· 

Panik am Land

E Migrant op der Sich no Rou

Ech hunn d’Gefill, datt ech an dësem Land ëmmer manner erwënscht sinn an ëmmer méi ënner Generalverdacht gestalt ginn. Egal wou ech higinn, kucken d’Leit mech schif un, sou wéi wann se mer net fir fënnef Su géifen trauen. Ech spieren hir Blécker am Genéck, hunn d’Gefill, se géifen am léifste op mech lassgoen.

Fotomontage: E Wollef hält eng Zeitung mat der Iwwerschrëft „Wollef – de Seriekiller. Enquête leeft.“ a kuckt direkt an d’Kamera.
▲ De Wollef liest seng eege Schlagzeilen.

Okay, ech hu kee feste Wunnsëtz, kee feste Beruff, an och keen, deen d'Hand iwwert mech hält. Ma, fir d'éischt lackelt d'EU mech mat hirer "Libre circulation" a mat hire grousse Verspriechen iwwert hir "Willkommenskultur" an d'Land, fir mech kuerz drop op d'Ofschosslëscht ze setzen. Vun der rouder op déi schwaarz Lëscht. 

Dobei sinn ech just nëmmen ënnerwee, ouni kriminell Absiichten, ouni Plang an ouni politesch Ambitiounen. Ech wëll einfach nëmmen duerch d’Géigend zéien, frësch Loft ootmen. Mol duerch de Bësch, mol iwwert eng Wiss oder e Feld goen. Mee et nervt mech, datt, egal wou ech optauche, Fotoe vu mir gemaach ginn, déi duerno an all Éisleker WhatsApp-Grupp zirkuléieren. Schlëmmstefall gëtt souguer vu mir an der Zeitung bericht - mat Foto, selbstverständlech.

Hei am Land hunn ech et wierklech net einfach. Hei gëtt een observéiert, analyséiert, kommentéiert an – wann et ganz schlecht leeft – direkt an enger RTL-Push-Noricht ernimmt.

D’lescht Woch hunn ech just e klenge Spadséiergang gemaach, du gouf ech schonn nees an de Medien ernimmt. Et kënnt mer heiansdo vir, wéi wann ech eng Aart Promi-Liewen féiere géif, just ouni d’Promi-Virdeeler. Ech kréien keng Invitatiounen op Vernissagen, just Virwërf.

Vrun e puer Deeg war et nees esou wäit: véier Kaalwer zu Brotebaach gerappt, heescht et. An direkt gëtt mam Fanger op mech gewisen. Dobei  war ech guer net an där Géigend, mee dat spillt keng Roll. Ech hunn net emol e Smartphone, fir mäin Alibi ze beweisen. Ech kann net emol ee Selfie maachen, fir ze weisen, datt ech zu där Zäit an de belschen Ardennen ënnerwee war. Technesch gesinn, liewen ech nach ëmmer am analogen Zäitalter, an dat gëtt mir elo zum Verhängnis.

D’Naturverwaltung mécht elo DNA-Analysen. Ech hoffen, si fannen net déi Nuesvoll Gras, dat ech erausgenéitscht hunn. Ech hunn nämlech eng liicht Allergie géint Hee, mee dat steet natierlech an kengem Rapport. Awer d’Baueren aus der Géigend sinn sech schonn eens: "Dat war erëm deen.“ 

Wëssen déi net, datt och ech Rechter hunn. D'Présomption d’innocence, zum Beispill. Et gëlt een soulaang als onschëlleg, bis de Géigendeel bewisen ass. Et ass ee vun de Grondprinzipien vum Rechtsstaat.

Mee dat gëllt hei anscheinend net fir jiddereen, a scho guer net fir Déieren, déi an de Medien an engem schlechte Liicht stinn.

Ech erënnere mech nach gutt un 2020, wéi am Raum Dikrech véier Schof gerappt goufen, an ech direkt als Täter beschëllegt gouf. Ech war deemools net emol am Land. Ech war a Quarantän, wéi jiddereen. Um Enn huet d’ANF misse kleng bäiginn, an si huet zouginn, datt et Hënn waren, déi d'Schof gerass haten. Hënn! Déi gi mat allem duerch. Mee déi kréie kee Pressecommuniqué. Wann ech dat gemaach hätt, géif haut nach driwwer geschwat ginn.

Éierlech gesot - ech sinn es midd. Ech si vu Natur aus schei, si roueg, an diskret, maache kee Kaméidi, sinn net emol aggressiv. Wann ech e Mënsch gesinn, maachen ech e grousse Bou ëm en. Ech sinn e bësse wéi en Tourist op der Duerchrees, just ouni Sandalen. Ech wëll kee Stress, keen Drama, kee Medierummel, wëll mech just fräi beweegen. Ech sinn e Migrant op der Sich no Rou. An ech si beileiwe kee Seriekiller. Mee hei am Land ass et net evident, de Leit dat eriwwer ze bréngen. Hei gëtt een direkt ongefrot an en Eck gedréckt, ouni d'Méiglechkeet ze hunn, sech ze wieren.

Ech sinn de Wollef. Jo. Dee Wollef. Deen, deen ëmmer schëlleg ass, éier d’DNA-Analys iwwerhaapt an d’Maschinn kënnt. Deen, deen an de Medien méi Optrëtter huet wéi e Lokalpolitiker am Wahlkampf. Deen, deen ëmmer erëm muss erklären, datt en net hannert all Attack stécht, just well en e schlechte Ruff huet.

Anscheinend brauchen d'Leit mech, fir sech opzereegen. Ech sinn hirt Monster, hir Zilscheif, hirt Top-Thema an de Norichten.

Ech maache mech elo nees op de Wee, mee ech ginn net fort. Ech bleiwen. Och ech hunn e Recht op frësch Loft, op Rou, op eng Wiss ouni ënner stänneger Beobachtung ze sinn.

Ech sinn de Wollef. An ech sinn ëmmer schëlleg. Mee ech bleiwen.

De Michel Rodange huet et schonn 1872 a sengem "Renert" geschriwwen:

Geschwënn du koum bei d’Scheier

Eng Nopesch an der Fréi;

Se féing gär un hiert Feier,

A sicht e Gräppche Stréi.

 

An déi gesäit de Wollef:

,O, Marja Jousebett!

Am Stall de Wollef ‘, jäizt se;

,Erbäi, erbäi, Dir Lett!‘

 

De Koster mengt, ’t wär Feier

A leeft an d’Klackenhaus,

A wupp! aus alle Better

Spréngt d’Noperschaaft eraus.

 

Den Hanes kënnt am Hiemsläpp

An d’Kätt an enger Schlapp,

De Välten huet de Bok op

An d’Liss säin Hutt om Kapp.

 

An d’Jongen aus dem Wiertshaus,
Se lafen all erbei;

Den Hännes këmmt mam Strécher,

De Wenzel mat der Gei.

Ech froe mech: huet sech wierklech eppes geännert?

Isegrem

Kommentar schreiben

Kommentare: 0