· 

Nazipropaganda um Séi zu Wäiswampech

Wou d’Stickere méi gëfteg sinn wéi d’Waasser

Fir hir Ideologie ze verbreeden, brauchen Neonazien haut keen Hakekräiz méi ze sprayen – ë Sticker mam “richtege“ Message mécht den Déngscht och.

"If the news is fake – Imagine how bad History is" an "Europa: The Last Battle", steet am Fettdrock um Autocollant. Dëst si Sloganen aus dem Repertoire vun der extrem-rietser Propaganda. Bekennerorganisatioun: White Lives Matter, mat engem Link op en entspriechenden Telegram-Kanal.

De Message ass kloer: mam bekannte Sproch “If the news is fake – Imagine how bad History is” ginn d’Medien delegitiméiert an d’Geschicht a Fro gestalt, eng ideologesch Strategie, déi hei um Network State Blog analyséiert gëtt.

Europa: The Last Battle” ass eng Videoserie an 10 Deeler, mat där faschistesch Propaganda verbreet gëtt. An de Filmer, déi sech als Dokumentatioune verkleeden, gëtt den Holocaust relativéiert, den Hitler als Held glorifizéiert, a virun enger jiddescher Weltverschwörung gewarnt. Eng detailléiert Analyse vun der Serie fënnt een hei op Wikipedia.

De Link um Sticker verlagert d’Wourecht op Telegram – eng Plattform, wou Verschwörungstheorien an Hetz net just toleréiert, mee aktiv verbreet ginn.

Dëse Neonazi-Sticker ass net just eng Provokatioun. En ass eng ideologesch Präsenzmarkéierung. Wéi en Hond, dee säi Revier markéiert, setzt d'Beweegung White Lifes Matter hier ideologesch Doftmarken – mam Sticker als ideologesche Pipi. D’Geschicht gëtt verfälscht, d'Erënnerung vergëft, an d'Demokratie als Firlefanz duergestallt.

De Sticker promouvéiert eng "alternativ Geschicht“ – ma d’Wourecht ass net alternativ. Si ass dokumentéiert, archivéiert, an de Griewer vun de Judden, Roma, Sinti, Homosexuellen, sougenannten "Asozialen“, russesche Krichsgefaangenen, Regimekritiker, an all deenen, déi vun der Rassendoktrin als “mannerwäerteg” klasséiert goufen.

White Lives Matter“ ass eng rassistesch Beweegung, déi 2021 als Géigereaktioun zu Black Lives Matter an den USA entstanen a bis an Europa eriwwergeschwappt ass. Ziel ass et, déi “wäiss Identitéit“ ze glorifizéieren an sech fir “wäiss Ethnostaaten“ staark ze maachen. Eng kritesch Hannergrondanalys fënnt ee bei der Anti-Defamation League.

Firwat zu Wäiswampech?

Datt esou e Sticker am ländleche Raum opgepecht gëtt – nach dobäi an engem Fräizäit-Areal – ass eng typesch Strategie vun extrem-rietse Gruppen:

  • Niddereg Visibilitéit fir d’Autoritéiten
  • Gezielte symboleschen Akt: "Mir sinn iwwerall
  • Rekrutéierung duerch Provokatioun

Et ass also net just “eng domm Provokatioun”, mee eng gezielt ideologesch Präsenzmarkéierung.

Schlëmmer wéi Bloalgen: Wann en Nazi-Sticker d’Géigend versaut.

De Séi brauch weder Hetz nach Gëft – weder am Waasser nach op de Masten.

▲ Facebook-Post vum 23. September 2025.
▲ Facebook-Post vum 23. September 2025.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0