennen.
Deemno: Merci fir d’Opmierksamkeet, Moskau. Merci fir d’Interessi, Minsk, och wann en net laang ugedauert huet.
Oder war et éieren d’Luxair selwer, déi reklaméiert huet, awer mat hirer Oppositioun just a Russland an a Wäissrussland op fruchtbare Buedem gefall ass?
36 Sekonnen, a Luxembourg Jungle ass op eemol geopolitesch relevant ginn.
Wat war dann esou geféierlech?
War et d’Wollek mat "CO₂" dran?
D'Indikatioun "Sponsored by EU-Zertifikater"?
D’Spriechblos vum Direkter, deen "éierlech" ass?
Oder war et einfach den Humor, deen net an all Regioun toleréiert gëtt?
Satir flitt, och wann se net iwwerall landen däerf.
Wann e Mini-Clip iwwer Pseudo-Klimakompensatiounen zenséiert gëtt, da wësse mer op d'mannst elo: Satir wierkt. CO₂ kennt keng Grenzen, mee d'Ironie an den Humor schonn.
Mir hate mat allméigleche Reaktioune gerechent, mee net, dass eise Video jeemools international verbuede géif ginn. Dat motivéiert eis.
Satir flitt, och wann se net iwwerall landen däerf.
Hei nach eng Kéier de Clip, deen a verschiddene Regioune vun der Welt verbuede gouf.
Och interessant:






Kommentar schreiben